Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng Hotline géint haislech Gewalt (kommentéiert)
International Neiegkeeten

Eng Hotline géint haislech Gewalt (kommentéiert)

Haislech Gewalt ass besonnesch am Confinement ee Kappzerbrieches a vläicht

De Feierdäiwel am Rausch vun de Flamen
International Neiegkeeten

De Feierdäiwel am Rausch vun de Flamen

Och gëschter huet den CGDIS nees zuelräich Bränn, verdeelt am

Reorganisatioun vum City-Bus zu Wolz
International Neiegkeeten

Reorganisatioun vum City-Bus zu Wolz

Wéi d‘Gemeng Wolz informéiert, gëtt ab dem 15. Dezember de

Erfollegräiche Start fir d‘Sond: Solar Orbiter

Fuerscher erhoffen sech eenzegaarteg Biller an nei Erkenntnisser iwwert eis Sonn

Erfollegräiche Start fir d‘Sond: Solar Orbiter

Op der Weltraumgar zu Cape Canaveral am Bundesstaat Florida (USA) ass u Bord vun enger Atlas V411 Rakéit virun ee puer Stonnen (5 Auer mëtteleuropäesch Zäit) déi nei ESA-Sond Solar Orbiter op seng laang Rees geschéckt ginn. Solar Orbiter soll e Bléck op bis ewell manner bekannte Regioune vun der Sonn werfen a wa méiglech och eng Analys vun de Polen erméiglechen.

Eng Missioun déi awer och soll Erkenntnisser zu de sougenannte „Sonne-Wänn“ an hirem Afloss op d‘Äerd liwweren. Et ass ee gemeinschaftleche Projet vun der NASA an der ESA, an d‘Sond huet zéng wëssenschaftlech Instrumenter u Bord. Si gëtt iwwregens vum europäesche Kontrollzenter zu Darmstadt (ESOC) aus gesteiert. Geschätzt Käschte vun der Missioun: ronn 1,5 Milliarden Euro.

An et ass wéi schon ugedeit eng laang Rees, déi de Solar Orbiter virun sech huet, woubäi dat net seng gréissten Erausfuerderung dierft sinn. D‘Sonn ass eng 150 Millioune Kilometer vun eis ewech an déi 1.800 Kg schwéier Sond, soll bis 42 Millioune Kilometer un d‘Sonn erukommen. Wann si do ukomm ass, ass si der 13facher Intensitéit vun der Sonn ausgesat, wéi dat op der Äerd de Fall ass.

Orbiter

Op der Sonnenuewerfläch herrschen Temperature vu ronn 5.500°C (bannen dra sollen et bis zu 16 Millioune Grad sinn). Um geplangten Orbit vun der Sonn, also eng 42 Millioune Kilometer vun der Sonn ewech, ka sech d‘Sond op bis zu 500°C erhëtzen. Fir sech virun der direkter Bestrahlung vun der Sonn ze schützen, ass de Solar Orbiter mat engem Hëtzschëld aus Titan ausstafféiert ginn.

D‘Kommunikatioun mat der Sond dierft och zu de gréisseren Erausfuerderunge gehéieren. Op senger Fluchbunn ass d‘Sond deels bis zu 300 Millioune Kilometer vun eis ewech, firwat ee Radiossignal tëscht 16 a 17 Minutte brauch fir an déi eng oder aner Richtung iwwermëttelt ze ginn. Eng Situatioun déi si zu Darmstadt iwwer Wochen akribesch getest an ausprobéiert hunn.

Orbiter

Erënnere mir an dësem Kontext awer drun, datt d‘Amerikaner scho virun 18 Méint eng Sond a Richtung Sonn ofgeschéckt hunn. D‘Sond mat der Bezeechnung „Parker Solar Probe“huet scho säi véierten Ëmlaf absolvéiert. Béid Sonden hunn als Missioun d‘Geheimnisser vun der Sonn ze entschlësselen. Dozou gehéieren déi gewalteg Sonneneruptiounen déi nach vill Rätsel opweisen.

Dës sougenannt koronal Eruptioune schleideren onmoosseg Massen u Gas a Plasma an de Weltraum déi bis zur Äerd reechen. Dëst „Weltraum-Wieder“ ka Satellitten, d‘Elektronik vun de Fliger an och déi fir d‘GPS-Signaler verantwortlech Navigatiounssystemer beanträchtegen. Den Ament kann een esou Phenomener e puer Stonnen am Viraus erkennen. Dat kéint duerch d‘Missioun besser ginn…

mat indymedia/cgn/mia

Foto: © ESA

Ähnlech Sujeten ESA, NASA, Parker Solar Probe, Solar Orbiter, Sonn, Weltraumfuerschung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel