Search

You may also like

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 15. November 2020
Geek Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 15. November 2020

Vu Kultur, Musek a Konscht, iwwert Konferenzen, Workshops an Atelieren

Buchvirstellung: „Anna“ vum Niccolò Ammanati
Geek Neiegkeeten

Buchvirstellung: „Anna“ vum Niccolò Ammanati

Anna – een einfachen Numm, et verbënnt een automatesch eng

De Welt-Pressedag 2017, erkläert
Geek Neiegkeeten

De Welt-Pressedag 2017, erkläert

Haut um 3. Mee fënnt den internationalen Dag vun der

geek

Snapchat erkläert trafikéierten iPhonen de Krich

Snapchat erkläert trafikéierten iPhonen de Krich

De Messageriesdéngscht Snapchat huet deene Mënschen, déi als Unhänger vum „Jailbreaking“ bezeechent ginn – an eigentlech nëmmen d‘Software-Barrièren ophiewen oder ëmgi fir eegen oder „inoffiziell“ Applikatiounen op hirem Handy ze installéieren – de Krich erkläert an schonn ugefaangen eng helle Wull u Konten ze „suspendéieren“.

Hei läit natierlech séier de Verdacht no, datt et do Gemauschels tëscht de Mark mam Apel an ebe Snapchat ginn hätt. D‘App mam wäisse Geescht weist dëse Virworf vun sech, an awer hunn all déi Leit, mat engem „opgemaachten“ iPhone mam Betribssystem iOS12, elo schlecht Kaarten, well Snapchat „gesäit“ op een um Handy gefummelt huet oder net.

D‘Suspensioun, déi fir den Ament op 24 Stonne begrenzt ass, kann zu definitiver Spär ginn, wann den Notzer sech entscheet „säi System“ bäizebehalen. Am Kloertext: entweder et stellt een den Handy nees op d‘Wierksastellungen zréck oder et léisst een et ganz sinn. Snapchat begrënnt seng Entscheedung mam Risk fir d‘Sécherheet vum Account, wann „extern“ Systemer genotzt ginn.

Et mécht deemno och kee Sënn, sech mat engem trafikéierten Handy en neie Kont unzeleeën. Elo sollen och Notzer, déi sech der Snapchat-Reguléierung ënnerworf hunn a keen trafikéierten Handy hunn oder notzen, suspendéiert gi sinn. Snapchat huet zougeséchert déi Fäll ze préiwen, a wann alles de Reegelen entsprécht, ginn déi Konten natierlech nees fräigeschalt. Da wësst dir Bescheed…

Bild: Mr JayW

Related topics Fuddelsoftware, IPad, iPhone, iPod, Snapchat
Next post Previous post