Katastrophaalt Kuerzzäitgediechtnes
Et sollt een unhuelen, datt de Mënsch net ganz esou
Souwuel um weltwäiten, wéi och um nationalen Niveau erliewe mir
Nodeems den 2. Juni d‘Entreprise ALZURE S.A. vun Éilereng als
Beschäftegt ee sech bis eemol mat den Protagoniste vun der Serie South Park an hire Geschichten, esou mierkt ee schnell, datt et sech heibäi net ëm eng banal Kannergeschicht handelt. Duerch d’Erliefnisser vum Kyle, Cartman, Kenny a Stan gëtt de schwaarzen Humor op een neien Niveau bruecht, de satiresche Stil an all senge Facetten ausgelieft a bei allem eng lëschteg Kritik ausgeüübt, wat net bei 5 um Bam ass. Nujee, dës Kéier sollt déi chinesesch Kultur a Politik eng op den Deckel kréien.
Mat der Folleg „Band in China“ huet ee sech ee Spaass un der Zensur am asiatesche Land erlaabt. Als Metalband erliewen de Kyle, Cartman, Stan a Kenny een enorme Succès, mussen awer hir Musek un d’Standarde vun der chinesescher Regierung upassen. „Et ass keng liewenswäert Welt, an der China meng Konscht kontrolléiert“, erkläert ee Protagonist.
Zur gläicher Zäit erzielt d’Episod d’Geschicht vum Randy, Papp vum Stan, deen a China ee grousse Marihuana-Business opmaache wëll. Duerch déi strikt Drogegesetzer gëtt hie schliisslech festgeholl an muss seng Strof an engem Aarbechtslager ofsëtzen. Hei deelt de Randy sech d’Zell mam Winnie Puuh, deen duerch „seng Ähnlechkeet mam chinesesche Generalsekretär Xi“ an de Bing wandere misst.
Säit d’Folleg „Band in China“ och an de Regierungskreesser an Ëmlaf gaangen ass, fënnt ee bemol kee Resultat zur Serie méi an de chinesesche Sichmaschinnen. Wien op ähnlech Säite, wéi Reddit zeréckgräife wëll, dee kritt ugewisen, datt d’Resultat duerch déi national Gesetzer a Reegelen net wäert duergestallt ginn.
Ok, och ee Kënschtler kann emol ze wäit goen. Dofir hunn d’Maacher vu South Park och direkt hir Entschëllegung op Twitter ofginn. Hei erkläert de Matt Stone, datt ee, genau wéi d’NBA, déi chinesesch Zensur an der eegener Heemescht an an den Häerzer begréisse wéilt. „Och mir hu Suen méi gär, wéi Fridden an Demokratie.“ Donieft géif och de Xi guer net wéi de Winnie Puuh ausgesinn. Nodeems schliisslech nach d’Kommunisten a China sarkastesch ervir gehuewe gi sinn, an een der Bevëlkerung eng super Recolte wënscht, freet de Matt Stone: „Si mer elo quitt, China?“
Ausdeelen an Astieche kënnen d’Maacher vu South Park op alle Fall, anescht wéi déi asiatesch Géigepartie. Glécklecherweis kënne mir eis nach un der fusch neier Folleg „Band in China“ nach ëmmer erfreeën. Dir kënnt se nämlech direkt HEI kucken.