Search

You may also like

Wéi gutt kenns du Superhelde-Filmer?
Uncategorized

Wéi gutt kenns du Superhelde-Filmer?

[onionbuzz quiz-id=21][/onionbuzz]

Lyon: Attentat an der Foussgängerzon
Uncategorized

Lyon: Attentat an der Foussgängerzon

Am Zentrum vu Lyon (Frankräich) ass am spéiden Nomëtteg bei

Den Ausseministère informéiert zur Arees a Groussbritannien
Uncategorized

Den Ausseministère informéiert zur Arees a Groussbritannien

Duerch déi aktuell Entwécklung vun den Infektiounszuelen huet Groussbritannien eng

Social Media Netiquette

Social Media Netiquette

Mir si frou, Iech kënnen eis Servicer unzebidden, dorënner natierlech d’Méiglechkeet, eis Bäiträg ze kommentéieren.

Beim Kommentéiere biede mer Iech:

  • datt Dir Iech op d’Thema bezitt;
  • datt Dier Är eege Meenung mat Argumenter hannerleet ;
  • datt Dir Iech verständlech ausdréckt. Doriwwer eraus ass et eis wichteg;
  • datt de Respekt an der Diskussioun op éichter Plaz steet.

Dowéinst bedenkt:

  • Hannert all Bildschirm sëtzt e Mënsch ( “Think before you post”);
  • Bleiwt fair a sachlech an denkt drun, datt Kommunikatioun op dëser Säit ëffentlech ass;
  • Respektéiert w.e.g. aner Notzer_Innen an hier Meenungen;
  • Schreift net mat Roserei am Bauch.

Den Internet ass kee rechtsfräie Raum: Och an de soziale Medie gëllen national an international Gesetzer a Reegelen. Als Notzer vun der Kommunikatioun drot Dier och Är Responsabilitéit. Dowéinst si verschidden Typpe vu Kommentaren net akzeptabel:

  • Illegal Inhalter wéi rassistesch, diskriminéierend, sexistesch, pornografesch oder gewaltverherrlechend Bäiträg, wéi z.B. Opruff zum Haass oder zur Gewalt a Beleidungen;
  • Onubruecht Inhalter wéi anzüglech oder perséinlech Ugrëff;
  • Spam, Kontaktannoncen, Reklammen, aner kommerziell Inhalter oder falsch Informatiounen.

Wann dës Reegelen net agehale ginn, behale mir eis d’Recht vir:

  • déi verantwortlech Persounen ze warnen, fir sou Kommentaren ze ënnerloossen;
  • Bäiträg net ze verëffentlechen, ze editéieren, ze verstoppen oder ze läschen;
  • déi verantwortlech Persoun vun eiser Säit ze spären
  • oder all aner ubruecht, och juristesch Moossnam ze ergräifen.

Op Ufro informéiere mer Iech als Notzer gäre iwwert de Grond, deen zu enger vun dëse Mesurë gefouert huet. Als Notzer vun dëser Säit erkläert Dir Iech mat dëse Richtlinnen a Benotzerreegelen averstanen. Bei Froen a Bemierkunge kënnt Dir eis gäre kontaktéieren. Dës Netiquette gouf mat BEE SECURE a mam Presserot ausgeschaftft.

Related topics Bee Secure, Beiträg, Facebook, Kommentar, Kommentéieren, Netiquette, Presserot, Reegelen, Riichtlinnen, Social Media
Next post Previous post