Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Editorial: E russesche Spioun, Beschëllegungen a keng Beweiser
Kultur Neiegkeeten

Editorial: E russesche Spioun, Beschëllegungen a keng Beweiser

Also wat do nees a Groussbritannien eng opgefouert gëtt, just

Wéi gutt kenns du dech mat der Stad Déifferdeng aus?
Kultur Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du dech mat der Stad Déifferdeng aus?

  Et ass d’Stad vum Stol a wuel eng vun

Midterm Elections: „Wielt Republikaner oder d‘USA si verluer“
Kultur Neiegkeeten

Midterm Elections: „Wielt Republikaner oder d‘USA si verluer“

E Samschdeg huet den US-President d‘Amerikaner gewarnt, datt am Fall

SOAP2GO – Praktesch an hauchdënn Seef fir jiddwereen!

SOAP2GO – Praktesch an hauchdënn Seef fir jiddwereen!

Kreativ jonk Käpp aus dem Lycée Michel Lucius hu sech zesumme gesat, fir esou een innovativen eemolegen, an dobäi och nach praktesche Gadget ze erfannen. D’Pabeier-Seef mam Numm „SOAP2GO“ mëscht net nëmmen d’Hänn propper, mee dréit och nach an der Nohaltegkeet säin Deel bäi.

Lëtzebuerg opgepasst! Dës Seef kéint an Zukunft eis alldeeglech Gewunnechte vum Wäsche verbesseren an, an engems och nach eppes gudder fir d’Ëmwelt maachen. D’Schüler vun der 2ième Commerce et Gestion hunn am Kader vun der Mini-Entreprise nämlech eng Aart Pabeier-Seef entwéckelt, déi sech beim Wäsche lues a lues opléist.

Dobäi ass dëse fantastesche Produit net nëmme per Hand gemaach, mee och nach vegan, biodegradabel, net un Déiere getest an se enthält keng Spur vu Plastik. Keeft ee sech déi kleng an handlech metallesch Boîte, esou fënnt een doran eng Rei waasserléislech Pabeiersträifen, déi di benéidegt Seef enthalen. Virun allem bei Reesen, Sortien a Festivalen erweist sech déi kleng Box als immens praktesch.

SOAP2GO

Sollt Dir elo nach ëmmer skeptesch sinn, sou sief Iech gesot, datt d’Schüler vun der Mini-Entreprise un alles geduecht hunn. Vir seng Hänn richteg propper ze wäsche brauch een 1 Minutt, a genau dat ass och d’Zäit an der sech d’Pabeier-Seef spéitstens opgeléist huet.

Ziel ass et, esou Grënner vu SOAP2GO, fir den Artikel méi bekannt ze maachen an een Deel vum Benefice als Don un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner ze ginn, woubäi mir nees bei engem neie Virdeel vum Produit wiren. Donieft ass et hinnen awer och wichteg, sech am Concours duerchzesetzen, fir esou am Juli mat op Lille kënnen ze goen, wou si hiren innovative Projet virun den europäesche Länner presentéiere kënne.

SOAP2GO

Jo, esou kleng kann eng Seef sinn! A wien dësen Artikel emol teste well, sollt onbedéngt hire Verkaftsstand besichen!© SOAP2GO

Vir d’Vente organiséiert d’Mini-Entreprise ëmmer erëm Verkafsdeeg op de verschiddenste Plazen am Land. Um 20. Abrëll steet hei d’City Concorde, den 27. Abrëll den Topaze an de 25. Mee de Walfer Shoppingscenter um Programm. Dat sollt ee sech op kee Fall entgoe loossen!

Wien méi iwwert SOAP2GO wësse wëll, den sollt sech mol hire Facebook-Site an d’Säit op Instagram ukucken. Et lount sech!

Ähnlech Sujeten Kreativitéit, Lycée Michel Lucius, Mini-Entreprise, Pabeier-Seef, SOAP2GO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel