Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bluddegen Uschlag zu Kabul
rsd tyler dating Neiegkeeten

https://moien.lu/dating-dictionary-meaning/

Mat op mannst nonzeg Doudeger an iwwer véierhonnert Blesséierter huet

are dating sites good or bad
rsd tyler dating Neiegkeeten

Paul Galles neie CSV-Generalsekretär Adjoint

Op Propositioun vum CSV-Generalsekretär Félix Eischen, huet de CSV-Nationalcomité e

Keng Panik! Du weess bestëmmt, wéi een dës Wierder richteg schreift!
rsd tyler dating Neiegkeeten

Keng Panik! Du weess bestëmmt, wéi een dës Wierder richteg schreift!

Mir hunn vill komesch Wierder entdeckt, wou mer eis d’Fro

Sommet vu Wladiwostok: Garantie fir Nordkorea!

Iert Pyongyang säin Atomprogramm opgëtt, soll et Sécherheetsgarantie ginn

Sommet vu Wladiwostok: Garantie fir Nordkorea!

Et war dat éischt Treffen tëscht dem russesche President, Vladimir Putin an dem nordkoreanesche Staatschef, Kim Jong-Un. Béid Staatsmänner hunn déi kuerz Zäit genotzt fir sech iwwert d‘Zukunft an besser Bezéiungen ënnerhalen. Den Atomprogramm war en zentrale Punkt vun der Entrevue.

Nom Sommet huet déi russesch Delegatioun matgedeelt, datt de Vladimir Putin am Kontext vum Sträit ëm den nordkoreaneschen Atomprogramm virgeschloen huet, datt een nees zu de 6-Parteie-Gespréicher zréckfanne soll an et international Garantie fir Souveränitéit vum Land muss ginn. De russesche President géif sech allerdéngs och fir d‘Denuklearisatioun vun der Hallefinsel asetzen.

Déi ganz koreanesch Hallefinsel ze denukleariséieren, wier och dem Kim Jong-Un säi Wonsch, mee hie kéint och net op säin Atomwaffenarsenal verzichten, wann him keng Sécherheetsgarantie géife virgeluecht ginn, esou de Vladimir Putin nom véierstënnege Gespréich. Eng gemeinsam Erklärung ass et bei dësem éischte Sommet net ginn, mee et wier awer e „gutt“ Treffe gewiescht, heescht et.

An de russesch Staatschef stellt fest: „Mir ginn dovunner aus, datt et keng Alternativ zu enger friddlecher Léisung gëtt. Net fir de Konflikt wéinst dem Atomprogramm, an och net fir all déi aner Problemer an der Regioun. (…) D‘Garantie fir Nordkorea mussen op internationalem Niveau ausgestallt ginn, wa se da funktionéiere sollen. Mir mussen dofir elo Vertrauen opbauen“.

Et gëtt eng Rei Usätz

Fir de Vladimir Putin ass et essentiell, datt d‘Beméiunge vum nordkoreanesche Regime am Kontext vum „koreaneschen Dialog“ wéi och der Bezéiung zu den USA, berécksiichtegt ginn. Am Fall vun Nordkorea kéint eenzeg d‘Anhale vum internationale Recht, net awer d‘Bedreeung a Sanktiounen zu engem Konsens féieren. Esou wieren och eventuell bilateral Garantien net ausräichend.

Et wier dofir eng gutt Iddi, sech nees de 6-Parteie-Gespréicher zouzewennen, och wann net gewosst ass wéi een déi nees „reaniméiere“ kann. Déi lescht Gespréicher dëser Aart hat et 2009 ginn. Mat um Dësch: China, Japan, Russland, USA, Nord- a Südkorea. Schonn deemools stoung den nordkoreaneschen Atomprogramm zur Diskussioun. Elo soll dat ganzt nees opgeholl ginn.

Dann ass nach duerchgedrongen, datt de Kim Jong-Un de Vladimir Putin soll gebieden hunn, dëst Gespréich dem Donald Trump ze erläuteren. Déi russesch Delegatioun huet duerchblécke gelooss, datt eng Entrevue op héchstem Niveau, duerchaus derzou bäidroe kann, nees Rou an dat ganzt ze bréngen. Moskau berifft sech zudeem op déi traditiounsräich Partnerschaft tëscht béiden Natiounen.

mat indymedia/sel/mow

Foto: De russesche President an den nordkoreanesche Staatschef hu sech beim Sommet iwwert d‘Zukunft an den Atomprogramm vu Pyongyang ënnerhalen. Nordkorea wëll Sécherheetsgarantien, an dat ënnerstëtzt de Vladimir Putin. Fir „Konkretes“ wier et no dësem éischten Treffen awer nach eppes fréi. © Xinhua

Ähnlech Sujeten Kim Jong-Un, Nordkorea, Russland, Sommet, Vladimir Putin, Wladiwostok
Nächsten Artikel Virrechten Artikel