Search

You may also like

Vill Talenter hu sech beim nationale Championnat am Bouschéissen ervir gedoen
Kultur Neiegkeeten

Vill Talenter hu sech beim nationale Championnat am Bouschéissen ervir gedoen

Beim nationale Championnat am Bouschéissen huet et Iwwerraschendes, Erfreeleches an

Bluddeg Noriichten: Zu Éieren vum Stephen King
Kultur Neiegkeeten

Bluddeg Noriichten: Zu Éieren vum Stephen King

Alles Guddes fir de Gebuertsdag, Här King (wann och nodréiglech)!

National Elterevertriedung vum Educatiounsminister enttäuscht
Kultur Neiegkeeten

National Elterevertriedung vum Educatiounsminister enttäuscht

An engem dräi Säite laangen oppene Bréif un de liberalen

Sonic Visions Festival 2019: De Fonke wollt net eriwwer sprangen

D’Escher Héichiewen hunn nees no Musek gejaut. Mam Sonic Visions Festival ass fir eng 12. Kéier op dëst Verlaange geäntwert ginn, wouduerch dësen aussergewéinleche Site wärend zwee Deeg mat 4 Bühnen, sou wéi zuelräichen nationalen an internationalen Acts dem Festival ee ganz besonnesche Charme ugehaangen huet.

Louch et un der Keelt oder awer um extrem geluedene Weekend, deen an all Eck vum Land eppes ze bidden hat? D’Editioun 2019 vum Sonic Visions Festival hat net esou ee grousse Publikum ugezu, wéi ee sech wahrscheinlech erhofft hat. Dofir hunn d’Fans vum Matt Simons, Dermot Kennedy, Alec Benjamin, Yungblud a Co. ëmsou méi haart matgesongen an hir léifst Artiste gefeiert.

Déi 27 Museker a Bands sinn op 4 verschiddene Bühne verdeelt ginn, wouduerch een sech duerch de Wiessel aus Bannen a Baussen ëmmer nees opwierme konnt fir de Festival ze genéissen. National Kënschtler, wéi CHAILD, The Choppy Bumby Peaches oder och Tuys hunn dobäi de groussen Headliner an näischt nogestanen. War et um Freideg de Matt Simons, dee beispillsweis mat „Catch and Release“ motivéiert matzesangen, oder och den 22 Joer jonke Sänger vu Yungblud, deen am Juli 2018 säin Debut Album erausbruecht huet, esou hunn um Samschdeg den Dermot Kennedy mat sengem „Power over me“ an den Alec Benjamin, Meederchersschwarm a bekannt fir seng markant Stëmm de Belval gefëllt.

Et sollt nees een Evenement vum Feieren an Entdecke ginn, deen nieft dem musikalesche Beräich och mat Informatiounsstänn, enger artistescher Installatioun u liichtende Fësch an enger Virtual Reality Box punkte sollt. Natierlech huet de Festival den Organisateuren (Rockhal a Rocklab) vill Méi an Aarbecht ofverlaangt. Et hat ee sech dru ginn, fir nees ee kulturellen Highlight ze bidden, mee de Fonke war net esou ganz eriwwer gesprongen.

Fir dat naasst, kaalt Wierder kann natierlech keen eppes. D’Kombinatioun aus dem Festival, zesumme mam Björk Concert, direkt vis-a-vis an der Rockhal, huet allerdéngs d’Parkinge liicht gesprengt, wouduerch een – wann een da mam eegene Gefier ënnerwee war – scho mat engem laange Gesiicht a Richtung Entrée gaangen ass. Wien direkt no senger Arrivée de Mo fëllen, an d’Hänn un engem einfache Burger – méi Brout wéi Fleesch – wierme wollt, ma deem säi Portmonni war direkt ee gutt Stéck méi eidel.

Dobäi koum nach een Op an Of u Stëmmung an Atmosphär. Déi uspriechend Location an d’Musek hu wärend de Concerten Energie a Freed ausgestraalt. War den Optrëtt eriwwer, esou goung genau dëst Gefill nees zeréck.

Trotz der Kritik muss ee soen, datt de Sonic Visions Festival zënter 2008 ëmmer méi Uklang zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun fonnt huet. An jo, ee Concert tëscht den alen Héichiewen ass einfach emol eppes anescht! Do kann een de klengen Duerchhänker verzeien. Esou sinn net nëmme mir, mee och d’Organisateuren an d’Fans op déi nächst Editioun gespaant!

Related topics Alec Benjamin, Belval, CHAILD, Dermot Kennedy, Héichiewen, Matt Simons, Rockhal, Rocklab, Sonic Visions Festival 2019, The Choppy Bumpy Peaches, Tuys, Virtual Reality, Yungblud
Next post Previous post