Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ee Kommentar zur Juegd: Den Däiwel mam Beelzbub ausdreiwen
dating hac clocks Stories

nova scotia dating laws

E puer Deeg virun enger Debatt an der Chamber iwwert

https://moien.lu/im-18-dating-a-28-year-old/
dating hac clocks Stories

Tätowéierinne solidaresch am Kampf géint de Broschtkriibs

Mat der „Ladies Tattoo Convention“ an den Hale vun der

Schluss mam Rausch – Opdeckung vun engem gréisseren Drogennetzwierk!
dating hac clocks Stories

Schluss mam Rausch – Opdeckung vun engem gréisseren Drogennetzwierk!

An de vergaangenen Deeg konnten d’Beamten vun der Douane ee

Den SNES Classic Mini: Kleng, awer immens

Nintendo bréngt 16-Bit-Konsol zeréck

Et war keng Iwwerraschung, wei Nintendo ugekënnegt huet, datt nom NES Classic Mini dëst Joer en SNES Mini nokomme sollt. Den Apparat vum leschte Joer war enorm erfollegräich, och oder grad well et Enkpäss goufen an net jiddereen ee kréie kann. Beim SNES Classic Mini soll dat anescht sinn, an tatsächlech hunn sech d’Këschte reegelrecht getiermt, wei ech am Geschäft stoung.

Mee firwat sinn des Apparater esou beléift? D’Miniaturversioun vun dëser 90er Jore Konsol bitt engem 21virinstalleiert Spiller, en HDMI Ausgang an e puer flott zousätzlech Funktiounen, wei beispillsweis Späicherstänn. Dat sinn alles flott Ergänzungen, mee kaum Grond fir dee ganzen Hype. Nee, dee léisst sech dann éischter un der nostalgescher Valeur fest maachen. An déi gëtt hei och voll a ganz bedéngt.

Detailer verbessert

Dat läit zum engem un der Manette: Et ass eng exakt Replik vun der Originalmanett. Dat geet esou wäit, datt all nei Funktioun nëmmen duerch d’Drécken vum Reset Knäppchen un der Konsol accessibel ass. Dat ass schonn zimlech ëmständlech, och well d’Kabelen nach ëmmer net besonnesch laang sinn, an d’Konsol, sou kleng se och ass, zimlech no bei der Tëlee muss sinn.

Dat anert ass déi exzellent Selektioun u Spiller. Do fënnt een Super Mario World, Super Metroid, Mario Kart, Super Castlevania IV, Contra 3 an The Legend of Zelda: A Link to the Past – alles absolut Klassiker vun der 16-Bit era, a munch e Spill fënnt een haut nach op de geleefege Top 10 Bescht Spiller Leschten. Dann hu mer nach guer net vun den japanesche Rollespiller geschwat, vun deene vill ni an Europa eraus komm sinn: Secret of Mana, Mario RGP, Earthbound a Final Fantasy 3 (eigentlech 6). Mat deenen eleng sollt ee gutt a gären 200 Stonne beschäftegt sinn.

Da ginn et nach esou flott Boni wei Star Fox 2, e Spill wat an den 90er wuel fäerdeg programméiert gi war, mee leider ni verëffentlecht ginn ass. Immens, datt am Joer 2017 nach e neit SNES-Spill eraus kennt! Vir Sammler ergëtt sech do scho vum selwen, firwat een et braucht.

Also genuch Spiller fir déi 90€, déi een op den Dësch leet. Flotte Bonus: Eng zweet Manett ass direkt mat dobäi, fir datt een seng Rivalitéite mat enger gefleegter Partie Street Fighter 2 begläiche kann. Leider feelt e Sportspill, wat schued ass. Dat eent oder anert japanescht Rollespill, virun allem Chrono Trigger, gëtt vu Fans natierlech och vermësst. Mee d’Präis-Leeschtungsverhältnes stemmt hei duerch an duerch.

Elo misst een den Apparat just nach fannen…

Fotoen: Screenshots

Ähnlech Sujeten Retro, SNES Mini, Tech, Videospiller
Nächsten Artikel Virrechten Artikel