Search

You may also like

Editorial: Keng Panik!
Neiegkeeten

Editorial: Keng Panik!

A China ass en neiaartege Coronavirus (2019-nCov) ausgebrach, an deen

Coronavirus: D’Luxexpo als éischten Zenter fir erweidert Fleeg
Neiegkeeten

Coronavirus: D’Luxexpo als éischten Zenter fir erweidert Fleeg

Wéi et de Gesondheetsministère ugekënnegt hat befënnt Lëtzebuerg sech mëttlerweil

What the Fakt – de kanadesche Fändel kritt säin Ahornblat
Neiegkeeten

What the Fakt – de kanadesche Fändel kritt säin Ahornblat

Nodeems vill Virschléi erakomm sinn konnt um 15. Februar 1965

Sonic Visions 2018 – ee musikaleschen Highlight vu Lëtzebuerg

Sonic Visions 2018 – ee musikaleschen Highlight vu Lëtzebuerg

Haut den Owend ass et nees esou wäit! Bis muer kann een an der Rockhal eng musikalesch Rees mat mageschem Dekor vun den Escher Héichiewen deelhuelen. D’Rockhal an de Rocklab presentéiere stolz de Programm vun der Editioun 2018, een onëmgängleche Festival zu Lëtzebuerg an der Groussregioun.

Op véier Bühne wäerten d’Museker ab haut den Owend de Publikum begeeschteren. Um Programm sti Gruppen, deenen een an Zukunft wuel net entkomme kann, an eng grouss Karriär zu Lëtzebuerg an, an Europa virun sech hunn. A Kollaboratioun mat der Nuit des Lampions Wolz entsteet een eemolege Kader mat orientalescher Beliichtung an dozou passend Musek.

Eng bemierkenswäert Selektioun un Artisten

Et ass déi ideal Occasioun fir schonn haut besonnesch lokal an international Museker an de Startlächer zu hirem groussen Erfolleg. Um Programm stinn ënnert anerem Kënschtler wéi Lolo Zouaï, Moudaze, MNNGNS, Napoleon Gold, Say Yes Dog oder de Lëtzebuerger Bartleby Delicate. Ganz uewen um Line-Up stinn den Eddy de Pretto, d’Angèle an de Moha la Squale.

De komplette Programm a weider Informatiounen fannt dir um Site.

Ee klengen Abléck an de Festival kritt Dir ab elo och schonn emol hei:

Related topics Concert, Festival, Rockhal, Rocklab, Sonic Visions
Next post Previous post