Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Steigenberger Grandhotel zu Bonn: wou d’Politiker sech gutt Nuecht gesot hunn
dating your ex boyfriend's brother https://moien.lu/ex-cons-dating-sites/

dating reply

Et gëtt luxuriéis Hoteller an engem flotte Kader an et

giving her space dating
dating your ex boyfriend's brother https://moien.lu/ex-cons-dating-sites/

E Grond méi, d’Uespelter Schlass ze besichen

Zu Lëtzebuerg feelt et net u Buergen a Schlässer. Si

dislikesurprise
Wéi steet et ëm d’Panorama-Fräiheet zu Lëtzebuerg?
dating your ex boyfriend's brother https://moien.lu/ex-cons-dating-sites/

Wéi steet et ëm d’Panorama-Fräiheet zu Lëtzebuerg?

Et ass nach net esou laang hier datt Thema iwwert

Inspiratioun muss een sech erschaffen: D’Schrëftstellerin Sonja Birgmann am Interview

Inspiratioun muss een sech erschaffen: D’Schrëftstellerin Sonja Birgmann am Interview

Krimie ginn et wéi Sand um Mier. Dowéinst muss een all Roman aus dem Genre feieren, deen et packt, e bësschen anescht ze sinn. Mir hunn eis mam Sonja Birgmann, der jonker Schrëftstellerin hanner Punschkrapfen, Kipferls und ein Mord higesat, fir ënnert anerem eraus ze fannen, wéi een op esou eng Iddi iwwerhaapt kënnt.

Sonja Birgmann

Du konnts bis elo schonn Erfarung mam Direct Publishing a mat engem etabléierte Verlag sammelen. Wat gefält der besser, nodeems de déi zwou Welte kennegeléiert huet?

Ech zéien op alle Fall en etabléierte Verlag vir. Och d’Schreiwe vun engem Buch ass schlussendlech Teamaarbescht! Et hunn esou vill Leit mäi Wierk lektoréiert, mir Feeler gewisen, déi ech selwer nimools fonnt hätt. Et kritt een esou vill Feedback an Ënnerstëtzung a virun allem schaffe vill Leit dorunner, datt dat Buch en Erfolleg gëtt. De Verlag këmmert sech ausserdeem ëm de Marketing, d’Press an den Drock – wat beim Direct Publishing oft op de Schrëftsteller zeréck fält. Domatter kann de Schrëftsteller sech ganz dem Schreiwe vu weidere Wierker widmen.

Natierlech huet och den Direct Publishing seng Virdeeler an ech wäert et weider fir Nischeprojeten notzen, mee en etabléierte Verlag bréngt op alle Fall vill Virdeeler.

Du gëss däi Wësse gären un anerer weiter. Ziichts de do net deng eege Konkurrenz un? Oder ass dat éischter schrëftstelleresch Selbstinszenéierung?

Du spills hei op meng Seminarer, déi ech ginn, un, huelen ech un 🙂

Ech soen et emol esou – jo, do ziicht een sech seng eege Konkurrenz un – an dat ass och gutt esou!

De schéinsten Zäitverdreiw ass et dach, sech mat engem gudde Buch hin ze sëtzen an et stonnelang liesen ze kënnen. Wann ech mäi Wëssen a meng Erfarung net géif weiderginn, da kéint et sinn, datt mer do en zukünftegt Meeschterwierk entgeet.

Dat wéilt ech net verpassen.

Selbstinszenéierung géif ech dat net nennen, mee et ass natierlech Deel vun der Aarbecht vun enger Schrëftstellerin, datt een sech selwer Presentéiert, souwuel bei Liesungen als och bei Seminaren.

Däi Krimi spillt jo an enger Bäckerei, bei där och erotescht Gebäck hiergestallt gëtt. Wéi kënnt een op d‘Iddi fir esou ee Setting?

Ech hu mech u Krimis sat gelies, bei deene verstümmelt Läiche ronderëm leien, Tonne Blutt erausspretzen an d’SchrëftstellerInne probéiert hunn, sech u Grausamkeet an eekelerreegenden Tatoren ze iwwertreffe fir Lieser unzelackelen. A mengem Roman sollt de Mord net am Virdergrond stoen, mee meng Haaptpersoun. Ech wollt eng Fra schafen, déi hirem Dram nokomm ass – mee sech eng Produktnisch huet misse schafen, fir ze iwwerliewen. Also hunn ech mer geduecht, wat gëtt et nach net (oder ass seelen) a wat kéint de Lieser souwuel faszinéieren als och ameséieren? D’Iddi ass aus verschiddene Quelle geschlüpft: Besich op Foodmarkets, der Tëlee, dem Internet. Si ass mer net einfach esou komm, ech hu laang missen driwwer nodenken.

Huet den exotesche Setting d‘Recherche méi schwéier gemaach?

Eigentlech huet dat d’Recherche éischter mi liicht gemaach.

Well et ginn nach net esou vill “Real-Life” Beispiller vun erotesche Bäckereie ginn, konnt ech menger Kreativitéit fräie Laf loossen.
Ech hu Bekannter interviewt, déi Sex-Toy-Parties organiséieren an si villes gefrot, ausserdeem hunn ech vill Recherchen am Internet gemaach.

Trotzdeem steet um Enn vum Dag ëmmer nach “Roman” um Cover, also muss jo net alles stëmmen, wat ee schreift.

Däin aktuelle Roman war virdrun am Eegeverlag eraus komm. Wéi ass et zur Verëffentlechung duerch e Verlag komm?

Dat war bei mir eng zimlech komesch Geschicht.

Ech hunn den Emons Verlag, wéi vill aner Verleeg, eng Dosen (!), mat engem anere Manuskript ugeschriwwen an op eng Äntwert gehofft.

Di meescht äntwere souwisou net, e puer hunn ofgeleent – beim EMONS Verlag koum och en Nee – MEE si hu mäi Schreiwstil gutt fonnt. Eng vun de Lektorinnen huet mech gefrot, op ech dann e Krimi hätt an deen net gäere wéilt zur Usiicht eraschécken.

Gesot, gemaach – d’Manuskript, mat dem ech mech ursprénglech beworben hat, gouf ofgelehnt, mee de Krimi, deen ech schonn am Direct Publishing verëffentlecht hat, gouf ënnert d’Lupp geholl a fir gutt befonnt.

Natierlech sin di zwee Wierker mëttlerweil komplett ënnerschiddlech, well ech vill hu missen ëmschreiwe – mee den Dag, un deem d’E-Mail vun EMONS koum, datt ech e Vertrag géif kréien, war dee schéinsten, deen ech bis elo hat. Sou vill Gléckstréinen hat ech nach ni vergoss.

Du hues däin eegene Blog a bass och op de sozialen Netzwierker aktiv. Huet dir dat an denger Karrier als Schrëftstellerin vill gehollef? Lenkt dat dech net of?

Natierlech lenkt dat of, mee hautdesdaags sinn dat Liewenslinnen, déi ee muss hunn, fir Opmierksamkeet ze erregen a mat senge Lieser am Kontakt ze bleiwen.

Et ass vill Aarbecht, op de Netzwierker aktiv ze sinn – mee et kritt een och vill Feedback vun de LieserInnen.

Wéi ass d‘Resonanz op däin aktuelle Roman ausgefall?

Bis elo sinn ech iwwert d’Reaktioune ganz glécklech.

Ech hunn natierlech kee Bestseller erwaart – ech wollt einfach e Roman schreiwen, dee spannend ass, mee och ameséiert, sech vun der Meng ofhieft an de Lieser e puer schéi Liesstonne verschaaft. An esou wéi d’Feedback bei de Rezensiounen ausgesäit, ass mer dat gelongen. An dat freet mech vill.

Wéini kënne mer dat nächst Wierk vun dir erwaarden?

Am November kënnt e Videospill op der App Store eraus, fir dat ech konnt d’Dréibuch schreiwen. Doropper sinn ech scho ganz gespaant.

Ech schreiwen all Dag un de verschiddenste Projeten, alles spannend Saachen.

E konkret Datum fir en neie Roman gëtt et awer nach net. Mee dat kann sech all Dag änneren.

Ähnlech Sujeten Bicher, Interview, Krimi, Literatur, Sonja Birgmann
Nächsten Artikel Virrechten Artikel