Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bei der Bank Hapoalim halen se näischt vun engem Sozialplang
https://moien.lu/gregg-sulkin-britt-robertson-dating/

Bei der Bank Hapoalim halen se näischt vun engem Sozialplang

An der Mëttegstonn war d‘Leit aus dem Bankesecteur vun der

https://moien.lu/speed-dating-hollywood-fl/
https://moien.lu/gregg-sulkin-britt-robertson-dating/

boyfriend lying about online dating

Datt de Milliardär aus dem Wäissen Haus e politescht Gefill

Een opschlossräichen Echange tëscht Schneider, Kersch a Carneiro
https://moien.lu/gregg-sulkin-britt-robertson-dating/

Een opschlossräichen Echange tëscht Schneider, Kersch a Carneiro

Bei enger Aarbechtsvisitt zu Lëtzebuerg um 11. Februar 2019 haten

De SNE/CGFP hëlt Stellung zum Koalitiounsaccord

De SNE/CGFP hëlt Stellung zum Koalitiounsaccord

D’Resultater vun de Wahle vum 14.Oktober hunn zum Fortféiere vun der aktueller Dräierkoalitioun gefouert. De SNE/CGFP wëllt op dëser Plaz nach eemol seng onofhängeg Positioun géintiwwer de verschiddene Parteie kloer ervirhiewen!

De SNE hat, genee esou wéi seng Daachorganisatioun CGFP, keng Wahlrecommandatioun virun de Wahle gemaach, vu datt esou eng Recommandatioun seng bal 4000 Memberen entmëndegt hätt. Nee, «au contraire» huet den SNE/CGFP e Questionnaire un all Parteie geschéckt, a senge Memberen d’Äntwerten zoukomme gelooss an esou all SNE-­Member d’Méiglechkeet ginn, sech selwer e Bild vun de verschiddene Programmer ze maachen an en «Connaissance de cause» ze wielen.

D’Aufgab vum SNE/CGFP besteet doranner, d’Rechter an d’Meenunge vu senge Memberen ze representéieren an ze verdeedegen. An dësem Sënn zielt den SNE/CGFP op eng weider konstruktiv Zesummenaarbecht mat de Regierungsparteien, a virun allem mat dem neien, «alen» Educatiounsminister. De SNE/CGFP ass iwwerzeegt, datt och d’Regierungsparteien an Zukunft, wéi och an der Vergaangenheet, Wäert op eng konstruktiv Zesummenaarbecht leeën, well onst gemeinsamt Zil jo schliisslech d’Bildung vun all de Kanner ass!

Un de Revendicatioune vum SNE/CGFP huet sech och no de Wahlen näischt geännert.

De SNE/CGFP fuerdert vun der Regierung, datt d‘Verbesserung vum lëtzebuergesche Bildungssystem och an Zukunft am Virdergrond steet! De SNE/CGFP erwaart dowéinst, datt den Educatiounsminister weiderhin oppen a kloer Gespréicher mat onser Gewerkschaft féiert, ons Meenungen, Virschléi a Fuerderungen zur Kenntnis hëlt an a seng Iwwerleeunge mat afléisse léisst.

Am Regierungsprogramm, esou wéi en ons elo virläit, ass nämlech nach vill Interpretatiounsspillraum!

Komme mer elo also zur Analyse vun dësem Programm. Mir beschränken ons ausschliisslech op de Volet Educatioun, an dobäi besonnesch op alles wat d’Grondschoul an d’«Voie de préparation» vum ESG betrëfft.

– 1 – Fënnef grouss Prinzipie vun der Educatiounspolitik

Wat déi 5 grouss Achsen, déi d’Educatiounspolitik an den nächste 5 Joer bestëmme sollen, ubelaangt, wëllt den SNE/CGFP folgend Remarke maachen.

D‘Entwécklung an der Kontinuitéit fir d‘Qualitéit vun de Reformen ze assuméieren

Esou wéi den Educatiounsminister et schonn dacks an der Ëffentlechkeet gesot huet a mir et och schonn ëmmer gefuerdert hunn, brauch ons Schoul an deenen nächste Jore virun allem Rou fir all déi sëllech Reformen, déi am Laf vun der leschter Legislaturperiod «en place» gesat goufen, wierken ze loossen. De SNE/CGFP kann nëmmen hoffen, datt den Här Minister sech och an Zukunft dorunner erënnere wäert.

An der leschter Legislaturperiod sinn enorm vill, wann net esouguer ze vill, Reformen am

«Enseignement fondamental» duerchgeboxt ginn. Villes ass einfach iwwerstierzt agefouert ginn, ouni datt d’Reform bis an de leschten Detail duerchduecht waren. Den Däiwel stécht bekanntlech am Detail, an deen Detail besteet hei haaptsächlech an der Ëmsetzung an d’Praxis vun den theoretesche Reformen.

De Minister huet jo elo weider 5 Joer Zäit fir seng Reforme gräifen ze loossen. Déi Reformen, déi um Terrain funktionéieren, musse selbstverständlech esou weiderlafen. Anerer awer, déi keng Plus-value um Terrain bréngen oder esouguer kontraproduktiv sinn, mussen dréngend nogebessert oder esouguer zréckgezu ginn.

Vertrauen an Autonomie

Jo, Vertrauen an den Enseignantsberuff an, an den Enseignant ass dat, wat jiddwereen um Terrain brauch, fir seng Aarbecht gutt an efficace ze verriichten. Erstaunlech ass, datt zu deem Punkt am Regierungsaccord nëmmen d’Regionaldirektiounen oder d’Lycéesdirektiounen an déi sougenannte «Professionnels de l’éducation» ernimmt ginn.

Hei hätt all Schoulmeeschter, deen all Dag mat de Kanner um Terrain schafft an dem Minister seng Reformen ëmsetze muss, dat Vertrauen och verdéngt. D’Politik, an awer och d’Gesellschaft, mussen erëm vollt Vertrauen an den Enseignant kréien a seng Aarbecht muss erëm an hirem Wäert unerkannt ginn. D’Enseignanten um Terrain brauchen a verdénge méi Ënnerstëtzung, Wäertschätzung a Réckendeckung.

Nëmmen esou kann de Beruff vum Enseignant op laang Siicht erëm opgewäert ginn.

D’Onofhängegkeet, d’Autonomie vum Schoulbetrib sinn nach ëmmer, zënter 2009, nëmmen eng theoretesch Beräicherung fir ons Schoulen, déi d’Schoulen ni richteg applizéiere konnten. Dës Autonomie war an ass an onsen Aen also éischter eng Scheinautonomie, well d’Schoulen awer ganz Villes vun uewen erof diktéiert kruten an et ganz schwéier war, Initiativen op kommunalem Plang z’ergräifen.

Als SNE/CGFP fuerdere mir, datt dës Schäinautonomie endlech zu enger reeller Autonomie ausgebaut gëtt.

– 2 – Eng nei Gouvernance fir d‘Education Nationale

Spéitstens bei dësem Thema krut dem SNE/CGFP säin Optimismus a säi Vertrauen an de Minister Meisch dach e gehéieregen Dämpfer. De Minister schéngt während der Erëffnungsried vun der LuxDidac Enn September 2018 net richteg nogelauschtert ze hunn oder ons Wierder einfach an de Wand geschloen ze hunn.

Während dëser Ried hat den SNE/CGFP schonn do virdru gewarnt, datt jiddweree sech beruff spiert, en Expert vun der Educatioun ze sinn. Leit, déi ni als Enseignant virun enger Klass stoungen, kënnen sech einfach esou zum Expert ernennen, nëmme well si fréier selwer als Schüler an d’Schoul gaange sinn oder elo e Kand an der Schoul hunn.

Amplaz dës Warnungen eescht ze huelen, ginn alleguerten dës Acteuren elo nach offiziell als Experte bestätegt a vum Minister op de «Bildungsdësch» invitéiert. Vläicht kënne mir als SNE/CGFP och einfach nëmme frou sinn, datt d‘Enseignanten iwwerhaapt eng Plaz op dësem

Dësch niewent all dësen aneren «Superexperte» kréien. Hei wëlle mir just drun erënneren, datt am éischte Projet vun dësem Bildungsdësch d’Representante vun den Enseignante komplett vergiess gi waren.

E Minister, als Deel vun enger gewielter Regierung huet net nëmme Rechter, mee och Flichten. Et ass am Educatiounsminister senger Verantwortung, d’Bildungspolitik ze gestalten, an dat am beschten am Zesummespill mat de representative Gewerkschaften.

Wëllt de Minister elo tatsächlech d’Schüler an d’Eltere mat decidéiere loossen, wéi d’Initialausbildung vu Léierin a Schoulmeeschter soll sinn a wéi de Rekrutement vum Léierpersonal an Zukunft soll ausgesinn, fir nëmmen déi Beispiller ze nennen, déi allerdéngs och esou am Regierungsprogramm stinn? Wären do net aner Thematiken, an déi sech Schüler oder Eltere besser kéinten abréngen, wéi grad an der Fro vun der Ausbildung vun Enseignanten?

Eppes ass ganz kloer: Dat kënne mir als SNE/CGFP esou net acceptéieren! Dat steet a komplettem Widdersproch zu deem Vertrauen, dat jo anscheinend an d’Léierpersonal gesat soll ginn.

– 3 – D‘Formatioun vun den Educatiounsberuffer

Fakt ass, datt momentan de Studium an domat de Rekrutement fir de Beruff vu Léierin a Schoulmeeschter zu engem groussen Deel am Ausland gemaach gëtt. Hei kann den SNE/CGFP nëmmen der Initiativ vum MENJE zoustëmmen, bei der UNI.lu z‘intervenéiere fir d’Capacitéite vum Bachelor-­Studiëgank ze erweideren an domadder ze garantéieren, datt méi Leit an de Léierberuff kënne kommen.

Et geet awer net nëmmen duer, d’Zuel vun de Studenten an den Erzéiungswëssenschafte mordicus erhéijen ze wëllen, mee och d’Inhalter an d’Philosophie vun der kompletter Schoulmeeschteschausbildung musse grondsätzlech iwwerduecht ginn.

D’Ausbildung muss nees méi realitéitsno ginn. D’Studente musse vun Ufank un an hirer jeeweileger Stageklass während dem «Temps de terrain» mat essentiellen Theme wéi Elterenaarbecht, administrativen Tâchen, Heterogenitéit a Konfrontatioun mat Gewalt vertraut gemaach ginn.

Eng Méiglechkeet wär och, datt d’Studente virun, respektiv am Ufank vun der Ausbildung déi 4 Woche Stage maache géife fir kënnen am Fondamental z’ersetzen. Dat géif de Studenten en Iwwerbléck ginn, wat an de Schoulen d’Realitéit ass a kann niewebäi och nach de Problem vu feelende Remplaçante verklengeren.

Bei der Ausbildung soll och, niewent der Vermëttlung vun theoretesche Konzepter, d’Vermëttlung vun didakteschem Wëssen a Kënne prioritär sinn. D’Didaktik ass grad deen Deel vun der Schoulmeeschteschausbildung, deen an de leschte Jore gravéierend vernoléissegt gouf. Am Enseignantsberuff geet et net duer, en theoretesche Begrëff vun der Sproochentwécklung ze hunn, mee ganz konkret geet et och erëm, wéi ech wéi eng Inhalter mat wéi enge pädagogesch‐didaktesche Moyenen de Schüler ka méi no bréngen. Net ze schwätze vu Fachberäicher wéi Sport, Konscht oder Musek, wou eng Fachdidaktik an der Ausbildung mëttlerweil quasi inexistent ass.

Dëst Wësse spillt jo an der Praxis eng enorm wichteg Roll.

Während der Ausbildung sollen d’Studenten d’Méiglechkeet hunn, geziilt un hiren depistéierten Defiziter ze schaffen, respektiv Lacunnen opzeschaffen.

Sektioune respektiv Fächer vun der «Voie de préparation» vum «Enseignement secondaire général (ESG)», déi bis elo an der Ausbildung feelen, mussen onbedéngt mat an d’Ausbildung era geholl ginn. Genau sou wichteg ass et, an dëser Grondausbildung ze léieren, wéi ee professionell mat engem jugendleche Schüler, sengem deementspriechende Behuelen, deem dach oft schwierege Schoulhistorique a «Background» esou wéi senger oft negativer Astellung zur Schoul erfollegräich ëmgoe kann. Den edukativen Deel vum Enseignantsberuff spillt an der «Voie de préparation» nämlech mindestens genau sou eng wichteg Roll wéi den Enseignement vu reng schouleschem Wëssen.

Luewenswäert fënnt den SNE/CGFP et och, datt op der Uni Lëtzebuerg Mastere fir spezialiséiert Léierinnen a Schoulmeeschteren an der Sonderpädagogik, der Gestioun vun de Schoulen an der Digitalisatioun sollen ugebuede ginn. Obwuel dëst en éischte Schrëtt an déi richteg Richtung ass, geet déi Ouverture dem SNE/CGFP awer bei wäitem net duer.

Neen, den SNE/CGFP fuerdert d’initial Schoulmeeschteschausbildung als Masterstudium anzeféieren, an dat fir all d’Enseignanten.

Esou kéint ee sech zum Beispill virstellen, datt de Student fir d’éischt e Bachelorstudium an der Pädagogik an, an de «Sciences de l’éducation» ofschléisst, éier en dann eng Spezialisatioun op Masterniveau maache muss. Eng Spezialisatioun a Fächer wéi Franséisch, Däitsch, Mathematik, Sciences, … -­ dat natierlech nieft deene proposéierte Coursen a Sonderpädagogik, Gestioun vun de Schoulen an Digitalisatioun, géif dann zu deem noutwendege Masterdiplom fir d’Léierin an de Schoulmeeschter féieren.

Den ëmgedréinte Wee wär awer och virstellbar. An deem Fall géif ee fachspezifesche Bachelor engem Master an der Pädagogik virausgoen, esou wéi dat och an onsen zwee gréissten Nopeschlänner de Fall ass.

Domadder géif de Beruff revaloriséiert ginn an d’Studenten och besser op déi aktuell an zukünfteg Defie virbereet ginn.

De SNE/CGFP gesäit dofir mat Genugtuung, datt de MENJE der Mastercarrière fir d’Léierin a de Schoulmeeschter éischter positiv géintiwwer steet. Esou ass am Regierungsaccord och virgesinn, datt d’Léierinnen an d’Schoulmeeschteren duerch hir «Formation continue» um IFEN, «European credit transfer system-­Punkte» (ECTS-­‐Punkte) zertifiéiert kënne kréien «en vue» vun der Obtentioun vun engem Masterdiplom.

Dem Regierungsaccord no kënnt et deemno zu engem méi enke Lien, also engem Rapprochement tëschent dem IFEN an der Uni.

Et soll awer nëmme keen op d‘Iddi kommen, d‘ Schoulmeeschteschausbildung vun der UNI op den IFEN ze verlageren. Dat wär e ganzt falscht Zeechen, et muss nämlech genau an déi aner Richtung goen, dat heescht zu enger regulärer Ausbildung vum Schoulmeeschter op enger auslännescher Universitéit oder der Uni.lu op Masterniveau.

En allgemengt Rekrutéiere vum Schoulmeeschter op Masterniveau, esou wéi dat a bal allen europäesche Länner elo schonn de Fall ass, wäert op jiddefall eng vun den Haaptfuerderunge vum SNE/CGFP bleiwen.

A ville Beräicher, wéi am «Space-­Mining», an der Digitalisatioun an an der Logistik, wëll Lëtzebuerg «à la pointe du progrès» sinn, mee an der Schoulmeeschteschausbildung erlabe mir ons, deenen anere Länner hannendrun ze lafen. Dat ka jo net den Usproch vu Lëtzebuerg a Saache Bildung sinn!

Zefridde weist den SNE/CGFP sech och, datt de «Stage d’insertion professionnelle» adaptéiert soll ginn. Dëse Stage muss endlech eng Plus-­value fir de Beruffsufänger ginn. Et geet awer net duer, um aktuelle Stage «erëmzepléischteren» andeem certificativ Momenter no vir verluecht ginn, mee et imposéiert sech dréngend eng grondleeënd Reform vum Stage, an dat ëmsou méi, wou jo och d’CGFP en Accord iwwert d’Reform vum Stage mat der vireger Regierung getraff hat.

Datt den IFEN a seng Programmer sollen evaluéiert ginn, kann den SNE/CGFP nëmme begréissen. Dëst hu mir scho méi laang gefuerdert. Och déi Coursen, déi d’Enseignante während der Stage­‐Zäit musse maachen, sollen inhaltlech endlech esou organiséiert ginn, datt se eng «Plus-­‐value» duerstellen an net en «Double-‐emploi» par Rapport zur Initialausbildung.

– 4 – Extensioun vun der Qualitéit-Demarche an der informeller Educatioun

De Koalitiounsaccord gesäit vir, an de Maison Relais eng Gratisbetreiung fir d’Schoulkanner aus dem Enseignement fondamental während der Schoulzäit anzeféieren.

Firwat just während der Schoulzäit ? Wa scho gratis, da soll déi Betreiung ëmmer gratis sinn, och wärend de Vakanzenzäiten! Oder stécht do nach eng aner Iddi derhannert ? Villäicht d’Iddi vun enger flächendeckend Ganzdagsschoul!

De SNE/CGFP wäert dësen Dossier op jidder Fall ganz kritesch verfollegen. Eppes ass awer elo scho vu vir era fir eis kloer. Mir wäerten eis ganz sécher mat alle Mëttele géint eng flächendeckend Ganzdagsschoul wieren!

– 5 – Zesummenaarbecht tëscht Grondschoul a den Educatioun- an Accueil-Servicer (SEA) – neie Statut fir Ganzdagsschoulen

Am Regierungsprogramm gëtt och iwwert de PEP, de «Plan d’encadrement périscolaire» geschwat.

Dëse Plang, deen op ville Plazen dach ganz voluminéis ass an d’Zesummenaarbecht tëschent der Schoul an dem «Service d’éducation et d’accueil (SEA)» regelt, soll elo evaluéiert ginn.

Dëst kann den SNE/CGFP nëmme begréissen, well de PEP oft e ganz schlechte Rapport tëschent Aarbechtsopwand a «Plus-­value» huet.

De SNE/CGFP verlaangt, datt d’Dokumentatioun vun dëser Zesummenaarbecht, wa se dann iwwerhaapt noutwendeg ass, «à charge» vun de Gemenge muss sinn. Et däerf op kee Fall zu engem Surplus un Aarbecht fir den Enseignant kommen.

Jo, et ass richteg, datt vill Kanner esouwuel an d‘Schoul wéi och an d’«Maison Relais» ginn. Jo, et ass och richteg, datt oft d‘Schoul an d‘«Maison Relais» op engem Site sinn. Jo, dat ass alles richteg, mee den SNE/CGFP wëllt hei awer nach emol ganz kloer soen, datt déi zwou Entitéiten zwee verschidde Bildungsopträg hunn.

Dofir kann den SNE/CGFP et och net akzeptéieren, wann et an deem Dossier zu enger gezwongener Kooperatioun oder esouguer zu enger Fusioun vu deenen zwou Entitéiten (Schoul a SEA) komme géif. A wéi engem Mooss d‘Schoul an de SEA zesumme schaffen, dat muss kënne vun den Acteuren um Terrain bestëmmt ginn, an net vun der Politik. Wann dës Kooperatioun funktionéiere soll, dann däerf se net vun uewen erof diktéiert ginn, mee si muss vun ënnen erop wuessen.

Ganz kritesch wäert den SNE/CGFP och déi nei Reglementatiounen zu der Ganzdagsschoul analyséieren. Och hei muss de Prinzip gëllen: Villes kann, näischt muss!

– 6 – Hëllef fir Kanner mat Schoulschwieregkeeten

Zu dësem Punkt steet am Regierungsprogramm Folgendes:

§Les écoles de l’enseignement fondamental seront amenées à développer un concept d’aide aux devoirs, avec la possibilité de recourir à des heures supplémentaires prestées volontairement. Dans ce contexte, une offre étendue d’aide aux devoirs par du personnel qualifié sera garantie.§

D’Schoule sollen sech also e Projet iwwerleeën, wéi se d’Hausaufgabenhëllef wëllen ubidden. Nach eng zousätzlech Tâche, déi vun der Schoul iwwerholl soll ginn. Den SNE/CGFP kann net domadder averstane sinn, datt d’Ausschaffe vun engem Gesamtkonzept fir d’Hausaufgaben un der Schoul an um Léierpersonal hänke bleiwe soll. Ausserdeem kënnt et an onsen Aen awer ganz kloer och zu engem Widdersproch am Passage iwwert d’Hausaufgabenhëllef.

Eng Hausaufgabenhëllef soll, dem Regierungsprogramm no, garantéiert ginn. Do brauch ee Personal, dat déi Aarbecht iwwerhëlt. Dat ka vu Léierpersonal duerch fräiwëlleg Iwwerstonnen iwwerholl ginn. Wann awer op fräiwëlleger Basis kee bereet ass, déi Iwwerstonnen dofir ze maachen, wéi kann dann dëse Service garantéiert ginn?

De SNE/CGFP ass der Meenung, datt keen Enseignant gezwonge ka ginn, Hausaufgabenhëllef ze leeschten, weder am Kader vu senger Tâche nach iwwert de Wee vun Iwwerstonnen ausserhalb vu senger Tâche.

Hei e gudde Rot vum SNE/CGFP un d’Adress vum Här Minister Meisch: D’Fanger ewech vun der Tâche vum Schoulmeeschter a vun der Grille horaire!!!

Et géif och héich Zäit, der Schoul an den Enseignante Rou an Zäit ze loossen, hire Bildungsoptrag ze erfëllen, deen am «Plan d’études» festgehalen ass an net nach andauernd nei Ufuerderungen un d’Schoul ze stellen an déi verschiddensten Aufgaben un d’Enseignanten ze delegéieren.

– 7 – Fërderung vun de Sproochekompetenzen

Wat den Apprentissage vum Franséischen am C1 an am C2 ubelaangt, esou verlaangt den SNE/CGFP, datt dëst Konzept mëttelfristeg evaluéiert gëtt. Duerno mussen dann déi Adaptatioune gemaach ginn, déi sech imposéieren, oder awer, am schlëmmste Fall, muss dat ganzt Konzept iwwerduecht ginn.

Am Koalitiounsaccord steet, datt didaktescht Material aus de Grondschoule moderniséiert, restrukturéiert an un déi nei Schoulbicher aus dem «Enseignement secondaire» misst ugepasst ginn.

Fir den SNE/CGFP ass et evident, datt den neie Franséisch-­‐Programm am C3 an C4 op der Basis vun de Bicher an dem Material aus dem C1 an C2 opgebaut muss ginn. Et kann net sinn, datt et, wéi am Koalitiounsaccord ugekënnegt, den ëmgedréinte Wee geet an didaktescht Material am «Enseignement fondamental» sech de Secondairesbicher muss upassen. Gëtt do de Won net virun d‘Päerd gespaant?

E seriéisen Opbau vum Léiere vun enger Sprooch kann sech nëmme vun ënnen no uewe maachen, am beschten awer an enger konstruktiver Zesummenaarbecht tëschent dem «Enseignement fondamental» an dem «Enseignement secondaire».

Wichteg fir den SNE/CGFP ass et, datt et eng Koherenz an de Contenuen an, an de Programmer gëtt. Och ass et noutwendeg, eng Kontinuitéit innerhalb an tëschent den Zyklen an der Grondschoul, awer och tëschent de verschiddenen ordres d’enseignement, beim Léiere vum Franséischen ze garantéieren. D’Aussoe vu Kontinuitéit a Koherenz aus dem Regierungsprogramm däerfen awer net nëmme geschriwwe Wierder sinn, mee si mussen och um Terrain hiren Nidderschlag fannen

– 8 – Fërderung vun der Lëtzebuerger Sprooch

Natierlech begréisst den SNE/CGFP et, datt d’Lëtzebuerger Sprooch soll promouvéiert ginn. Lëtzebuergesch ass d’Sprooch, déi am Schoulhaff geschwat gëtt. Lëtzebuergesch ass d‘Integratiounssprooch an onse Schoulen an an onsem Land.

Aus deene Grënn huet den SNE/CGFP sech an der Vergaangenheet derfir agesat, datt d‘Lëtzebuergesch an onse Schoule präsent ass. Mir wäerten ons och weiderhin dofir staark maachen, datt d’Lëtzebuergesch seng Plaz behält. Virun allem am C1 muss d‘Lëtzebuergesch déi primär Sprooch sinn, déi de Lien tëschent all de Kanner maache soll.

– 9 – Entwécklung vun den digitale Kompetenzen am Enseignement fondamental

Jo, den SNE/CGFP huet sech fir den «Instituteur spécialisé» mat Masterdiplom agesat. D’«Mise en place» vun dësen Enseignantë war deemools fir den SNE/CGFP den éischte Schratt a Richtung vun engem allgemenge Rekrutement vum Schoulmeeschter op Masterniveau.

De Rekrutement vum Schoulmeeschter op Masterniveau ass eng Haaptfuerderung vum SNE/CGFP.

Komme mer zréck bei d’«Instituteurs spécialisés». Wéi den Numm et scho seet, sinn dat spezialiséiert Léierinnen a Schoulmeeschteren an, «à la base», soll e Schoulmeeschter och mat Kanner schaffen. Dëse Prinzip misst d’Politik sech endlech emol zu Häerz huelen.

Mir kënnen d’Noutwendegkeet vun engem «Instituteur spécialisé en compétences numériques» ganz kloer novollzéien, mee seng Plaz muss um Terrain an de Schoule bei de Kanner sinn. Dofir kann den SNE/CGFP et net verstoen, datt dës Spezialisten um SCRIPT ugesidelt solle ginn an do schaffe sollen. Onses Wëssen no ginn um SCRIPT bis ewell nach keng Kanner scolariséiert.

Ass et net scho genuch kontestéiert, datt ëmmer méi Léierinnen a Schoulmeeschteren eng administrativ Tâche hunn oder net méi am Kontakt mat de Kanner an onse Schoule schaffen?

Dofir fuerdert den SNE/CGFP, datt d’«Instituteurs spécialisés en compétences numériques» an d’Schoulen affektéiert ginn, an zwar genau esou wéi d’«Instituteurs spécialisés dans l’encadrement des élèves à besoins spécifiques et particuliers (IEBS) ». Dës nei spezialiséiert Léierinnen a Schoulmeeschtere solle mat de Kanner an de Schoule schaffen, ouni datt si mat an de Kontingent gerechent ginn.

– 10 – Digitaliséierung vun de Bilanen

Am Moment leeft nach a verschiddene Grondschoulen d’Testphase vun den informatiséierte

«Bilans intermédiaires». An deem Dossier verlaangt den SNE/CGFP, datt dem Feedback vun den Enseignanten, déi un der Testphas deelgeholl hunn, Rechnung gedroe gëtt, ier eng definitiv Versioun vun den elektronesche Bilanen agefouert gëtt.

De SNE/CGFP huet sech ëmmer fir eng digitaliséiert Versioun vun de Bilanen ausgeschwat, weist awer dorobber hin, datt op kee Fall e Modell agefouert ka ginn, wou et zu enger grousser Pabeierverschwendung kënnt.

– 11 – D‘Gestioun vun de Schoulen

D’Reform vum Inspektorat ass, ënnert anerem, gemaach ginn fir d’Gestiounsstrukturen op regionalem Plang personalméisseg besser opzestellen. Den Inspekter, deen deemools eleng d’Gestioun vu sengem Arrondissement gemaach huet, ass duerch eng Direktiounsequipp ersat ginn, déi elo zesummen dës Aarbecht mécht. Et koum also deemools bei der Aféierung vun den Direktiounen zu enger massiver Opstockung vum Personal op Direktiounsniveau.

De SNE/CGFP hat schonn deemools virun engem administrative Waasserkapp an den Direktioune gewarnt an huet sech och schonn deemools géint d’Affectatioun vu weideren «Instituteurs attachés» un d’Direktiounen ausgeschwat. Aus deem Gronn kann den SNE/CGFP net domadder averstane sinn, wann et sech beim «Personel administratif», vun deem am Regierungsprogramm geschwat gëtt, ëm Léierinnen a Schoulmeeschtere géif handelen. An Zäite vu Penurie kann ee sech et net méi erlaben, weider Enseignante vum Terrain ofzezéie fir se dann eng administrativ Aarbecht an den Direktioune maachen ze loossen.

De SNE/CGFP begréisst, datt de Regierungsprogramm virgesäit, e «Groupe de pilotage» ze schafen, deen ënnert anerem als Optrag huet, den administrativen Opwand vun den Enseignanten ze verréngeren. Dëst dréit enger laangjäreger Fuerderung vum SNE/CGFP endlech Rechnung.

Laut Regierungsprogramm sollen d’Prozedure vun der Klasseverdeelung an d’Besetze vun de Klassen a Posten ënnert d’Lupp geholl ginn. De SNE/CGFP gesäit d’Noutwendegkeet vun engem Iwwerschaffe vun dëse Prozeduren net an an hält um Prinzip vun der Anciennetéit, deen déi Verdeelung regelt, fest. D’Anciennetéit ass

«de facto» en objektive Critère, deen iergendwellech Magouille beschtméiglech verhënnert.

Erfreet weist den SNE/CGFP sech, datt mer endlech eng Diskussioun iwwert de Contingent kréien. D’Fuerderung vum SNE/CGFP ass an deem Dossier ganz kloer an och bekannt. De Klasseneffektiv bei der Berechnung vum Kontingent muss vu 16 op 15 erofgesat ginn.

Wéi schonn am leschte Koalitiounsaccord gëtt och an dësem Koalitiounsprogramm net méi vun engem «Président du comité d’école» geschwat, mee just nach vun engem «Président d’école». An nees stelle mer ons déiselwecht Fro: Ass dat just en textuelle Lapsus oder stécht do eng gréisser Intentioun dohannert?

Natierlech dréit den SNE/CGFP eng Valorisatioun vun der Funktioun vum President vum Schoulcomité mat, insistéiert awer, datt et gläichzäiteg och zu enger Valorisatioun vu jiddwer Member vum Schoulcomité komme muss. Dofir geet et net nëmmen duer, d’Envergure vun de Missiounen an d‘Remuneratioun vum President z‘analyséieren an z‘adaptéieren, mee dat muss fir de ganze Schoulcomité gemaach ginn. Ouni elo dëser Analyse virzegräifen, ass et fir den SNE/CGFP kloer, datt am Laf vun de Joren ëmmer méi Missiounen derbäi komm sinn an datt all dës Missiounen och ëmmer méi u Komplexitéit zougeholl hunn. D’Conclusioun kann also nëmme sinn, datt d’Aarbecht vun all de Membere vum «Comité d’école» misst besser remuneréiert ginn.

– 12 – Le fonctionnement en cycles et les méthodes d’évaluation :

Den SNE/CGFP begréisst et, datt endlech d’Evaluatioun am «Enseignement fondamental» an am

«Enseignement secondaire» harmoniséiert soll ginn. Esou kann zum Beispill de «Gap» vun de verschiddenen Evaluatiounssystemer am Zykel 4 vun der Grondschoul an op 7e vum

«Enseignement secondaire» verklengert ginn.

Bei esou déifgräifenden Entscheedunge verlaangt den SNE/CGFP, datt virun allem op d’Erfahrungen, déi d’Leit vum Terrain gemaach hunn, gelauschtert gëtt an datt si an d’Ausschaffe vun neien Evaluatiounsmethode mat agebonne ginn.

– 13 – Inclusioun vun de Kanner an de Jugendlechen

Et ass richteg, datt d’Inclusioun an der Schoul e wichtegt Zil ass. Fir esou eng Inclusioun kënnen ze realiséiere brauch d’Schoul awer déi néideg Ressourcen. Et muss genuch gutt ausgebiltePersonal an der Schoul präsent si fir mat de betraffene Kanner kënnen ze schaffen.

Vu datt d’Inclusioun awer, trotz deels gewaltegen Efforte vu Säite vun der Schoul, net ëmmer méiglech ass, begréisst den SNE/CGFP d’Schafe vu neie «Centres socio-­‐thérapeuthiques (CST) ». Dat si Plaze wou d’Kanner temporär ausserhalb vun der Struktur vun der Reegelschoul kënne beschoult ginn.

De SNE/CGFP fuerdert, datt d’Zuel vun de Plazen an deenen Zentren esou muss sinn, datt se den Demanden aus all de Regioune ka gerecht ginn.

Wéi mer schonn am Ufank erwähnt hunn, loosse vill Aussoen an dësem Pabeier groussen Interpretatiounsspillraum. Als déi representativ Gewerkschaft am «Enseignement fondamental» kann den SNE/CGFP positiv Signaler erkennen, mee Villes bleift nach am Detail duerchzediskutéieren an ze klären. Esou soll de Stage a Concertatioun mam SNE/CGFP reforméiert ginn. Domadder gëtt enger vun onse Fuerderungen elo endlech Rechnung gedroen.

De Minister schéngt sech och der «Plus-­value» vun engem Masterdiplom fir d’Schoul a fir d‘Kanner bewosst ginn ze sinn. Dofir bleift en allgemengt Rekrutéiere vum Schoulmeeschter op Masterniveau eng vun den Haaptfuerderunge vum SNE/CGFP.

Et ginn awer och eng Rei negativ Elementer an dësem Regierungsprogramm. Esou gesäit zum Beispill den SNE/CGFP absolut keng «Plus-­‐value» bei der Aféierung vun engem Bildungsdësch, wou bal jiddwereen zu engem Schoulexpert mutéiert an den Enseignant riskéiert zu enger Marionett degradéiert ze ginn.

Finalement hätt den SNE/CGFP et och begréisst, wann am Koalitiounsaccord konkret Mesurë fir d‘Promotioun vum Enseignantsberuff gestanen hätten.

Ofschléissend bleift ze soen, datt den SNE/CGFP och weiderhi bereet ass, Verantwortung z‘iwwerhuele fir an engem konstruktiven Dialog mat de politesche Responsabelen déi noutwendeg Decisiounen am Interêt vun onser Schoul, vun de Kanner an den Enseignante fir d’Zukunft vun onsem Land matzedroen.

Foto: (v.l.n.r.) Claude Schmit, Membre; Patrick Remackel, President; Gilles Glesener, Sekretär; Jean Kasel, Sekretär. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten CGFP, Claude Meisch, Educatioun, Educatiounsministère, Enseignanten, Enseignement, Patrick Remackel, SNE
Nächsten Artikel Virrechten Artikel