Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Los Colinas 4514: E Lëtzebuerger mat kubaneschem Akzent
Kultur Neiegkeeten Sport

Los Colinas 4514: E Lëtzebuerger mat kubaneschem Akzent

Mam Los Colinas vu La Punta, gëtt et op dësem

An dunn huet et „Bumm“ gemaach
Kultur Neiegkeeten Sport

An dunn huet et „Bumm“ gemaach

Viru gutt zéng Deeg hat de Kim Jong-Un der südkoreanescher

Totenhopfen: Laut der Etikett en „Lux Ale Original“ – Ass datt eppes Gutts?
Kultur Neiegkeeten Sport

Totenhopfen: Laut der Etikett en „Lux Ale Original“ – Ass datt eppes Gutts?

Wann ee berécksiichtegt, datt e „Craft Beer“, also een op

Sk8ing Girls: si loossen et zu Schëffleng rullen!

E Samschdeg den 20. Oktober am Skatepark zu Schëffleng

Sk8ing Girls: si loossen et zu Schëffleng rullen!

Am Kader vum „Internationalen Daach vun de Meedercher“ organiséieren d‘Gemengen Esch Uelzecht a Schëffleng, an Zesummenaarbecht mat de Jugendhaiser vun Esch, Schëffleng, Rëmeleng an Déifferdeng e grousse „Skater-Dag“ am Skatepark zu Schëffleng.

Et soll e Dag sinn, wou sech, egal op jonk Dam oder dynamesch Knetzel, all Meedchen invitéiert gëtt, sech um Skateboard ze versichen. D‘Iddi mécht Sënn, well, zumindest hei an Land, d‘Meedercher an dësem Beräich nach ënnerrepresentéiert sinn, an een dat gäre wéilt änneren.

Ännerunge loossen sech am beschte mat eppes Promotioun, an Formatioun erbäiféieren. Zudeem passt dës Initiative ganz gutt an d‘Politik vun den Organisateuren, déi sech ganz engagéiert géint all Form vun Diskriminatioun asetzen, a sech de Stereotyppe verwieren.

Deck cool! Um Programm stinn nieft „Skating-Demoen“ nach eng helle Wull un Atelieren: graffen, upcyklen, Gestaltung an Ëmgang mam Skate- oder Longboard. Häerz wat begiertst de méi? Also wann dech esou ee „Briet ma véier Riedercher“ unzitt, kënns de eigentlech derlaanscht, oder?

Hale mir dann nach fest, datt och wann et den Dag vun de Meedercher ass, un dësen Aktivitéiten och d‘Jongen dierfen deelhuelen. Et ass zudeem egal op een nach ni op esou engem „Briet“ stoung, oder schonn eppes Erfarung matbréngt. Zil ass zesummen eppes ze erliewen a Spaass ze hunn.

Ah jo, ass jo och net grad onwichteg: Et gëtt lecker ze baffen an ze drénken! Deel huele kascht zudeem kee Wak, an umelle muss een sech och net. De Skatepark ass déck einfach mam Zuch oder dem Bus ze erreechen, an ee klénge Villchen huet eis zougedroen, datt et mega gutt Wieder gëtt.

Matgedeelt vun de Gemenge Schëffleng an Esch Uelzecht

Ähnlech Sujeten Déifferdeng, Esch-Uelzecht, Internationalen Dag vun de Meedercher, Rëmeleng, Schëffleng, Skateboard, Skatepark
Nächsten Artikel Virrechten Artikel