Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brexit: Elo gëtt et eescht
International Neiegkeeten https://moien.lu/hook-up-causes/

https://moien.lu/dating-someone-significantly-younger/

Haut geet et zu Bréissel an déi zweet Verhandlungsronn tëscht

videos about online dating
International Neiegkeeten https://moien.lu/hook-up-causes/

Geféierlech Stroossen

Et ass e battere Bilan, deen d‘Police ze verkënnegen hat:

Nordkoreanesch Rakéiten um Himmel
International Neiegkeeten https://moien.lu/hook-up-causes/

Nordkoreanesch Rakéiten um Himmel

Wann et richteg ass, esou wéi et vum südkoreaneschen Etat-Major

Et deet mir Leed – Wat ass Är Excuse fir zukünfteg Generatiounen?

Et deet mir Leed – Wat ass Är Excuse fir zukünfteg Generatiounen?

Wärend d’Bewosstsinn zur Klimakriis an eise Käpp ëmmer méi gréng gëtt, hëlt eis Äerd ëmmer méi vum traurege Gro op. Mam Projet Sorry Children wëll een elo op d’Responsabilitéit opmierksam maachen, déi jiddweree vun eis fir de bloe Planéit an d’Wuelbefanne vun zukünftege Generatiounen dréit. Wat hutt Dir bis elo ënnerholl?

Ech hunn alles gemaach wat ech konnt oder och net? Wiele kann een tëscht 4 Aussoen, déi beschreiwe sollen, wéi vill een an dëser kritescher Situatioun vun der Klimakriis ënnerholl huet. Uschléissend späizt ee Generator dann eng Excuse aus, déi ee senge Kanner an Enkelkanner ka ginn, fir esou hir traureg Zukunft ze entschëllegen. Schliisslech ass de Kampf jo verluer, an do kann ee säi Gewësse just nach mat enger Ausried reng wäschen.

Sorry Children

Genau dëst Denken ëm „wat ka mäi Verhalen eleng schonn änneren?“ dreift eis wuel ëmmer méi déif an eng kritesch Zon. Op Initiative vun der Politik kann ee mëttlerweil net méi bauen, et dauert einfach ze laang. A wéi bekanntlech brennt d’Haus elo!

Mam Projet Sorry Children soll een an d’Situatioun versat ginn, um Stierfbett senge Léifsten nach eng leschte Kéier beichten ze mussen, wat een alles gemaach oder och net gemaach huet, fir hinnen eng liewenswäert Zukunft ze erméiglechen. D’Approche ass et, sech entweder senger Schold bewosst ze ginn oder och eng Léier doraus ze zéien.

Natierlech – an dat ginn d’Bedreiwen och zou – stécht hannert dem Excuse-Generator ee Soupçon Ironie. Trotzdeem sollt een am Kapp hunn, datt ee sech deemnächst genau an dësem Beräich eng gutt Entschëllegung muss afale loossen, sollt an dëser Urgenz näischt Positives passéieren.

Handelen amplaz entschëllegen!

Wichteg ass et elo, aktiv ze ginn. Heivir muss een an éischter Linn de ganze Problem ze verstoen. Uschléissend muss ee sech senger Responsabilitéit bewosst ginn. Ze soen „Mir mussen de Planéit retten“ verleet leider dozou, dës Responsabilitéit un Anerer ofzeginn: d’Regierung, oder och d’Entreprisen. Jiddweree waart drop, datt iergendeen iergendwann d’Richtung an d’Léisungen ugëtt, dobäi kéint ee ganz einfach selwer aktiv ginn.

Heibäi proposéiert d’Internetsäit individuell Beispiller, fir den Impakt ze reduzéieren, sou wéi Léisunge fir ganz Gruppen, sou datt een dat schützt a verbessert wat schonn existéiert, sou wéi zukünfteg Modeller.

Souwuel beim Layout, dem Design an dem bildlechen Inhalt, wéi och bei dem Räichtum un Informatiounen hunn d’Bedreiwer sech immens Méi gemaach. Laanscht kucken wier net verkéiert!

Ähnlech Sujeten Excuse, Haus brennt, Klimakris, Sorry Children, Youth for Climate, Zukunft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel