Schonn déi 25. Editioun vum „Luxembourg Beach Open“
Ob sech d‘Jongen an d‘Meedercher, déi viru gutt engem Véierelsjoerhonnert
Ob sech d‘Jongen an d‘Meedercher, déi viru gutt engem Véierelsjoerhonnert
No der Manifestatioun um 15. Mäerz 2019, bei der dausende
Nodeems de konservative „Partido Popular“ (PP) sech eng Renommée gemaach
Eng gutt Partie vun den 42.000 Verbannten op de griicheschen Insele ginn hei schonn zënter Méint, respektiv Joren zeréckgehalen. Et handelt sech also net ëm eng nei Situatioun. Mir befannen eis an enger humanitärer Katastroph, déi undauert a riskéiert an der aktueller Pandemie nach schlëmmer ze ginn.
Déi materiell a sanitär Konditiounen vun den Elendsvéierelen maachen de Respekt vun de Sécherheets- a Precautiounsmoossnamen onméiglech. Dat extreemt Zesummeliewen mécht et net méiglech, de Kontakt ze limitéieren. De Manktem u fléissendem Waasser léisst et als Illusioun erschéngen, sech reegelméisseg d’Hänn wäschen ze kënnen. D’Infrastrukture vun de Spideeler, déi schonn zu Normalzäiten iwwerlafen, kënnen d’Augmentatioun vu Kranken net duerchstoen.
Mat engem solidaresche Geste huet Lëtzebuerg sech bereet erkläert 12 Mannerjäreger, ouni Begleedung opzehuelen. Der UNHCR no ware 6.000 Mannerjäreger leschte Februar a Griicheland isoléiert, dovunner 2.000 an den Hotspotten. Dofir fuerderen déi Lénk d’Lëtzebuerger Regierung op:
Dës Ëmstänn si weder nei, nach spezifesch a Griicheland, an och net un d’Pandemie gebonnen. Zënter Joren ass d’Liewe vun de Verbannten duerch (Iwwer)Liewenskonditiounen gepräägt, duerch déi hir Grondrechter reegelméisseg lächerlech gemaach ginn. Wärend déi Europäesch Unioun a seng Memberstaaten eng repressiv Sécherheetspolitik uwennen an d’Grenzen ausglidderen, steet d’Liewe vun de Verbannten um Spill.
Der List of Deaths vu UNITED no, ginn 36.570 Doudesfäll der europäescher Migratiounspolitik tëscht 1993 an Abrëll 2019 zougeschriwwen. Dës gewalttäteg an onhuman Politik steet am totale Géigesaz zu de gemeinsamen an nationalen europäesche Wäerter, an dréit dozou bäi, datt Leit ouni Pabeieren ënnerwee sinn an am Verbuergene liewe mussen.
Aus dësem Grond ass et generell, a grad elo zur Zäit vun der Pandemie, noutwenneg dëser onwierdeger Kris, déi schonn ze laang undauert, een Enn ze setzen.
Matgedeelt vun déi Lénk