Search

You may also like

Kann des Petitioun de Verkéierschaos léisen?
Meenung Neiegkeeten

Kann des Petitioun de Verkéierschaos léisen?

Op mannst e Stéck vum Puzzle soll dës Petitioun duerstellen:

Wäerteunioun an AfD… alles eng Fro vum Standpunkt
Meenung Neiegkeeten

Wäerteunioun an AfD… alles eng Fro vum Standpunkt

Nom politesche Flopp an Thüringen, wou den Thomas Kemmerich vun

Law & Order: Dem US-President seng Policereform (Analys)
Meenung Neiegkeeten

Law & Order: Dem US-President seng Policereform (Analys)

Den US-President Donald Trump, deen sech bis ewell wéineg fir

Solidaritéit!

D‘CGFP erkläert sech Solidaresch mam Protest vun de Luxair Beschäftegten

Solidaritéit!

Virum Hannergrond vum Protestpiquet géint d‘Luxair-Spuermoossname virum „Héichhaus“ op der Europa-Plaz um Kierchbierg vun en Donneschdeg de Moien, erkläert sech d‘CGFP solidaresch mam ganze Personal vun der nationaler Fluchgesellschaft.

Fir d‘CGFP ass et net hinzehuelen, datt an enger Entreprise, déi sech majoritär an ëffentlecher Hand befënnt, op eng eklatant Aart a Weis sozial Rechter mat de Féiss getrëppelt ginn an haart erkämpft Errongenschaften eesäiteg a Fro gestallt ginn.

Selbstverständlech ka kee leegnen, datt de Loftfaartsecteur am Kontext vun der Coronavirus-Kris an zolidd Turbulenze geroden ass. Déi finanziell Auswierkunge vun der Pandemie rechtfäerdegen allerdéngs kengesfalls déi brutal Virgoensweis vun der Generaldirektioun.

Statt mam Briecheise Sozialofbau ze bedreiwen, sollten déi Verantwortlech bei der Luxair, am Dialog mam Personal no gemeinsame Léisunge sichen, fir d‘Zukunft vun der Entreprise laangfristeg ofzesécheren.

Matgedeelt vun der CGFP, fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: © Shari Pleimelding / moien.lu

Related topics CGFP, Loftfaartsecteur, Luxair, Protestpiquet, Sozialdialog, Tripartite Aviation
Next post Previous post