Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

En Accord fir d‘Stolwierk vun Diddeleng?
Stories

En Accord fir d‘Stolwierk vun Diddeleng?

E Freideg huet ArcelorMittal annoncéiert, datt et an den Dossieren

https://moien.lu/dating-websites-embarrassing/
year dating
Stories

Wéinst der Affär Skripal: iwwer 110 russesch Diplomaten ausgewisen

D‘USA hunn um Méindeg „déi ëmfangräichst Ausweisung vu russesche Spiounen“

Editorial: Wann de Flavio op héijem Niveau jéimert…
Stories

Editorial: Wann de Flavio op héijem Niveau jéimert…

Et gëtt Mënschen, deene kanns alles vir an hannen erastiechen,

SnT an Honda op der Sich nom sécheren Autosschlëssel

SnT an Honda op der Sich nom sécheren Autosschlëssel

De passive Schlëssel mécht engem d‘Liewen als Chauffeur méi einfach, dem Déif awer och. An well et awer esou praktesch a bequem ass, den Auto schonn opgeet wann ee just op en duer kënnt, an een dann nach just de Knäppche muss drécke fir lasszefueren.

Mee wann déi eenzeg Sécherheetsmoossnam déi begrenzt Reechwäit vun ongeféier zéng Meter ass, da gëtt et der déi sech dorausser e Virdeel wëll beschafen. Um Schwaarzmaart kënnen sech d‘Brigange Standartproduite kafen, déi et erlaben de Schlësselsignal ze verstäerken. Esou kënnen se dann de Auto opmaachen, starten an sech duerch d‘Bascht maachen.

Jo, de Schlëssel muss dofir tatsächlech nach net emol ganz no um Auto dru sinn. Esou en Déifstall ass mat dat propperst, well en hannerléisst keng Spueren an huet meeschtens zur folleg, datt Vollkasko hin, Deelkasko hir, de Versécherungsusproch net ka geltend gemaach ginn.

De Problem ass bekannt an awer

Obwuel et e rekurrente Sujet ass de vun de Medie reegelméisseg opgegraff gëtt, schéngen ëmmer nach e sëllechen Autobesëtzer sech kaum Gedanken ze maachen. Dobäi gëtt et déi sougenannten „relay attacks“ schonn zanter 2011 an de Problem hëlt exponentiell zou. Gewarnt gëtt elo och scho vun den Automobilclub‘en.

E gudde Grond fir zwee ICT-Experte vum „Interdisciplinary Center for Security, Reliability and Trust“ (SnT) vun der Universitéit Lëtzebuerg, zesumme mat Honda R&D Europe no Léisungen ze sichen an d‘Sécherheetslach ze stoppen. Am Fréijoer haten heizou de Prof. Dr. Thomas Engel an den Dr. Florian Adamsky e Fërdervertrag mam Autokonzern ënnerschriwwen.

Mam Versuch ze fuddele späert sech den Auto zou

Fir d‘Ugrëff an esou den Déifstall vum Auto ze verhënneren huet den Thomas Engel mat senger Equipe ugefaangen un enger Léisung ze schaffen déi mat engem „smart device“ also beispillsweis engem Handy ka funktionéieren. Heifir gëtt d‘Zäit analyséiert, déi d‘Signal vum Schlëssel fir de Wee bis bei den Auto brauch ze analyséieren an et gëtt gepréift ob datt bannent enger gewësser Distanz erfollegt. (Distance Bounding Protokoll – DPB)

Huet d‘Signal eng gewëssen Zäit iwwerschratt, erkennt de System automatesch, datt eng Manipulatioun virläit a verrigelt automatesch den Auto. Déi grouss Erausfuerderung hei sinn déi vill Interferenzen um 2,4GHz Band déi vun de meeschten Apparater genotzt gëtt. A well den DPB zimlech zäitkritesch ass, erweist et sech als komplizéiert dëse Protokoll op engem normalen „smart device“ ze implementéieren.

Zesummegeschafft gëtt elo emol ee Joer

Deem Problem hunn sech allerdéngs och nach aner Autohiersteller ugeholl, dorënner och General Motors (GM). Kee konnt awer bis haut e System virweisen dee sécher an intelligent genuch wier, ouni Internetverbindung oder Drock op de Knäppchen auszekommen.

D‘Equipe vum SnT huet sech 2016 un der Ausschreiwung „Honda Initiative Grant Europe“ bedeelegt an d‘Fërderung vir ee Joer erhalen. Dëst Partenariat ka weidergefouert ginn, wann sech béid Parteien eens ginn.

Ugesicht der Tatsaach, datt se beim SnT gutt Fortschrëtter maachen an sech de SECAN-Lab mat de Grondlage wéi och mat der ugewannter Fuerschung an Beräich Computer-Netzwierker a Sécherheet befaasst sollten d‘Resultater net op sech waarde loossen.

mam Uwe Hentschel/uni.lu

Ähnlech Sujeten Autosschlëssel, Honda, SnT, Universitéit Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel