Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Trump an de Macron evoquéieren en neien Accord mam Iran
bracket dating dallas Stories

https://moien.lu/ibanez-tube-screamer-serial-number-dating/

Um Dënschdeg hunn den Donald Trump an den Emmanuel Macron

who is rob kardashian dating right now
bracket dating dallas Stories

D‘Stad Lëtzebuerg – Service Logement: Nëmmen nach eng Telefonsnummer!

D‘Stad Lëtzebuerg informéiert den interesséierte Public, datt et ab dem

Campagne „Gitt Siichtbar“: Well et heiansdo gutt ass opzefalen!
bracket dating dallas Stories

Campagne „Gitt Siichtbar“: Well et heiansdo gutt ass opzefalen!

Wéi all Joers ass et wichteg a leider och néideg

Sonic Mania bréngt dech zeréck an d’90er

De bloen Igel ass erëm do

An den 90er Joren huet Sega probéiert, d’Dominanz vu Nintendo um Videospillmarché ze briechen. Do goung et net duer, mat einfacher Technik opzetrompen. Et huet een och missen eng Alternativ zum Mario bidden, dem wuel bekanntsten a beléiftste Charakter vun dem deemools nach jonke Medium. An tatsächlech huet de blëtzschnelle bloen Igel et eng Zäit laang fäerdeg bruecht, dem italo-japanaeschem Klempner d’Stier ze bidden.

Eng Geschicht mat Héichten an Déiften

Sprange mer an d’Géigewaart, do ass d’Saach ganz anescht. Sega mécht keng Konsole méi a Sonic Spiller si just nach e Schied hirer selwer. Och wann se Profit maachen, fält d’Majoritéit Qualitativ duerch. Sonic Colors (2010) a Sonic Generations (2011) kann een als gutt bezeechnen, bei bei wäitem net als ganz gutt oder exzellent. De Reboot Sonic The Hedgehog aus dem Joer 2006 gëtt gären als dat schlechtste Spill aller Zäite bezeechent. Eng Iwwerdreiwung, sécherlech, an dach weist et, wéi déi d’Serie gefall war. Sonic Boom (2014) ass nach emol grad esou déif gefall.

Mee wat war geschitt? En Deel vum Problem war, datt Sega et nie sou ganz fäerdeg bruecht huet, Sonic uerdentlech an déi drëtt Dimensioun ze bréngen. Um Sega Saturn (1994-1998), dem Nofolger vun der Gebuertsplatform Sega Mega Drive (1988-1997), wollt a wollt einfach keen neit Sonic Spill eraus kommen. Op der Sega Dreamcast (1998-2001) konnt ëmmerhin Sonic Adventure (1998) deemools d’Fans iwwerzeegen. Wéi vill aner fréi 3D-Spiller huet em den Alter awer net gutt gedoen. A sou huet et sech erginn, datt vir vill Old School Fans vun der Serie Sonic and Knuckles (1994) um Sega Mega Drive de virleefegen Héichpunkt war.

Bis Sonic Mania virun enger Woch eraus koum, versteet sech.

Wa Retro méi wéi blousse Stil ass

Ech wéilt mech ongäeren a Superlativen an totalen Iwwerdreiwungen hei ausdrécken, mee Sonic Mania klappt net nëmmen all d’Spiller aus de leschten 20 Joer, mee kéint souguer nach e Stéck wäit besser wéi Sonic 3 an Sonic and Knuckles sinn. An dat ass eng zimlech Leeschtung, ass d’Spill am wiesentleche vun e puer Fans mat der Lizenz vu Sega als Nieweprojet produzéiert ginn.

Sonic Mania setzt do un, wou Sonic and Knuckles opgehalen huet: Et ass en 2D-Jump and Run, dat sech um Design vun de Sega Mega Drive Spiller orientéiert, technesch awer liicht a Richtung Sega Saturn gaangen ass. Et fillt sech un, wéi wann et fir de Launch vun der Sega Saturn Konsol gemaach wier! Dat zitt sech duerch Grafik, Musek, Spill- a Leveldesign, woumatter et duerch an duerch authentesch wierkt. A well et sech spillt, wéi di al Spiller, mécht et och grad esou vill Spaass.

Dat läit och um Leveldesign, dee mat senge villen ënnerschiddleche Routen zum Erkonnen ureegt. Egal wéi oft een duerch déi Levelen düüst, et entdeckt een eppes Neies. Da wier do déi genial Design-Spiral tëscht usprochsvolle Sprong-Passagen als Erausfuerderung an achterbahnaartege Laf-Passagen, déi als Belounung hinhalen. D’Spill dréckt an zitt een dauernd duerch d’Levelen, sou wéi et zu Héichzäiten emol am oft iwwersinne Sonic CD (1993) de Fall war.

D’Spill setzt sech deels aus alen an deels aus neie Levelen zesummen. Och wann nëmmen een Drëttel komplett nei vir dëst Spill entworf sinn, esou kënnen déi al Levelen iwwerraschen. Déi sinn nämlech komplett iwwerschafft ginn a bidden en neien Design. Virun allem den zweeten Akt vun all Zon huet et an sech a stellt alles op de Kapp. Do fléissen nei Design-Iddien an, déi och d’Veteranen ënnert de Spiller wäerten iwwerraschen.

Net alles Gold

Dat ganzt Luef bréngt d’Noutwennegkeet fir Kritik mat sech. E puer vun de Bossen si mengem Goût no ze schwéier. An d’Bonusspiller, virun allem d’Blo Sphere Spill, gefalen nach laang net jidderengem. Dat bessert vun deenen zwee, wou een en UFO anhuele muss. Zum Gléck ass et dat bessert, kann een domatter dach de wierkleche Schluss vum Spill fräi schalten. An och wann d’Remixe vun den ale Levele flott sinn, wieren e puer Originalkreatioune méi duerchaus wëllkomm gewierscht.

Fir seng 20€ kritt een hei vill gebueden. D’Spill ass sou laang wéi Sonic 3 and Knuckles zesumme geholl an huet och vill Bonusen an Iwwerraschungen.

D’Spill ass op PS4, Xbox One a Switch ze kréien. Getest gouf et op der Switch.

Fotoen: Screenshots

Ähnlech Sujeten Kultur, Nintendo Switch, PlayStation 4, Sega, Sonic, Videospiller, Xbox One
Nächsten Artikel Virrechten Artikel