Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Afrikanesch Schwéngspescht bedreet d‘Groussregioun
Auto Neiegkeeten

natural dating uk

Fir d‘Schwéngsziichter zu Lëtzebuerg an am Grenzgebitt, gëlle maximal Sécherheetsmoossnamen.

https://moien.lu/dating-a-very-successful-woman/
dating shows on hulu 2018
Auto Neiegkeeten

Sebastian Fitzek: Spannung fir Grouss a Kleng

De Sebastian Fitzek ass en däitschen Thriller-Autor, deen 1971 a

geek
Den Star Wars Day, erkläert
Auto Neiegkeeten

Den Star Wars Day, erkläert

Et ass de 4. Mee an iergendwéi ass iwwerall Star

SNCT reagéiert op Kritik mat engem Communiqué

SNCT reagéiert op Kritik mat engem Communiqué

Iwwert de Beholl vun der Privater Entreprise mat ëffentlechem Kapital, ass säit Ufank der Woch vill a béis geschriwwe ginn. Déi national Gesellschaft fir technesch Kontroll (SNCT), déi jo och scho vum Konsumenteschutz (ULC) wéinst der Erhéijung vun den Tariffer (+40%) d‘Lewitte gelies krut, huet sech elo de Virwërf gestallt.

Esou gëtt dann emol drop higewisen, datt bis zur Reform 2016, d‘Tariffer vun der SNCT iwwert e groussherzoglecht Reglement festgeluecht goufen. Elo awer géif d‘SNCT an engem „Ëmfeld vu Konkurrenten“ agéieren an et misst een elo Käschtendeckend schaffen. Zudeem hätt een och missen un den Tariffer „Korrekturen“ virhuelen, well den Ëmsaz zréck, an d‘Periodizitéit vun der Kontroll sech verlängert hätt. Zudeem hätten och d‘Betribskäschten sech zolidd erhéicht.

D‘Direktioun vun der SNCT ënnersträicht och, datt dës Erhéijung vun den Tariffer nëmmen déi sechst Hausse bannent 20 Joer ass, och wann déi Virrecht Haussen däitlech ënnert där vun dësem Joer geleeën hunn. Mat der Upassung vun den Tariffer un de liberaliséierte Marché, géif zudeem däitlech gemaach, datt ee gewëllt ass de Clienten en bessere Service unzebidden. Esou beispillsweis soll en adaptéierte System fir Rendez-vousen agefouert ginn.

Dës „Verbesserung“ kënnt emol fir unzefänken de Garagisten zerguttst (18. Februar) a 14 Deeg méi spéit (4. Mäerz) soll dann och de „Privatmann/-Fra“ an de Genoss vun dësem iwwerschaffte Service kommen. Wéi eng „aner Servicer“ gemengt waren, wéi vun der Hausse rieds gaangen ass, konnte mir beim beschte Wëllen net aus dem Communiqué enthuelen. An d‘Argument, datt een och weiderhin eppes méi gënschteg ass wéi d‘Konkurrenz an der Groussregioun, ass ugefouert ginn.

Wat mengen se um Krautmaart dozou?

Zu dëser „Hausse“ hat et och parlamentaresch Froe ginn. Gestallt goufen déi vum Sozialist Mars di Bartolomeo, dem chrëschtlech-soziale Léon Gloden an dem Pirat Marc Goergen. Si wollten net nëmme wësse wéi dës Hausse zustane komm ass an wourop se sech stëtzt, mee och op en direkten Zesummenhang mat der Gratuitéit vum ëffentlechen Transport kéint bestoen? Woubäi et op dëser Plaz muss erlaabt sinn sech ze wonneren, falls d‘SNCT eng „privat“ Entreprise ass.

Entweder et ass een eng staatlech Entreprise – firwat ee sech net engem liberaliséierte Marché ënnerwerfe misst – oder et ass een eng „normal“ Entreprise aus dem Privatsecteur. Am éischte Fall sinn d‘Froen nach berechtegt, am zweete Fall ass et eng privatwirtschaftlech Entscheedung déi de Minister vun der Mobilitéit, François Bausch (déi gréng) net ze kommentéieren hätt. Den Disput ëm d‘Erhéijung vun den SNCT-Tariffer ass wuel berechtegt, mee eigentlech kee politeschen…

Wéi och ëmmer… Jiddefalls hunn sech de François Bausch an d‘Paulette Lenert (LSAP), déi nei Ministesch fir de Konsumenteschutz, de Froe gestallt, an drun erënnert, datt de legale Kader 2016 un déi europäesch Servicer-Direktiv ugepasst ginn ass. Et huet een sech missen der Konkurrenz opmaachen, an d‘Enn vum Staatsmonopol huet zur Liberaliséierung vun den Tariffer gefouert. Dat heescht, datt ee selwer iwwert d‘Héicht vu senge Präisser entscheede kann.

Gewënnorientéiert Gebraddels

Näischt anescht hunn béid Vertrieder vun der Exekutive bestätegt: „Déi Entreprisen déi agreéiert sinn bestëmme selwer hir Tariffer“. Si misste jo och kucken iwwert d‘Ronnen ze kommen, fir hir Käschten ze decken. Interessant: Laut Bausch a Lenert, hunn déi Gewënner déi béid Entreprise erwirtschafte keen direkten Zesummenhang mam Staatsbudget. Gutt, wann et dann esou ass, datt d‘SNCT kee Benefice mécht, kann den Aktionär sech och keng Dividend ausbezuele loossen.

Ze notéieren ass dann nach, datt déi technesch Kontroll haut vun zwou Entreprisen duerchgefouert ka ginn. Eng drëtt Firma hätt mëttlerweil och Interessi ugemellt, a d‘Prozedur fir den Agreement wier engagéiert. Et wier dann och net auszeschléissen, datt nach aner friemlännesch Entreprisen hei gewëllt wieren sech e Stéck vum Kuch ofzeschneiden. A well bekanntlech d‘Konkurrenz d‘Geschäft belieft, wier eigentlech elo schonn ersiichtlech, datt sech d‘Präisser de Maart ugläichen.

Ähnlech Sujeten DEKRA, François Bausch, Krautmaart, Liberaliséierung, Paulette Lenert, SNCT, Tariffer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel