Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Zänndoktere versus Patientevertriedung
Neiegkeeten

Editorial: Zänndoktere versus Patientevertriedung

Den Dialog tëscht dem Verband vun den Zänndokteren (AMMD) an

Du muss schonn eppes vu Politik verstoen, fir hei gutt ofzeschneiden!
Neiegkeeten

Du muss schonn eppes vu Politik verstoen, fir hei gutt ofzeschneiden!

Am Laf vun de Joren huet Lëtzebuerg vill Ministere gesinn.

Editorial: Keng Feierdagsstëmmung ouni eppes Stress
Neiegkeeten

Editorial: Keng Feierdagsstëmmung ouni eppes Stress

Et ass Chrëschtdag, dir wësst schonn, ee vun deenen Deeg

SNE/CGFP: Endlech kënnt et zur gefuerderter Reform vum „Stage“

SNE/CGFP: Endlech kënnt et zur gefuerderter Reform vum „Stage“

Nodeems den Daachverband vum SNE/CGFP mat der Regierung ausgehandelt hat, datt d‘Dauer vum Stage, also d‘Referendariat am ëffentlechen Déngscht vun 3 op 2 Joer verkierzt gëtt, an datt och déi onnéideg 80-80-90 Regel ofgeschaaft gëtt, soll et dann elo och nach zu enger grondleeënder Reform vum Stage am „Enseigenment fondamental“ kommen:

  • onofhängeg vun der Dauer vun hirer Grondausbildung sollen all Beruffsufänger mat enger ofgeschlossener Ausbildung als Enseignant, ab dem Schouljoer 2019/2020 nëmmen nach eng Referendariatszäit vun engem Joer hunn;
  • ofgesi vun der Prüfung an der Legislatioun ginn all zertifizéierend Berwäertungsmomenter ofgeschaaft. Während de „Memoire“ ganz ewechfält, kréien d‘Inspektiounsstonn an de Portfolio e formative Charakter;
  • et soll ausserdeem zu enger inhaltlecher Reform vum Referendariat kommen: De „Stage à la Carte“ soll endlech agefouert ginn, esou datt all Beruffsufänger, senge Bedierfnesser entspriechend, 30 Stonne Weiderbildung aus enger erhieflech erweiderter Ausbildungsoffer fräi wiele kann.

Dëser Reform steet den SNE/CGFP positiv géinteniwwer. Während sech eng aner Gewerkschaft géint all Form vu Referendariat ausgeschwat huet, huet sech den SNE/CGFP ëmmer fir e sënnvolle Stage, dee keng ze grouss Belaaschtung fir d‘Beruffsufänger duerstelle sollt agesat. Et geet heibäi schliisslech dorëms de Beamtestatut fir déi zukünfteg Enseignanten oprecht ze erhalen.

Duerch déi ugeduechte Reform, déi ënnert anerem déi zertifizéierend Momenter op e Minimum reduzéiert, soll den Drock deen op de Beruffsufänger laascht, erhieflech reduzéiert ginn. Esou kënnen sech d‘Beruffsufänger elo voll a ganz op hiert pedagogescht Kärgeschäft, d‘Ënnerriichten, konzentréieren. Dat ass esouwuel am Sënn vun de Beruffsufänger, wéi de Kanner déi ënnerriicht ginn.

Matgedeelt vum Zentralcomité SNE/CGFP

(aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser)

Ähnlech Sujeten Enseigement, Referendariat, SNE-CGFP, Stage
Nächsten Artikel Virrechten Artikel