Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Europa: d‘Fuerderung no engem neien industrielle Model
Meenung

Europa: d‘Fuerderung no engem neien industrielle Model

D‘Decisioun vum Grupp Daimler sech vu sengem Standuert vun Hambach

Du sichs e méisproochegt Kannerbuch? Dëse Kiewerlek hëlleft der weider!
Meenung

Du sichs e méisproochegt Kannerbuch? Dëse Kiewerlek hëlleft der weider!

Et feelt um Lëtzebuerger Bichermaart net u Kannerbicher. Sief et

OGBL Jugend: Fir ee besser encadréierten a reglementéierte Stage
Meenung

OGBL Jugend: Fir ee besser encadréierten a reglementéierte Stage

D’Chamber bereet sech drop fir een neit Gesetz ze stëmmen,

Oppene Bréif: Stellt iech ee Moment vir…

Oppene Bréif: Stellt iech ee Moment vir…

Zum internationale Solidaritéitsdag mam Vollek vu Palestina, den 29. November, hei en oppene Bréif vun der Presidentin vum Lëtzebuerger Comité fir ee gerechte Fridden am Noen-Osten, Martine Kleinberg.

„Stellt iech vir, dir lieft zu Lëtzebuerg, säit 30 Joer, 100 Joer oder enger Zäit déi sech an der Erënnerung vun der Famill verléiert, op engem Buedem deen de kultivéiert vu Generatioun zu Generatioun, oder an engem Haus fir dat dir Blutt a Waasser geschweesst hutt.

Enges gudden Daags, eng Grupp vu Persounen déi sech als Nokomme vun den Trevirer bezeechnen, déi säit se vun de Réimer erausgehäit gi sinn, all Joer biede fir nees op de Buedem vun hiren Ahnen zréckzekommen, kënnt an äert Duerf. Am Ufank maacht dir hinne Plaz, et sinn ni Noperen, verschiddener voller Idealer, déi do vu wou se hir kommen ënnerdréckt gi sinn.

Op eemol sinn se ëmmer zu méi, huelen sech äre Buedem, dann de Rez-de-chaussée vun ärem Haus a wann et fäerdeg ass wunnt der um Späicher. Dir sidd indignéiert, gitt viru Geriicht a si bezeechnen iech als Rassisten, anti-Trevirer. Dir verstitt dat net, hutt et schwéier är Kanner an der Gitt ze halen.

Verschiddener ënnert hinnen entscheeden sech mat Gewalt hiert Eegentum ze verdeedegen, géintiwwer dem Schweige vun de Geriichter. Mat der Zäit kréien är Kanner d‘Etikett als Terrorist opgesat, an dir hutt nach just är Ae vir ze kräischen, iwwer är ausgerappte Beem, de verschandelte Buedem… Als lescht Réckzuchsméiglechkeet, fannt dir en Ënnerdaach am Schapp, deen d‘Trevirer d‘Frëndlechkeet hunn iech ze iwwerloossen.

1922 waren am ënner Mandat gefouerte Palestina ongeféier 10% vun den Awunner Judden. Eng Handvoll ënnert hinne ware palestinensesch Judden, déi schonn zanter Joerhonnerten do gelieft hunn, anerer, ukomm ëm 1880. 90% vun den Awunner waren also Palestinenser, Moslemen a Chrëschten. No der grousser Immigratioun tëscht 1919 an 1947, huet den Undeel un der jiddescher Populatioun bei 30% geleeën.

De 29 November 1947 entscheeden d‘Vereenten Natiounen d‘Opdeelung vu Palestina, woubäi fir Jerusalem en internationale Statut virgesi gëtt. 56% vu Palestina fir en jiddesche Staat a 44% fir en arabesche Staat.

No Kricher, Ausweisungen, Revolten a Friddensverhandlungen, hunn sech d‘Palestinenser dran erginn an hunn, 1993 de Prinzip vun engem palestinensesche Staat ugeholl, deen dunn nach just 22% vum deemolege Mandatsgebitt duergestallt huet. An haut muss ee feststellen, datt dëst 22% Palestina amgaangen ass ze verschwannen, gefriess vum Kolonialisatioun-Kriibs an der militärescher Besatzung duerch Israel.

Seng Bevëlkerung ass kontrolléiert, ënnerdréckt, veruecht, erniddregt an zu Gaza, reegelméisseg bombardéiert. Wat also maache fir datt, dat internationaalt Recht sech géint d‘Politik vun der vollendeter Tatsaach duerchsetzt an, datt d‘Palestinenser a Würd an a Sécherheet, wéi d‘Israelie, liewe kënnen?

Datt et eng gëtt Zukunft a béide Länner, déi friddlech nieft enee Liewen oder engem Staat an deem all d‘Awunner déi gläich Rechter hunn. Eenzeg den internationalen Drock an de politesche Wëlle vun eise Leader wäerten et erlaben dës Zukunft ze gestalten an engem 70 Joer alen Onrecht en Enn bereeden“.

(Aus dem franséischen iwwersat)

Foto: Um 3. September 2017, hu jonk Palestinenser zu Hebron sech enger Erweiderung vun den israelesche Kolonien an der besater West Bank mat engem friddleche Protest entgéintgestallt. © Hazem Bader/AFP

Ähnlech Sujeten Fridden, Israel, Palestina
Nächsten Artikel Virrechten Artikel