Iranesch Atombomm: Israel wëll Beweiser hunn an d‘USA gesinn sech bestätegt
Déi vun Israel virgeluechte „Beweiser“ zu engem geheime Plang vum
Déi vun Israel virgeluechte „Beweiser“ zu engem geheime Plang vum
Vir den Europadag vun haut bitt d’Europa Kommissioun d’Geleeënheet, un
En Donneschdeg iwwerhuelen eis däitsch Noperen d‘Presidence vun der EU,
Déi Stater si bereet fir d‘Solden (28 Juni – 27. Juli) firwat dann och d‘Geschäfter an der Uewerstad, mee och am Garer Quartier dësen an de nächste Sonndeg op hunn. Zu dëser Geleeënheet sinn all d‘Busser vun der Stad Lëtzebuerg (VDL) a verschidde RGTR-Linne gratis. Dozou kënnt nach de „City Shopping Bus“ (eng gratis Navette tëscht dem Parking „Glacis“ an der Beaumont-Strooss).
Um Weekend mécht de „City Shopping Bus“ e gréissen Tour. Esou ginn ausser der Beaumont-Strooss, och d‘Arrêten: Forum-Royal, Kathedral, Gruef a Kasinosgaass ugefuer. Uecht gedoen: dësen Transport gëtt nëmmen tëscht 13.30 an 18.30 Auer ugebueden. Wann alles wéi geplangt ofleeft, da sollt dëse Bus am 7 bis 8 Minutten-Takt op alle genannten Arrêten passéieren.
Säitens der Stad Lëtzebuerg gëtt drop higewisen, datt zur gläicher Zäit Animatiounen op der Fouerplaz stattfannen, an aus dësem Grond, den Arrêt vum „City Shopping Bus“ op de Boulevard de la Foire (bei der Faiencerie-Strooss) verluecht gëtt. D‘Parkingen: Schuman, Stade, Houwald a Bouillon si Samschdes a Sonndes gratis a beschtens un den ëffentlechen Transport ugebonnen.
Wéi ee gesäit, et si vill Efforte gemaach gi fir d‘Benotze vum ëffentlechen Transport esou attraktiv wéi nëmme méiglech ze gestalten. A grad bei dësem Wieder sollt een dovunner profitéieren, ass jo och net flott wann engem beim „shoppen“ d‘Loft ausgeet…
Illustratioun: Gerd Altmann/Pixabay