Search

You may also like

What the Fakt – de weltwäiten Dag vum Wal
International Neiegkeeten

What the Fakt – de weltwäiten Dag vum Wal

Scho säit 1980 gëtt traditionell um haitegen Dag de Wal

KUK – Déi nei Plattform vun Artisten fir Artisten
International Neiegkeeten

KUK – Déi nei Plattform vun Artisten fir Artisten

Kultur, ganz ouni Entréesbilljee an dat vun doheem aus? Méiglech

Krus de mat? De Wochequiz (Woch vum 11.12.)
International Neiegkeeten

Krus de mat? De Wochequiz (Woch vum 11.12.)

[onionbuzz quiz-id=83][/onionbuzz] Eng weider Woch ass ëm! An dat heescht,

Verschleeft, geschloe, verkaaft: Sklaverei a Libyen e Geschäft dat leeft

Verschleeft, geschloe, verkaaft: Sklaverei a Libyen e Geschäft dat leeft

Um Méindegowend huet de Mahamadou Issoufou, President vum Niger, dat internationaalt Strofgeriicht (ICC) opgefuerdert sech „em den Dossier Libyen“ ze këmmeren, dat am Zesummenhang mam „verkaf vun afrikanesche Migranten“ als Sklaven.

„Sklaverei ass e Verbrieche géint d‘Mënschheet an ech notzen d‘Geleeënheet fir dat internationaalt Strofgeriicht unzeruffen, fir datt sich sech dësem Dossier unhëlt“, esou d‘Deklaratioun vum President Issoufou am nationale Radio. Hie war invitéiert ginn, no sengem Retour vu Bonn, wou hien un der Weltklimakonferenz COP23 deel geholl hat.

De Mahamadou Issoufou huet op e neits dës schänterlech Praxis veruerteelt a verséchert, datt säi Land „dës Situatioun ganz eescht hëlt“ a sech engagéiert „säi Bäitrag ze leeschte fir deem en Enn ze setzen“.

Mir hunn net méi d‘Recht ze maache wéi wa mir näischt géife gesinn, mir hunn net méi d‘Recht de Bléck ofzewennen, mir hunn d‘Flicht eis den Ursaache vun dëser Tragedie unzehuelen an ze bekämpfen.

Mahamadou Issoufou, President vum Niger

De President aus dem Niger hat sech scho leschten Donneschdeg iwwert „d‘Stee“ vu Migranten a Libyen fierchterlech opgereegt a gefuerdert, datt de Sujet op d‘Dagesuerdnung vum Sommet tëscht der Afrikanescher Unioun (AU) an der Europäescher Unioun (EU) zu Abdijan den 29. a 30. November gesat soll ginn.

An dësem Sënn ass dann och de libeschen Ambassadeur zu Niamey vun den nigereschen Autoritéiten abestallt ginn. Hie wäert do d‘Sicht vum President erkläert kréien. Den Ausseminister vum Niger, Ibrahim Yacoubou huet op sengem Twitter-Account matgedeelt dem libeschen Diplomat kloer gemaach ze hunn, datt „alles muss ënnerholl ginn deem Handel en Enn ze bereeden“.

D‘Libyer geschockt

„Mir Libyer si genau esou geschockt wéi dir. Mir hunn net genuch Wieder fir esou Virgäng ze qualifizéieren“, huet de libeschen Ambassadeur am Niger, Abdoullah Ali Beshir, an engem Interview engem Privatsender zu Niamey matgedeelt.

De libeschen Diplomat huet „kriminell Reseauen, déi keng Relioun, keng Faarf, keng Nationalitéiten hunn, beschëllegt d‘Auteure vum „Verkaf“ ze sinn. Verschidden ONGen aus dem Niger hunn och d‘Virfäll am Nopeschstaat veruerteelt.

Dëse Mënschenhandel huet fir Experten säin Ursprong awer schonn zu Agadez, gréisste Stad am Norde vum Niger an „Entréesdier“ fir de Sahara. Et ass d‘Dréikräiz vum Trafic vun de Mënschen déi via Libyen a Richtung Europa ënnerwee sinn. Wien hei engem „Passeur“ seng Séil verkaf huet riskéiert a Libyen säi Kierper verkaf ze kréien.

Méi Streng Gesetzer a Kontrollen op de Grenzen, och mat Ënnerstëtzung vun der EU, hale keen dovunner of säi Gléck ze versichen, ze grouss ass d‘Aarmut, ze onsiichtbar sinn d‘Perspektiven.

E Méindeg ass e Grupp vu 25 Migranten aus Eritrea, Ethiopien an dem Sudan, déi a Libyen an enger ganz mësslecher Lag verfaange ware vun der UNO evakuéiert ginn a via Niamey no Frankräich weidergeleet ginn. Dat huet och den OFPRA zu Paräis bestätegt.

mat AFP

Foto: Schonn um Samschdeg hat et zu Paräis eng „Demo“ géint d‘Sklaverei a Libyen ginn. Déi war verhältnesméisseg onbuecht bliwwen. © Geoffroy van der Hasselt/AFP

Related topics Lybien, Niger, Sklaverei, UNO
Next post Previous post