Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

15. Joer Slowenien an der EU: De Xavier Bettel bei der Zeremonie!
Money Neiegkeeten

15. Joer Slowenien an der EU: De Xavier Bettel bei der Zeremonie!

Um vergaangene Mëttwoch huet de Premierminister Xavier Bettel an der

money
Massiv Entloossunge bei General Motors
Money Neiegkeeten

Massiv Entloossunge bei General Motors

General Motors (GM), de gréissten US-Autoconstructeur, huet e Méindeg annoncéiert,

Schluecht ëm Raqqa an de finaler Phas
Money Neiegkeeten

Schluecht ëm Raqqa an de finaler Phas

Den Islamesche Staat (IS), oder besser gesot dat wat nach

money

SOCFIN – Dem Finanzsecteur säi „Monsanto“

Al giereg Männer déi längst alles besëtze kënne keng Humaniste sinn

SOCFIN – Dem Finanzsecteur säi „Monsanto“

Wéi all Joer treffen sech d‘Aktionäre vun der SOCFIN – enger Lëtzebuerger Finanzgesellschaft an där d‘Haaptaktionären den Hubert Fabri (Belsch) a Vincent Bolloré (Frankräich) sinn. SOCFIN, där hiert Geschäftsfeld primär op der Exploitatioun vu Palmenueleg a Kautschuk besteet, steet am Fokus vun der Kritik vu villen ONGen, déi d‘Aktivitéiten an Afrika an Asien ënnert d‘Lupp huelen.

D‘SOCFIN steet fir „Verantwortlech Tropesch Landwirtschaft“ an hir Missioun ass et déi tropesch Landwirtschaft an enger verantwortlecher, nohalteger a innovativer Aart a Weis ze gestalten. Wann dat esou stëmmt dierft dir muer nees mat fëmmen ufänken, well dann ass den Tubak jo och gesond. Tatsächlech verhält et sech esou, datt op „hire“ Plantagen de Mënsch an d‘Natur ausgebeut ginn.

SOCFIN

Vertrieder vun den ONGen interpelléieren d‘Aktionäre vu SOCFIN bei hirer Arrivée am „Parc Belair“. Déi dierften duebel enttäuscht gewiescht sinn: „Masseg Virwërf a Kritik, Null Dividenden“ © ASTM Lëtzebuerg

Sech dëse Praktiken an de Wee ze stellen, dat hu sech 16 ONGen – déi sech ënnert dem Sigel „Devoir de Vigilence“ zesummefonnt hunn – an déi 22 Organisatioune vun der Plattform „Meng Landwirtschaft“ zur Aufgab gemaach. Si fuerdere Gerechtegkeet fir Anrainer vun de SOCFIN-Plantagen. Déi muss per Gesetz erfollegen, well „fräiwëlleg“ war an ass deem net bäizekommen.

Och als klengen Aktionär dierf ee sech zu Wuert mellen

Gëschter also war nees Aktionärsversammlung, dat am flotte Kader vum „Parc Belair“ allerdéngs ënnert verännerte Konditiounen. Zum engen huet et virun der Dier e gréissere Protestpiquet ginn, zum aneren haten sech néng Membere vu belschen, franséischen a lëtzebuergeschen ONGen eng Aktie kaft, an hunn un der Versammlung dierfen deel huelen. Eng gutt Geleeënheet „opzeklären“.

D‘Spriecherin vun de belschen ONGen, d‘Florence Kroff betount dann och, datt et den Aktivisten an éischter Linn drëms geet d‘Dirigenten an d‘Aktionäre vun der SOCFIN op d‘Revendicatioune vun den honnertdausende Mënschen, déi duerch d‘Aktivitéite vun dëser Finanzgesellschaft net nëmmen hirer Zukunft beklaut ginn, mee an Ofhängegkeet an Aarmut gedriwwe ginn.

SOCFIN

Mee dogéint wiert sech SOCFIN a verweist op säi Joresbericht. Deen, dat konnten d‘Aktiviste kloer beleeën huet näischt mat der Realitéit um Terrain ze dinn. Et muss dann och keen Hellseher sinn fir sech virzestellen datt den Duo Fabri/Bolloré – a vill Aktionäre – wéineg begeeschtert waren déi „Hippien“ op hirem „Cremant- a Kaviarfest“ ze gesinn. Manéierlech waren se dann och net…

Dem Bolloré fält kee gescheite Saz an mee hält wéinstens de Mond

No der Sëtzung – mir duerften net eran, hunn och keng Aktien – gouf bericht, datt de Vincent Bolloré et de ganzen Dag iwwer virgezunn huet de Bak ze halen. Net esou den ëmstriddene belsche Partner Hubert Fabri. Deen huet mat juristesche Poursuitte gedreet an dierft och den Optrag ginn hunn den Aktivisten hir perséinlech Daten opzehuelen. A mat der Justiz kennt de Mann sech aus.

D‘Martine Lefebvre (SOS Faim Lëtzebuerg) huet erzielt, datt d‘SOCFIN-Dirigenten argumentéiert hätten, datt een de Chinesen net dierft den Terrain iwwerloossen an et mat deenen nach méi schrecklech géif ausgesinn. Dat huet dann déi ganz intelligent a rhetoresch gebilt Aktionären derzou motivéiert den Hippien entgéint ze ruffen: „Et ass net a China wou dir iech dat erlabe géift!“.

SOCFIN

Schéi wann d‘Maske falen an al giereg Männer ouni Zukunft de gesellschaftlechen Zoustand esou däitlech representéieren. Leider ass et Fakt, datt d‘Mënschen hiert Land geklaut kréien, wien sech wiert gëtt vu private Sécherheetsbeamte liquidéiert (Sierra Leone Januar 2019: 2 Doudeger). Am Liberia vergräifen sech d‘Sécherheetsleit a Manager un de Fraen, a kee schéngt et ze stéieren

Politiker hunn e Präisschëld ëmhänken, d‘Aktivisten net

Während sech d‘Politik – wéi ëmmer wann et ëm vill Geld a Muecht geet – aus allem eraushält, mee sech doduerch eng Matschold opluet, hunn eng Rei Organisatioune gëschter zu Nanterre (F) um Geriicht eng Plainte deponéiert, dat géint de Grupp Bolloré. Dee soll elo per Geriichtsuerteel dozou gezwonge ginn säin eegenen Aktiounsplang am Kamerun ëmzesetzen. Éischter fréiert d‘Hell zou…

Allerdéngs dierft dem op de renge finanzielle Profit ausgeriichten Aktionär seng Opmierksamkeet erwächt gi sinn. Schliisslech gi vu „sengem Goss“ och déi sozial versprachen Aktiounen – esou de Bau vun 31 Spideeler – finanzéiert, wat natierlech manner Boni bedeit. Elo kënnen d‘ONGe keng Zuele virleeë vun deem wat „net gemaach gouf“, mee d‘SOCFIN gëtt och keng Detailer hir.

SOCFIN

No Lëtzebuerg gëtt haut bei der Generalversammlung vum Grupp Bolloré demonstréiert. © grain.org (via Twitter)

Iwwerhaapt dierft de SOCFIN-Aktionär gëschter éischter enttäuscht gewiescht sinn. De Marché vum Palmenueleg a Kautschuk erlieft säit 2018 eng zolidd Baisse, an esou bleiwe grad emol 20 Milliounen hänken, firwat d‘Generalversammlung entscheet huet keng Dividenden auszebezuelen. Do ass jo Monsanto besser opgestallt. Net ze vergiessen datt et zu Lëtzebuerg vill SOCFINe gëtt.

Randbemierkung:

Fir net d‘Gefill opkommen ze loosse mir géifen de Leit hire Goss net vergënnen, just esouvill: et huet keen dem Konstrukt „SOCFIN“ opgezwongen sech selwer Engagementer ze imposéiere fir se dann net ëmzesetzen. Dat gouf zudeem och just gemaach, well d‘Politik zu „méi Verantwortung“ opgeruff, net awer verflicht huet. D‘Chinese si keen deit besser, hu sech awer zu näischt verflicht.

Woubäi déi och d‘Finanzplaz benotze fir zumindest ähnlech Geschäftsfelder ze bedreiwen. Wann et also net méiglech ass der Wirtschaft Spillregelen opzëerleeën, fir zu enger méi humaner a sozialer Welt ze gelaangen, wéi schwéier gëtt et dann eréischt politesch Entscheedungen ze treffen déi eis virun enger Klimakatastroph schütze sollen? Schüler sollten net nëmme viru Ministère streiken…

Ähnlech Sujeten Enteegenung, Groupe Bolloré, Hubert Fabri, Kautschuk, Mënscherechter, Palmenueleg, SOCFIN, Vincent Bolloré
Nächsten Artikel Virrechten Artikel