Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

EU-Kommissär Öttinger hält déi britesch Premierministesch fir „Schwaach“
Neiegkeeten

EU-Kommissär Öttinger hält déi britesch Premierministesch fir „Schwaach“

Ëmstridden, mee ee vun den wichtegsten EU-Kommissären, den däitsche Günther

Waffestëllstand vum 11. November: Feierlech Zeremonie och zu Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Waffestëllstand vum 11. November: Feierlech Zeremonie och zu Lëtzebuerg

Nodeems de Premierminister an déi groussherzoglech Koppel mueres zu Paräis,

58% vun de Kanner profitéieren zu Lëtzebuerg vun enger Betreiung
Neiegkeeten

58% vun de Kanner profitéieren zu Lëtzebuerg vun enger Betreiung

Dëst erginn aktuell Zuelen, déi den Eurostat verëffentlecht huet a

SNPGL: „D‘Reform huet keng Verbesserung bruecht“

Policegewerkschaft am Clinch mat der Direktioun an der Regierung

SNPGL: „D‘Reform huet keng Verbesserung bruecht“

Et war nawell en zimlech genervte SNPGL-President, deen op der Generalversammlung vun der Police-Gewerkschaft nach emol op déi däreg an onendlech Mëssel agaangen ass. De Gruef tëscht de Beamten an dem „Kader-Personal“ huet sech weider verdéift, den Dialog verkënnt zur Farce…

Dobäi hat et eng Reform ginn, déi – esou den deemolege Minister Etienne Schneider – déi sech als villverspriechend presentéiert hat a vun alle concernéierte Parteie begréisst gi war. Elo waren zu Walfer awer grad dës Reform, a virun allem déi an aller Illegalitéit geleeschten Iwwerstonnen, de grousse Sujet vum Owend. Et ass géint d‘Direktioun, den Etienne Schneider an de François Bausch geschoss ginn, an zwar zolidd. Déi hunn domatter gerechent, a sech vu Walfer ewech gehalen.

Et ass en Trappewitz vun der Lëtzebuerger Justiz, wann et grad déi Leit sinn, déi ugehale sinn anere kloer ze maachen datt d‘Gesetzer anzehale sinn, déi wëssentlech an op Uerder „vun Uewen“ iwwerginn. De Pascal Ricquier huet also op e neits nach emol missen drun erënneren, datt laut Gesetz, e Polizist 8 Iwwerstonne pro Woch leeschten dierf, an d‘Aarbechtszäit kloer definéiert ass. Et wier allerdéngs onméiglech de gesetzleche Kader als Polizist anzehalen. Abee merde alors!

Eng Reform déi nëmmen der Hierarchie entgéint kënnt?

An de SNPGL-President léisst et lafen, bezichtegt Politik an Direktioun gläichermoossen sech fir eng Reform agesat ze hunn, déi eenzeg an eleng dem Kaderpersonal entgéint kënnt. „Et geet net méi drëms den Déngscht effizient ze organiséieren, mee ëm Goss a Muecht!“, esou de Pascal Ricquier, dee fir dës Ausso vill Zousproch erhält. Dobäi huet d‘Direktioun et net einfach: wéi soll een och effizient e Service organiséieren, wann engem d‘Leit vir an hanne feelen.

Dat awer wier och ee vun dësen „hausgemaachte Problemer“, iergert sech de Pascal Ricquier, dee constatéiere muss, datt den nächste Rekrutement vun Inspekteren, fréistens 2020 virgesinn ass. Dat bréngt mat sech, datt der EU-Direktiv aus dem Joer 2003 net kann entsprach ginn. Dobäi hat eist Land bei der Ëmsetzung vun der Direktive, d‘Konditioune verschäerft an d‘Referenzperiod net an d‘Gesetz iwwerholl. Eng gutt gemengten Entscheedung, wann ee sech dann och géif drun halen.

Net justifiéiert Iwwerstonnen, erzwonge Permanencen

Bezitt et sech nach emol op d‘Reform, muss ee feststellen, datt sech d‘Situatioun fir vill Beamten éischter verschlechtert huet. Esou d‘Poliziste vun der UGAO (Waach- an operationell Eenheet zur Ënnerstëtzung) déi nieft hiren „normalen“ Aarbechtsstonnen, esouwuel Iwwerstonne wéi och nach Permanencen drumme mussen. Laut der Gewerkschaft gëtt den Agente bis zu 17 Dëngschtstonnen zougemutt, wat zu Rouzäite vu grad emol 6 Stonne féiert. E Fait deen absolut inakzeptabel ass.

An den SNPGL-President kann an dësem Kontext absolut net novollzéien, firwat et ënnert dëse Konditioune méiglech ass, d‘Beamte vun der UGAO elo och nach mam Gefaangenentransport ze belaaschten. An engem éischte Schratt waren zu dësem Zweck Beamte vun de Kommissariater ofgezu ginn, mee dat schued der Aarbecht um Terrain, an d‘Direktioun huet dës Mesure nees réckgängeg gemaach. An d‘UGAO ass net déi eenzeg Eenheet déi mat dëse Problemer ze dinn huet.

Falsch Behaaptunge maachen d‘Saach net besser

Dat alles ass da schonn zimlech erstaunlech bis erschreckend. Leider awer wäit dovunner ewech dem Pascal Ricquier seng eenzeg Suerg ze sinn. Hie misst sech, esou de Gewerkschaftspresident, dann och nach mat falschen Aussoen erëmschloen. Esou hätt d‘Police-Direktioun dem zoustännege Minister d‘Informatioun iwwermëttelt, datt een am Begrëff wier mat der SNPGL en Accord ze fannen. Dat, an do ass de Pascal Ricquier zimlech däitlech, wier net Fall.

Et kann een folglech novollzéien, datt d‘Männer a Frae vum SNPGL d‘Reform als „schänterlech“ bezeechnen. Hire Gewerkschaftspresident invitéiert si dann och, de Fall gesat se geséichen sech „geschiedegt“ oder wären der Meenung an der Illegalitéit ze schaffen, eng Plainte bei der IGP (Policeinspektioun) ze deposéieren. Hie fuerdert zudeem vum zoustännege Minister François Bausch der Direktioun den Uerder ze ginn, sech endlech un déi am Land gülteg Gesetzer ze halen.

Déi „ugeschwaten“ sinn iwwert esou Aussoen net erfreet

Säitens der Policedirektioun ass een iwwert esou Aussoen, fir net vun engem verbalen Ugrëff ze schwätzen, wéineg erfreet an weist dann och emol all déi gemaachte Virwërf zréck. Si beruffen sech am Kontext vun den Iwwerstonnen op de Fait, datt d‘Gesetz „expressis verbis“ dës an der Urgence, oder engem aussergewéinlechen Aarbechtsiwwerschoss, erlaabt. A wann ee souwisou net matenee schwätzt, kann een de Ball zréckginn, a bedaueren, datt et dem SNPGL u gudde Wëlle feelt.

Och de Policeminister François Bausch (déi gréng) dee fir d‘Police zoustänneg ass, ass vun den Aussoen déi de Pascal Ricquier an d‘Welt gesat huet, éischter getouft wéi datt hei d‘Positioun vun der Direktioun géif hannerfrot ginn. Hien hält d‘Approche zu den ugeschwate Problemer säitens der Police-Gewerkschaft fir däitlech iwwerzunn. „Dat si perséinlech Attacke géint d‘Direktioun vun der Police, an dat wäert ech net toleréieren“, esou de Minister deen der SNPGL Gejéimers virwërft.

Ähnlech Sujeten François Bausch, Pascal Ricquier, Police, Policereform, SNPGL, UN-Generalversammlung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel