Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

OGBL: Den Index an d’Pensioune mussen erhale bleiwen!
poems dating

OGBL: Den Index an d’Pensioune mussen erhale bleiwen!

An der aller Seeërei zu Dikrech huet sech den OGBL

i'm a junior girl dating a freshman
poems dating

https://moien.lu/speed-dating-indian-london/

Mat de Perquisitioune vun de Büroe vu sëlleche Volleksvertrieder a

CFL: Nei Fuerpläng fir 2019
poems dating

CFL: Nei Fuerpläng fir 2019

Wéi all Joer ännert sech de Fuerplang vun den CFL-Zich

Lëtzebuerg huet d‘Zeremonie fir den internationale Solar-Präis 2019 zougestane kritt

Eng gutt Geleeënheet fir de Lëtzebuerger Solar-Präis nees opzehuelen

Lëtzebuerg huet d‘Zeremonie fir den internationale Solar-Präis 2019 zougestane kritt

Zanter 2002 aktiv an der Fërderung an der Verbreedung vun den erneierbaren Energien zu Lëtzebuerg, a méi spezifesch dem Beräich vun der Sonnenenergie, huet d‘Asbl Eurosolar Lëtzebuerg déi grouss Éier fir déi éischte Kéier hei am Land, déi offiziell Zeremonie vum internationale Solar-Präis 2019 ze organiséieren.

2019 Joer gëtt den internationale Solar-Präis den 15. November am Haus vun der Konscht an de Studenten um Campus Belval, ënnert dem Patronage vun de Ministère fir Energie an Ëmwelt, iwwerreecht. Dat mat der Ënnerstëtzung vun der Stad Esch-Uelzecht, dem Fonds Belval, der Uni-Lëtzebuerg, der Handwierkerkummer, dem Uerder vun den Architekten an Ingenieuren, esou wéi der Handwierkerfederatioun. Den detailléierte Programm vun der Zeremonie: www.eurosolar.lu.

Den internationale Solar-Präis belount all Joers déi exemplaresch Engagementer am Beräich vun der Sonnenenergie, a verschiddene Secteuren. Innovativ, ëmwelttechnesch, energetesch, sozial oder zukunftsverspriechend Aspekter gi beim Choix vun den zukünftege Laureaten berécksiichtegt. Déi ënnerschiddlech Kategorie sinn um Site vun Eurosolar Däitschland anzegesinn.

De Lëtzebuerger Solar-Präis

D‘Asbl Eurosolar Lëtzebuerg relancéiert bei dëser Geleeënheet de Lëtzebuerger Solar-Präis, fir déi beschten national Projeten ze belounen: Gemengen, Industrie, Privatpersounen, Kooperativen, Architekten, Biergerinitiativen… Wat et och ëmmer fir e Solar-Projet ass, e kann ëmmer der Jury presentéiert ginn. De Laureat vum Lëtzebuerger Solar-Präis, vertrëtt dann och d‘Land fir den internationale Solar-Präis 2019.

Fir matzemaachen ass et u sech ganz einfach. Et muss ee just dëse Formulaire ausfëllen (ass och um Site), an drun denken de Projet virum 31. Juni Mëtternuecht agereecht ze hunn.

Matgedeelt vun der Asbl Eurosolar Lëtzebuerg, aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten Eurosolar, Eurosolar Lëtzebuerg, Solar-Präis
Nächsten Artikel Virrechten Artikel