Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Nom Weltwährungsfong gesäit och d‘BNP Parisbas eng Wuesstemsbrems
Neiegkeeten

Nom Weltwährungsfong gesäit och d‘BNP Parisbas eng Wuesstemsbrems

Nodeems mir gëschter op déi revidéiert Wuesstemsprevisioune vum Weltwährungsfong higewisen

Laache géint d’Angscht: Wéi dëse syresche Papp säi Meedche berouegt
Neiegkeeten

Laache géint d’Angscht: Wéi dëse syresche Papp säi Meedche berouegt

Wärend dobaussen d’Bommen explodéieren, setzt ee Papp mat sengem Meedche

surprise
Ee gutt gefëllten Dagesprogramm fir de Regierungsrot
Neiegkeeten

Ee gutt gefëllten Dagesprogramm fir de Regierungsrot

De Mëttwoch war de Regierungsrot, ënnert der Leedung vum Premierminister

SNE/CGFP: Manner ass méi, och bei ‘Schoul doheem’!

SNE/CGFP: Manner ass méi, och bei ‘Schoul doheem’!

Mir sinn an enger ongewéinlecher Situatioun, a well ongewéinlech Situatiounen och kreativ Léisunge brauchen, hunn d’Leit an de leschten Deeg hirer Kreativitéit fräie Laf gelooss : “Enseignement à distance“, Schoul doheem, Telefonskonferenz, “Online-Chat”, … quasi onbegrenzt Méiglechkeeten, déi am Fong dofir geduecht sinn, déi Unterrechtszäit, déi elo ausfält, ze kompenséieren. De Kanner hire Léierprozess sollt och an Zäite vun der Coronakris kënne virugoen.

Déi nei Technologië ginn eis onendlech vill Moyenen. Alles schéin a gutt. Allerdéngs musse mir awer och bedenken, datt nach laang net all Famill e kompletten IT-Equipement doheem huet, datt nach laang net all Haushalt e puer Computeren, Tabletten, Drucker, Smartphone etc. zur Verfügung huet. Och soll net vergiess ginn, dass net all d’Kanner oder hir Elteren iwwert déi néideg informatesch Kompetenze verfüge fir déi sëlleche Plattformen an Applikatioune sënnvoll ze notzen.

Mir sollten och un d’Situatioun vun deenen Elteren denken, déi méi Kanner doheem hunn, wa méiglech nach a verschiddenen « Ordres d’enseignement ». Eng ganz Rei Eltere mussen trotz Coronakris schaffen, eventuell souguer vill Iwwerstonne leeschten, grad an dësen Zäiten. Hei kann aus der Erausfuerderung och séier eng Iwwerfuerderung ginn. Vill Elteren hei am Land beherrschen och net all d’Sproochen, déi an der ëffentlecher Schoul enseignéiert ginn. Dës Eltere kënnen deemno hire Kanner net déi néideg Ënnerstëtzung an Hëllefsstellunge bidden, déi si brauchen.

Den SNE plädéiert

  • fir en “Homeschooling” mat Aemooss, esou datt d’Kanner net all Dag an all Fach mussen Aufgabe maachen. D’Offere sollen doheem flexibel dem neien Dagesrhythmus kënnen ugepasst an integréiert ginn;
  • fir Schoulaufgaben, déi och doheem realiséierbar sinn: einfach gehalen, ouni grousse Materialopwand an ouni dass Material extra dofir muss kaf ginn;
  • fir eng gewësse Fräiwëllegkeet am Ëmgank mat Zousazofferen, déi am Moment wéi Champignonen aus dem Buedem schéissen;
  • dofir, datt d’Kanner, d’Elteren an d’Enseignanten och emol eng Paus dierfe maachen an net permanent an enger “Schoul-Doheem-Situatioun” liewen;
  • dofir, datt och Enseignanten net permanent mussen “online” sinn an zur Verfügung stoen;
  • fir d’Anhale vun de Schoulvakanzen, fir dass d’Schüler, d’Elteren an d’Enseignanten och emol zur Rou komme kënnen.

Wa mir alleguer verstänneg mat de Méiglechkeeten ëmginn, da bleift eis och nach Zäit fir mat där neier Liewenssituatioun responsabel ëmzegoen. D’Famille sollen Zäit fannen:

  • e richtegt Familljeliewen ze hunn;
  • e Gank zréckzeschalten, och fir dës Kris ze reflektéieren;
  • spadséieren ze goen an d’Rou an der Natur ze genéissen, esou wéi erlaabt, mat zwee Meter Distanz zu anere Matmënschen, fir sech un déi nei Situatioun ze gewinnen.

D‘Kanner sollen Zäit behalen, Kand ze sinn. Rou, Gedold a sech Zäit huelen hate bis elo kee grousse Stellewäert an eiser Gesellschaft. D‘Coronakris ass eng gutt Geleeënheet fir ënnert anerem doriwwer nozedenken. Manner ass méi!

Matgedeelt vum Comité central vum SNE/CGFP

Ähnlech Sujeten Coronakris, Coronavirus, Educatioun, Familljeliewen, Homeschooling, Léieren op Distanz, Online, Schoul doheem, sne/cgfp
Nächsten Artikel Virrechten Artikel