Search

You may also like

Dëse Projet kéint den Ufank vum Enn vum deegleche Stau sinn
Meenung Neiegkeeten

Dëse Projet kéint den Ufank vum Enn vum deegleche Stau sinn

Sech den Erausfuerderunge vun der Mobilitéit ze stellen, och dat

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 2. bis den 8. November
Meenung Neiegkeeten

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 2. bis den 8. November

An der Woch vum 2. op den 8. November ass

Coronavirus: Éischte Stierffall zu Lëtzebuerg
Meenung Neiegkeeten

Coronavirus: Éischte Stierffall zu Lëtzebuerg

Et ka sécherlech keen Trouscht fir kee sinn, datt am

Fir een Europa ouni Grenzen an ouni Passéierschäin

Fir een Europa ouni Grenzen an ouni Passéierschäin

Saar-Lor-Lux Internationale, eng Vereenegung vu Vertrieder vu sozialdemokrateschen a sozialistesche Parteien aus der Groussregioun, riicht een Appell un déi däitsch Bundesregierung, fir all Grenziwwergäng an eiser Regioun opzemaachen an ab elo op Grenzkontrollen ze verzichten.

Déi europäesch Iddi berout op de Wäerter vun der Fräizügegkeet an oppene Grenzen. Viru 25 Joer ass d’Schengener Ofkommen a Kraaft getrueden, wat genau dës Grondiddien vum Zesummewuessen vun Europa konkret ëmsetzt.

Als Reaktioun op d’Coronavirus-Pandemie hu verschidden EU-Staaten eesäiteg an ouni Diskussiounen am viraus mat den Noperen decidéiert, d’Grenzen deelweis zouzemaachen a Grenzkontrollen bei den Iwwergäng anzeféieren.

Dëst bedeit ee schwéiere Schrëtt zeréck fir d’Mateneen an Europa. Fir vill Matbierger an de Grenzregiounen bréngt esou eng entscheedend Moossnam spierbar Verschlechterungen am Alldag. Grenziwwerschreidend Kontakter tëscht Mënschen, sou wéi mir se an der Groussregioun säit Joerzéngten kënnen a schätze gi gréisstendeels onméiglech gemaach.

Loosst de Virus net och d’Iddi vun engem fräie, gemeinschaftlechen Europa zerstéieren. Barrièren un de banneneuropäesche Grenzen mussen endgülteg der Vergaangenheet ugehéieren.

Matgedeelt vum Virstand vu Saar-Lor-Lux Internationale (SLLI)
LSAP- SPD Saar- SPD Rheinland/Pfalz-PS Lorraine- SP Ostbelsch

Related topics Europa, Fräiheet, LSAP, Oppe Grenzen, Saar-Lor-Lux Internationale, Schengener Ofkommes, SLLI
Next post Previous post