Search

You may also like

déi gréng: „A gudde wéi a schlechten Zäiten…“
Kultur Neiegkeeten

déi gréng: „A gudde wéi a schlechten Zäiten…“

Et gëtt ëmmer emol Héichten an Déiften am Liewen an

Wou d‘Unioun u seng Grenze stéisst
Kultur Neiegkeeten

Wou d‘Unioun u seng Grenze stéisst

An der Nout erkennt ee seng Frënn, heescht et a

natur&ëmwelt: Diplomiwwerreechung fir d’Formatioun Nature
Kultur Neiegkeeten

natur&ëmwelt: Diplomiwwerreechung fir d’Formatioun Nature

Um 26. Februar huet d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg am Haus vun

SKIN WALKER: E Psycho-Thriller, deen ënnert d’Haut geet!

SKIN WALKER: E Psycho-Thriller, deen ënnert d’Haut geet!

D’Vergaangenheet deet nach ëmmer wéi, an awer probéiert d’Régine, gespillt vum Amber Anderson, sech eng glécklech kleng Famill zesummenzestellen. Datt iergendeppes net stëmmt, gëtt engem beim Film Skin Walker awer scho bei den éischten Otemzich am Club, konfrontéiert mat der rouder Beliichtung, bewosst.

Hatt wollt viru sengem Trauma flüchten, mee mam Besuch vun engem Friemen, gëtt d’Régine quasi gezwongen zu senge Wuerzelen zeréckzegoen. Nodeems d’Groussmamm nämlech brutal ëmbruecht ginn ass, muss hatt zeréck bei säi Papp Claus, gespillt vum Udo Kier, an an dat Haus, wou hatt opgewuess ass an d’Geeschter vun der Vergaangenheet just dorop waarden, hatt ze steieren.

Skin Walker

Aus enger Affär eraus ass nämlech dem Régine säi Brudder Isaac entstanen. Als klengt Kand huet hat misse materliewen, wéi d’Mamm dat deforméiert Kand doheem op d’Welt bruecht huet. Iwwerall war Blutt, d’Virfreed op den Neizouwuess war geréng. A scho kuerz no der Gebuert soll de Brudder gestuerwe sinn. D’Mamm huet dëse Verloscht net verkraaft a gouf mat enger Neurose ageliwwert.

D’Wiermt an d’Léift, déi d’Régine zënterhier ni vu sengen Elteren erliewen duerft, wollt hatt sech als erwuesse Fra bei sengem Partner sichen. Dëst Gléck ass awer wuel net fir hatt bestëmmt.

De Film vum Christian Neuman, ee Lëtzebuerger, dee mat Skin Walker säin éischte Spillfilm erausbruecht huet, gëtt dem Spectateur de ganze Film iwwer en immens eeklecht Gefill. Mat klenge Gesten, donkele Faarwen, schriller Musek an düsteren Erkenntnissen mécht de Psycho-Thriller et méiglech, datt ee selwer d’Leed vum Régine spiert.

Mee schonn no kuerzer Zäit freet ee sech, wien am Familljendrama Recht huet. Ass d’Protagonistin geckeg oder sinn et déi aner? Ass de Brudder wierklech dout? Wat verheemlecht de Papp an déi fréier Affär vun der Mamm? A wéi konnt et iwwerhaapt zu dësem zerbrachene Liewe kommen?

Skin Walker

E bëssen Hannergrond zu Skin Walker

De Lëtzebuerger Regisseur Christian Neuman huet zu London d’Konscht- a Kinowelt studéiert. Zuelräich artistesch Projeten, sou wéi Kuerzfilmer huet hien kreéiert, woubäi bemol och d’Schizophrenie an d’Paranoia Thema gi sinn. Nodeems him dës Eegenschaft an engem fréiere Wierk besonnesch zougesot huet, wollt de Christian Neuman psychesch Stéierungen nach emol opgräifen.

Bei Skin Walker ass et säin Zil, datt de Public mam Régine verschmëlzt, seng Péng spiert a genee esou hin an hir gerappt gëtt, wéi déi jonk zerbriechlech Fra. Ma, dat huet de Lëtzebuerger op alle Fall hikritt, an den Numm Skin Walker passt wéi d’Fauscht op d’A. De Film geet ënnert d’Haut, op eng grujeleg Manéier, an dat eeklegt ageenkt Gefill leeft erop an erof duerch de ganze Kierper.

Mam Amber Anderson huet hie sech eng ongewéinlech Schauspillerin erausgesicht. Si selwer kuckt ni Horrorfilmer, wollt sech awer mat dëser Aarbecht selwer iwwertreffen. Mat der Zäit ass d’Régine net nëmmen zu senger Roll, mee och zu engem Mënsch ginn, deen hatt gutt ze kenne mengt – e Mënsch, dee sech dobäi net vill aus Dialogen, mee éischter aus Flashbacks, Gedanken an den entspriechenden Expressiounen zesummesetzt. Fir d’Actrice war et wichteg, d’Wouerecht aus der Siicht vum Régine oprecht ze erhalen.

Zesumme mat der däitschter Schauspillgréisst Udo Kier, konnt déi kal Grondstëmmung vermëttelt ginn. Virun allem seng äiseg Aen a säi rouegt, deelweis awer och aggressiivt Verhalen, ronnen de Film perfekt of.

Skin Walker

E Stéck Lëtzebuerg

Net nëmmen de Regisseur Christian Neuman ass fir de Lëtzebuerger Undeel verantwortlech. Ënnert anerem hunn national Schauspiller, wéi d’Sophie Mousel, d’Sarah Lamesch oder de Luc Schiltz matgewierkt. An och gedréit gouf vill am Groussherzogtum: Ze gesinn ass beispillsweis d’Fabrick vun Arcelor-Mittal zu Schëffleng, de Sang a Klang, d’Kolpecher Schlass oder och d’Meesebuerger Schlass.

D’Lëtzebuerger Koproduktioun ass entstanen duerch Calach Films (Lëtzebuerg) a Caviar Films (Belsch), gouf dobäi ënnerstëtzt vum Lëtzebuerger Film Fong.

Ma, Calach Films an Tarantula Distribution freeë sech schonn op de Kino-Start vu Skin Walker ab dem 14. Oktober 2020!

Related topics Amber Anderson, Calach Films, Christian Neuman, Héngerhaut, Lëtzebuerger Film Fong, Paranoia, Psycho-Thriller, Schizophrenie, Skin Walker, Tarantula Distributions, Udo Kier
Next post Previous post