Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ee Kaddo fir de Vëlo 2019 – Et rullt!
Neiegkeeten

Ee Kaddo fir de Vëlo 2019 – Et rullt!

Wien de Moien an der Haaptstad mam Vëlo ënnerwee war, deem

Méi Geld fir den hongeregen Tourismussecteur
Neiegkeeten

Méi Geld fir den hongeregen Tourismussecteur

Um Donneschdeg huet d‘Staatssekretärin fir Wirtschaft, d’Francine Closener (LSAP), de

Claude Turmes: „Är Energie fir eise Planéit!“
Neiegkeeten

Claude Turmes: „Är Energie fir eise Planéit!“

Am Ministère vun a fir d‘Energie (MEA), dee vum fréieren

Sonic Visions 2018 – d’Escher Héichiewen hu gebieft!

Sonic Visions 2018 – d’Escher Héichiewen hu gebieft!
Ee spektakuläert Bühnebild direkt nieft den Héichiewen. © Martine De Lagadère/moien.lu
Sonic Visions 2018 – d’Escher Héichiewen hu gebieft!
© Martine De Lagadère/moien.lu
Sonic Visions 2018 – d’Escher Héichiewen hu gebieft!
© Shari Pleimelding/moien.lu
Sonic Visions 2018 – d’Escher Héichiewen hu gebieft!
Heart Hearts op der Massenoire Bühn © Martine De Lagadère/moien.lu
Sonic Visions 2018 – d’Escher Héichiewen hu gebieft!
Ee sportlesche Wettkampf gefälleg? © Martine De Lagadère/moien.lu
Sonic Visions 2018 – d’Escher Héichiewen hu gebieft!
HYMMJ op der Red Stage © Martine De Lagadère/moien.lu
Sonic Visions 2018 – d’Escher Héichiewen hu gebieft!
Hei duerft jiddwereen zum Star ginn. © Shari Pleimelding/moien.lu
Sonic Visions 2018 – d’Escher Héichiewen hu gebieft!
Josephine op der Red Stage © Shari Pleimelding/moien.lu
Sonic Visions 2018 – d’Escher Héichiewen hu gebieft!
Mat Belichtung vun der Nuits des Lampions war d'Gesamtbild perfekt. © Martine De Lagadère/moien.lu
Sonic Visions 2018 – d’Escher Héichiewen hu gebieft!
Tamino op der Massenoire Bühn © Shari Pleimelding/moien.lu
Sonic Visions 2018 – d’Escher Héichiewen hu gebieft!
Beim Angèle hun d'Fans begeeschtert matgesongen! © Shari Pleimelding/moien.lu
Sonic Visions 2018 – d’Escher Héichiewen hu gebieft!
© Martine De Lagadère/moien.lu

Um vergaangene Weekend sinn all d’Museks- a Festivalfans op hir Käschte komm! Tëschent den Héichiewen zu Esch Belval ass wärend zwee Deeg op véier Bühnen ee spektakuläert Repertoire un de verschiddenste Museksstiler gebuede ginn. Mat kräftege Beats, haardem Gejaitz a kräftegem Applaus hunn d’Fans d’Halen zum biewe bruecht.

De Sonic Visions Festival 2018 huet mat enger groussaarteger Atmosphär an enger sensationeller Location de Weekend musikalesch zum liichte bruecht. Nodeems zu Lëtzebuerg vill grouss Festivalle flaach gefall sinn ass et elo un den SV-Organisateure gewiescht, een Highlight fir de Grand-Duché ze bidden. No 10 erfollegräichen Editiounen huet d’Rockhal an de Rocklab nees eng Schëpp drop geluecht a mat enger weiderer Bühn de Festival beräichert.

Pünktlech um 20:00 Auer huet de Freideg mam belsche Rapper Thecolorgrey a lässegen R&B-Soul-Sounds vum Soia ugefaangen. Donieft hunn un dësem Owend ënnert anerem nach de kanadeschen Trio vu MAZ, den Elektro-Duo Maribou State aus England oder dat jonkt Lolo Zouai mat eegene Lidder begeeschtert. Den Ofschloss huet Napoleon Gold op der Diekirch Stage gemaach De Museker huet sech zu Lëtzebuerg, mat sengen elektronesche Beats, senger waarmer déiwer Stëmmlag a villen erfollegräiche Concerten een Numm gemaach an elo bestëmmt och nach eng Rei Fans dobäi gewonnen.

Och um Samschdeg gouf bei den Héichiewen erëm klanglech volle Gaass ginn. Kënschtler wéi C’est Karma, Angele, Tamino, Say Yes Dog oder Juicy ass den Owend a vollen Zich ausgeschöpft ginn. D’Fans hu bei alle Lidder matgesongen an doduerch zu enger ganz besonnescher Zeen bäigedroen. Och wa si deelweis nach um Ufank vun hirer Karriär stinn, huet hiert grousst Talent, déi gewëssen Individualitéit, déi een als Museker braucht an textlechen Afaalsräichtum d’Lëtzebuerger an de Publique aus der Groussregioun schnell op sech opmierksam gemaach, sou datt dësen Dag schnell ausverkaaft war.

De kréinenden Ofschloss vum Festival hunn um Samschdeg Owend déi fënnef däitsch Membere vu Moglebaum gemaach. Ugefaangen als klenge Studenteprojet huet d’Band ronderëm de Moglii ee Mix aus elektronesche Kompositiounen an akusteschen Instrumenter gewot, wat bei de Fans richteg gutt ukënnt. Hir lescht Single „Raindrops“ war 2016 op Platz 1 vun de Spotify’s Global Viral Charts. Mat héije Placéierunge feiere si och a Länner wéi Brasilien oder Norwegen scho grousse Succès.

Kee Lëtzebuerger Festival ouni lokal Kënschtler!

Am Grand-Duché ass d’Band Seed To Tree quasi net méi ewech ze denken. De Frontmann Georges Goerens huet 2017 säi Solo-Projet ënnert dem Numm Bartleby Delicate gestart. Mat der akustescher Gittar a senger doucer Stëmm luet de Sänger bei senge Live-Optrëtter net nëmmen zum Dreemen an, mee liwwert ëmmer erëm eng poetesch Hommage un d’Musek.

De jonke Sänger hat vill Zäit fir un eegene Lidder ze schaffen. D’Méiglechkeet als Solo-Kënschtler fir Giant Rooks am Gudde Wëllen op ze trieden huet de Bartleby Delicate sech net huele gelooss an esou säin eegene klenge Programm presentéiert. Sou huet sech de Puzzle lues a lues zesumme gesat an hien huet Blutt geleckt. Ganz eleng op der Bühn ze stoen an all d’Blécker op sech ze zéien ass nees ee ganz neien Exercice, trotz viller Bühnenerfahrung. De Museker erkläert, datt et intim Momenter sinn, woubäi ee manner kollektiv, mee dofir méi Mënsch ass a sou de Fans ganz no kennt.

Natierlech muss Lëtzebuerg sech net vu Seed To Tree verabschiden! Och Museker si Kënschtler, déi gären Neies ausprobéieren an aner Facette vun hirer Bühnenperséinlechkeet kenne léiere wellen.

Fir hie war et elo déi zweet Kéier beim Sonic Visions Festival. Ee ganz spezielle Concert, den trotz de kuerzen 30-minüttegen Optrëtter nei Dieren an der Musekswelt op mëscht. „Ech mengen als richteg gudde Kënschtler muss een och eng hallef Stonn richteg gutt spille kennen. Et ass eng kleng Visittekaart: Et mëscht een eng Kéier den Tour vun dem wat ee well gewisen hunn an der hallwer Stonn an de Clou ass, dass de net dierfs dräi Lidder brauche bis de dra bass“, sou de Museker.

Et war ee gelongene Weekend, den mat 26 Acts ee räichhaltege musikalesche Programm gebueden huet. Wat fir den een ze speziell an alternativ war huet anerer richteg a Begeeschterung versat. Duerch Diversitéit vum Festival konnt ee vill talentéiert New Comer kenne léieren, vun deenen een an Zukunft bestëmmt nach vill wäert héieren!

Ähnlech Sujeten Angele, Bartleby Delicate, Festival, HYMMJ, Moglebaum, Musik, Napoleon Gold, Rockhal, Rocklab, Say Yes Dog, Sonic Visions, Tamino
Nächsten Artikel Virrechten Artikel