„Clin d’oeil du médecin“ – D’Foto-Ausstellung vun Dokteren
Gëschter huet um Knuedler de Vernissage vun der Foto-Ausstellung „Clin
Gëschter huet um Knuedler de Vernissage vun der Foto-Ausstellung „Clin
Via Twitter huet d‘Buergermeeschtesch vu Washington D.C., d‘Muriel Bowser, verkënnt,
D‘Erwaardunge vun der Käerjenger Gemeng goufen, esou déi allgemeng Ausso, zolidd iwwertraff. Si hat leschten Dënschdeg en Appell un d‘Solidaritéit gemaach, an d‘Leit gebieden de Baueren aus der Ëmgéigend eng Hand unzepaken, fir hir Felder a Wise vum Dreck deen duerch den Tornado entstanen ass, ze befreien. Iwwer 600 Fräiwëlleger waren e Samschdeg zur Botzaktioun ugetrueden.
An et ass erfreelech, datt zanter dem Tornado vum 9. August eng Well vun der Solidaritéit sech zu Lëtzebuerg breet gemaach huet. Dat gesäit esou och de Käerjenger Buergermeeschter Michel Wolter, deen allen e grousse Merci ausschwätzt. Hien huet an dësem Kontext drun erënnert, datt d‘Baueren direkt nom Onwieder eng zolidd Hand mat ugepaakt haten. Een hëlleft deem aneren…
Esou stoungen e Samschdegmuere 624 Leit bereet d‘Aarbecht an Ugrëff ze huelen. Déi goufe vu de Responsabel a Gruppen opgedeelt. Gutt encadréiert, hat all Grupp eng spezifesch Tâche ze erfëllen. Fir näischt dem Zoufall ze iwwerloossen, waren och déi fräiwëlleg Pompjeeën am Asaz. Dat fir de Fall, datt ee sech bei den Opraumaarbechte géif blesséieren. Dat ass zum Gléck ausbliwwen.
Den Asaz war vun der Gemeng „strategesch“ organiséiert ginn, esou datt effizient an effektiv konnt geschafft ginn. Et war esouguer méiglech ee puer Leit ofzestellen, fir enger Famill, déi vum Tornado betraff ass, beim plënneren zur Hand ze goen. Och zu Schuler (Gemeng Dippech) waren déi Fräiwëlleg am Asaz. Alles an allen goufe siwe Container mat Offall an Trëmmer gefëllt.
Et muss een net et dierf een awer: déi ganz Aktioun huet bei de Landwirt wéi och der Gemeng fir gutt Laun gesuergt. D‘Solidaritéit ass an de Käpp wéi an den Häerzer present, an esou konnt dem „Ongléck“ d‘Stir gebuede ginn. A si ware vun iwwerall hir: vun der Musel an aus dem héijen Norde ware si komm fir de Fräiwëllegen aus der Ëmgéigend eng Hand unzepaken. Dat ass exemplaresch.
Mee nach muss villes organiséiert ginn. D‘Assurance sinn derbäi den Tour vun de Versécherten ze maachen a Käerjeng huet alles organiséiert, fir de Leit déi mat de Formulaire a soss Dokumenter iwwerfuerdert sinn, zur Säit ze stoen. Dës Woch gëtt et nach eng Reunioun mat de Kollege vun der gemeng Péiteng, an och mat der Regierung soll de Punkt gemaach ginn. Et steet nach um Ufank…
Foto: Stiwwelen, Gezei géint de Reen a mat Eemeren ausstafféiert ass et an den Asaz gaangen © Gemeng Käerjeng