Search

You may also like

Den ACL begréisst säin 180.000 Member
International Neiegkeeten

Den ACL begréisst säin 180.000 Member

Gutt Stëmmung beim Automobilclub Lëtzebuerg op der Helfenterbréck. Net nëmmen

Nom Sommet vu Singapur: Entspanung op der koreanescher Hallefinsel
International Neiegkeeten

Nom Sommet vu Singapur: Entspanung op der koreanescher Hallefinsel

Den Donald Trump huet beim Sommet zu Singapur, eng Invitatioun

Zeienopruff: Illegal Offallentsuergung an Iwwerfall zu Miersch
International Neiegkeeten

Zeienopruff: Illegal Offallentsuergung an Iwwerfall zu Miersch

D’Beamte vun der Police sinn an zwee Fäll op der

Dossier Skripal: den ex-Spioun hat schonn doheem Kontakt mam Nervegëft

Dossier Skripal: den ex-Spioun hat schonn doheem Kontakt mam Nervegëft

An der Enquête ëm den Uschlag, mat engem neurotoxeschen „Agent“, op de fréieren Duebelagent Sergueï Skripal an seng Duechter, gëtt et nei Informatiounen. Laut der britescher Police, déi unhëlt, datt se nach Méint ka brauche fir de Fall ze léisen, hätten d‘Affer doheem de éischte Kontakt gehat.

„D‘Experten hu festgestallt, datt déi héchste Konzentratioun vum neurotoxeschen Agent, sech op der Entréesdier vun dëser Wunneng fonnt huet“, esou d‘Police an engem Communiqué. „Spuere vum Nervegëft sinn och op anere Plaze fonnt ginn, op deenen d‘Enquêteuren déi lescht Woche geschafft hunn. Dat awer an enger vill méi gerénger Konzentratioun“, preziséiert den Dean Haydon.

Erkenntnisser, déi un de Beschëllegunge géintiwwer Moskau näischt änneren. Esou bleift dann d‘Behaaptung, datt et ee vum Kreml kommandéierte Mord muss gewiescht sinn, am Raum stoen. A während Russland u senger Onschold festhält, gi weltwäit russesch Diplomaten ausgewisen.

D‘USA hunn direkt 60 russesch Diplomat aus dem Land gewisen. Et wier déi gréissten Ausweisung vu „russesche Spiounen“ an der amerikanescher Geschicht. Alles an allem si bis ewell iwwer 140 Diplomaten aus Europa, Nordamerika, Australien an der Ukrain verwise ginn. Och siwe Membere vun der russescher Missioun bei der NATO zu Bréissel, mussen d‘Wallisse paken.

„Et gëtt een däitleche Message u Russland geschéckt: geféierlecht an onverantwortlecht Behuelen huet e Präis a Konsequenzen“, erkläert de Jens Stoltenberg, NATO-Generalsekretär. Et ass ee bei der NATO also iwwerzeegt, och ouni Beweiser, datt Moskau d‘Dot ze veräntwerten huet.

Se sinn allerdéngs bei der NATO net alleguerten iwwerzeegt. Esou d‘Tierkei, déi (zueleméisseg) zweet gréissten Arméi vun der Allianz. Ankara gesäit net an, firwat op der Grondlag vun enger Ënnerstellung sollte Mesure géint Russland geholl ginn. Béid Länner stinn sech dann och eppes méi no, während d‘Relatioun Tierkei-Europa éischter „duerchwuess“ ass.

Gedold muss een hunn

Am Dossier Skripal haten d‘Enquêteure schonn d‘Bänk „versigelt“ op där béid Affer opfonnt goufen. Déi selwecht Prozedur huet et mat engem Pub an engem Restaurant ginn, wou sech de Papp mat senger Duechter opgehalen haten. Och d‘Graf vum Skripal senger Fra ass ënnersicht ginn.

Un der Enquête bedeelegen sech eng 250 Spezialisten, et goufe knapp 500 Zeien identifizéiert a Poliziste kucken sech iwwer 5.000 Stonnen „Videoiwwerwaachung“ un. E groussen Opwand, fir en Dossier an deem – op politeschem Niveau – de Schëllege feststeet. Säitens de Verantwortleche vun der Police, déi sech mat Fall befaassen, dierft d‘Enquête Méint daueren.

„Wien am Quartier vun de Skripal wunnt, kann domatter rechne Polizisten ze gesinn, déi no weidere Spuere sicht. Op dëser Plaz wëll ech awer drop hiweisen, datt d‘Risike ganz minim sinn, an d‘Recherche eng Sécherheetsmoossnam ass“, erkläert den Dean Haydon, vun der Police.

D‘Affer, de Sergueï Skripal (66) a seng Duechter Ioulia (33) leien nach ëmmer am Koma. De britesche Staatssekretär am Ausseministère, Alan Duncan: „Hiren Zoustand schéngt sech net ze verbesseren“. En Donneschdeg huet e Riichter bekannt ginn, eng Bluttprouf autoriséiert ze hunn, fir se vun der Organisatioun fir de Verbuet vu chemesche Waffen (OPWC) analyséieren ze loossen.

Vertrieder vun der OPWC si schonn den 20. Mäerz a Groussbritannien ukomm, wou se sech mat den Experte vum Militär-Laboratoire vu Porton Down (bei Salisbury) an der Police getraff hunn. Si mussen och d‘Echantillonen ënnersichen, déi vun de briteschen Experten opgeholl goufen.

mat AFP

Related topics Groussbritannien, Police, Russland, Sergueï Skripal, Spioun
Next post Previous post