Search

You may also like

D’ULC zu de Bank- a Postfraisen an den zouene Filialen
Meenung Neiegkeeten

D’ULC zu de Bank- a Postfraisen an den zouene Filialen

Wéi net anescht ze erwaarde koum et ulässlech zur Unhéierung

Chrëschtbeemchen: Brennt e schonn oder hues de nach keen?
Meenung Neiegkeeten

Chrëschtbeemchen: Brennt e schonn oder hues de nach keen?

Mer hunn den éischten Dezember, den éischte Schnéi huet d‘Landschaft

Konfliktsituatioun am persesche Golf
Meenung Neiegkeeten

Konfliktsituatioun am persesche Golf

Zanter datt sech den Dissens tëscht den USA an dem

Solidaritéitserklärung vun der KPL mat de Gewerkschaften aus dem edukativen a psycho-soziale Beräich

Solidaritéitserklärung vun der KPL mat de Gewerkschaften aus dem edukativen a psycho-soziale Beräich

D’KPL begréisst d’Solidaritéit ënnert de Gewerkschaften (CGFP /SEW-OGBL) an hiren Ënnerorganisatiounen aus dem edukativen a psycho-soziale Beräich, an erkläert sech solidaresch mat hirem Widerstand géint déi ondemokratesch bürokratesch, sou wéi onsoziel Prozedur vum Ministère bei der Ausschaffung vun engem neie Kader zu den Aarbechtsbedingungen vun Educateuren, dem Léierpersonal a Psychologen, déi am Service psycho-social et d’accompagnement scolaires (SEPAS), am Service socio-éducatif (SSE) an am Enseignement es élèves à besoins particuliers ou spécifiques (ESEB) aktiv sinn.

D’Verschlechterung vun den Aarbechtskonditiounen, d’Schafung vun enger Zweeklassegesellschaft bei Neiastellungen an déi bedenklech Ausleeung vum Aarbechtsrecht féieren zu engem „nivellement vers le bas“ vun der edukativer a psycho-sozialer Aarbecht – an eben net zu enger „Harmoniséierung“, wéi dëst vum Bildungsministère an de féierende Beamten proklaméiert gëtt.

Ënnert esou Bestëmmunge wäerten déi motivéiert a gutt ausgebild Employéeën am Erzéiungsberäich, sou wéi déi op hir Hëllef ugewise Kanner a Jugendlech déi Leeddroend sinn.

Grad an enger sech verschäerfender kapitalistescher Kris si Schüler mat Entwécklungsschwieregkeeten, sou wéi Kanner aus akommesschwaache Familljen op eng qualitativ héichwäerteg Betreiung ugewisen.

D’KPL ënnerstëtzt d’Gewerkschaften an hirem Protest géint esou ministeriell Elenggäng.

Matgedeelt vun der KPL

Opmaacherbild © Claudio Schwarz / Unsplash

Related topics Educatiounsministère, ESEB, Gewerkschaften, Kanner, kommunistesch Partei Lëtzebuerg, KPL, Léierpersonal, MENJE, Schüler, SEPAS, Solidaritéit, Solidaritéitserklärung, SSE
Next post Previous post