Berlin: Schéisserei um Tempodrom
Um spéide Freidegowend ass ee Mënsch bei enger Schéisserei um
Um spéide Freidegowend ass ee Mënsch bei enger Schéisserei um
D‘Lycéeën hunn hire Betrib de 15 September nees opgeholl, dëst
De Nationalvirstand vun der Sozialliberaler Partei Lëtzebuerg huet den Här Mario May als neie Vizepresident ernannt. Hien ersetzt den Här Jim Weiland, de schonns am Abrëll 2019 ugekënnegt huet, sech aus gesondheetleche Grënn aus der éischter Rei vun der Parteispëtzt zeréckzezéien.
Den Hör Mario May
Den Här Mario May, de vun 2017-2019 Member am Virstand vun déi Konservativ war, trëtt dësem Amt voller Hoffnung, Vertrauen, Mutt a vill Freed un. Hie well d’Partei an eng politesch Zukunft mam villen Iddie begleeden. Den Här Mario May wäert dat politescht Amt fir de Moment provisoresch ausüben. De neie Poste gëtt formell an der Generalversammlung vun der SLPL am Oktober 2019 gewielt.
Mat dem Här Jean Ersfeld, den eréischt viru kuerzem neie Member an der Partei ginn ass, ass de 26 Juli 2019 och de Nordbezierk vun der Sozialliberaler Partei gegrënnt ginn.
Den Här jean Ersfeld
Den Här Jean Ersfeld ass keen onbeschriwwent Blat. Hien huet säi Wee duerch déi Lëtzebuerger politesch Landschaft gemaach. Als Member bei déi Lénk (1999), bei der Biergerlëscht (2009) a bei déi Konservativ (2018) huet hien seng politesch Experienze gesammelt. 2004 huet hien d’Fräi Partei Lëtzebuerg (FPL) gegrënnt, där hiren éischte President hien och war.
2019 ass hien dunn bei Sozialliberal Partei Lëtzebuerg, SLPL, komm a sech eng Platz als aktive Member am Nationalvirstand elaboréiert. Op der Parteiversammlung vum 26 Juli 2019 ass hien zum President vum Nordbezierk gewielt ginn. Den Här Jean Ersfeld an déi néi aacht Memberen aus dem Norde vu Lëtzebuerg wäerten an deenen nächste Méint de Bezierk mat vill Freed a Vertrauen opbauen an eng sozialliberal Politik representéieren.
Matgedeelt vu Sozialliberal Partei Lëtzebuerg