Search

You may also like

Éisträich wielt „schwaarz-brong“
Neiegkeeten

Éisträich wielt „schwaarz-brong“

Den äerzkonservative Chrëschtdemokrat vun 31 Joer, Sebastian Kurz huet d‘Parlamentswahlen

De KINNEKSBOND geet an déi nei Saison: Wat gëtt gebueden?
Neiegkeeten

De KINNEKSBOND geet an déi nei Saison: Wat gëtt gebueden?

Beim Kinneksbond, Centre Culturel Mamer steet eng nei Saison un,

Nordkorea: Net blannemännerches an de Krich lafen
Neiegkeeten

Nordkorea: Net blannemännerches an de Krich lafen

Den UN-Generalsekretär António Guterres huet um Donneschdeg virum Risiko gewarnt,

Skills United: Iwwert sech eraus wuessen an Talent beweisen!

Skills United: Iwwert sech eraus wuessen an Talent beweisen!

Gëschter hunn den Educatiounsminister Claude Meisch an de President vu Worldskills Luxembourg Asbl Gil Belling déi nei Campagne mam Numm Skills United lancéiert. Zil ass et ee positiivt Bild vun der professioneller Formatioun ze schafen, wärend déi Jonk och dozou ermuddegt ginn, un hir Talenter ze gleewen a sech weider ze Entwéckelen, fir esou déi perséinlech bescht Resultater ze erreechen.

Donieft soll bei jonke Leit och d’Motivatioun entstoen sech bei nationalen an internationale Competitiounen ze miessen, seng Beschtleeschtung ze ginn, nei Coachen aus dem schouleschen a professionelle Secteur unzezéien an souguer duerch ee Partner (Schoul, Entreprise) déi néideg Ressourcen zur Verfügung gestallt ze kréien, fir weiderhin u Concoursen deelzehuelen.

Heibäi bidden d’Competitiounen um héijen Niveau – dorënner LuxSkills, EuroSkills an WorldSkills – déi ideal Plattform fir d’Wëssen an d’Kënne vun eise Lëtzebuerger Talenter no Baussen ze droen. Mee och fir Representanten an Entreprisë mat qualifizéiertem an begaabtem Personal sinn dës Evenementer déi gëeegent Plaz fir sech virzestellen.

SkillsUnited

„D’Méiglechkeet sech mat de Beschten aus all Beräich ze miessen dréit dozou bäi d’Motivatioun vun de Jonken ze fërderen an encouragéiert si sech selwer ze iwwertreffen an Exzellenz ze erreechen“, sou de Minister Claude Meisch. Donieft wier d’Participatioun vu Lëtzebuerg bei den nationalen an internationale Competitioun een Zeeche fir eis héichwäerteg professionell Formatiounen.

Duerch d’Modernisatioun an Innovatioun erweist sech d’Formatioun zu Lëtzebuerg mëttlerweil als Bäitrag op reell Beruffsaussiichten. D’Offer gëtt dauernd ugepasst an d’Ausbildung äntwert op d’Erausfuerderunge vun haut a muer. Schliisslech änneren d’Ufuerderunge vun de Professiounen dauernd, anerer entstinn eréischt, Verschiddener gi mat der technologescher Evolutioun.

D’Campagne wëll duerch verschidde Mëttel op sech opmierksam maachen: Affichen an Depliante ginn an de Lycéeën a Firmen ausgedeelt, d’Medie verëffentlechen se an och een extraen Internetsite www.skillsunited.lu ass am Mee 2019 online gaangen. Dës Säit déngt iwwregens och als Plattform fir de Rekrutement an Inscriptioune vu Kandidaten, Experten a Partner, déi am kommende Joer un der 10. Editioun vu LuxSkills, EuroSkills a WorldSkills deelhuele wëllen.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Gil Belling, President vu Worldskills Luxembourg Asbl; Claude Meisch, Minister vun der nationaler Educatioun, Kanner a Jugend © MENEJ

Related topics Claude Meisch, Formatioun, Gil Belling, Skills United, Talent, Worldskills Luxembourg Asbl
Next post Previous post