Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

No Tornado Katastroph am Minett
college freshman dating college sophomore Neiegkeeten

miss ko na yung dating ikaw quotes

D’ADR weist sech déif betraff iwwer dat Leed, dat esou

agra girl dating
college freshman dating college sophomore Neiegkeeten

USA: 11 järegen erschéisst seng Groussmamm

E Bouf vun 11 Joer, dee sech geweigert huet seng

Editorial: Vum Staat getrennt, d‘Privilegien erhalen
college freshman dating college sophomore Neiegkeeten

Editorial: Vum Staat getrennt, d‘Privilegien erhalen

Et gëtt vill Bosseges ze beriichte wann et ëm d‘Bezéiung

Dat soziaalt Europa kënnt virun

Dat soziaalt Europa kënnt virun

Den 19. Februar ass et zu engem Accord tëscht dem Europaparlament an dem EU-Rot komm. De Beschäftegungsausschoss huet zwou wichteg Richtlinnen um Wee zu engem sozialen Europa zougestëmmt. Dozou eng Stellungnam vum CSV-Europadeputéierten, Georges Bach.

Transparent a verléisslech Aarbechtskonditiounen

Mam Iwwerschaffe vun der Richtlinn aus dem Joer 1991, sollen d‘Aarbechtskonditiounen un d‘Entwécklungen um Aarbechtsmaart ugepasst ginn. Besonnesch duerch d‘Digitaliséierung, mee och duerch déi zouhuelend Unzuel vun „atypeschen“ Aarbechtsverträg, huet sech d‘Aarbechtswelt staark verännert.

Fir dëse Verännerunge gerecht ze ginn, soll déi nei Richtlinn, nei Mindestrechter a Flichte fir d‘Salariéeën an d‘Employeure festleeën. Et ass eng vun den éischten Initiativen zur Ëmsetzung vun der europäescher Sail sozialer Rechter, an domatter e wichtege Schratt zu engem sozialen Europa.

„Leider konnt d‘Europaparlament sech net an alle Punkte géintiwwer dem Rot duerchsetzen, virun allem wat d‘Definitioun vum ‚Salarié‘betrëfft. Dës soll weiderhin op nationalem Niveau gereegelt ginn“, esou de Georges Bach. „Trotzdeem bedeit dës Vereenbarung eng däitlech Verbesserung fir déi Beschäftegt mat prekären Aarbechtsverträg, wéi schaffen op Demande oder déi ‚Null-Stonnen‘ Verträg“.

Bessere Schutz vun de Salariéeë géint kriibserreegend Stoffer

An dëser Legislaturperiod hat et dräi Virschléi ginn, déi zu enger Aktualiséierung vun der Richtlinn iwwert de Schutz vun de Salariéeë, géint d‘Gefährdung duerch Karzinogene oder Mutagene bei der Aarbecht, hätt féiere kënnen. An de vergaangenen zwee Joer ass esou d‘Lëscht vun de chemesche Stoffer déi als kriibserreegend gëllen, op 22 Stoffer erweidert, esou wéi bestoend Grenzwäerter erhéicht ginn, fir d‘Gesondheet an d‘Sécherheet op der Aarbechtsplaz ze verbesseren.

Och soll et fir d‘Betriber méi einfach ginn, sech u Grenzwäerter ze halen. Dat ass besonnesch fir kleng a mëttel Betriber vu Bedeitung. De Goerges Bach begréisst besonnesch, datt och d‘Diesel-Ofgaser an d‘Lëscht vun de kriibserreegende Stoffer opgeholl ginn ass. Domatter ginn net nëmmen d‘Beruffschauffere, mee och déi Beschäftegt an der Automobilindustrie, am Hafesecteur esou wéi an de Logistik besser geschützt.

„D‘Iwwerschaffe vun der Richtlinn iwwert de Schutz vun de Salariéeë géint d‘Gefährdung duerch Karzinogenen oder Mutagene bei der Aarbecht, bedeit e grousse Schratt bei der Preventioun vu Kriibs. Dovunner wäerte Milliounen europäesch Salariéeë profitéieren“, ënnersträicht de Georges Bach.

Vereenbarkeet vu Beruff a Privatliewe fir Elteren a fleegend Familljememberen

Schonn am Januar hunn den EU-Rot an d‘EU-Parlament eng Eenegung bei der sougenannten „work-life-balance“ Richtlinn fonnt. Déi éischt Initiativ vun der Kommissioun am Kader vun der europäescher Sail vun de soziale Rechter.

Zéng Deeg bezuelte Pappecongé an all Joer fënnef Deeg Congé fir Salariéeën, déi sech ëm e fleegebedierftege Familljemember, oder eng am selwechte Menage liewend Persoun këmmert, sinn zwee vun de Knackpunkten an dëser Richtlinn. Zudeem kënnen Elteren a Persounen déi aner Betreien, méi flexibel Aarbechtsreegelungen ufroen, déi vum Employeur no Méiglechkeet musse bewëllegt ginn.

„Mat dëser Vereenbarung soll d‘Gläichstellung vun de Frae gestäerkt ginn. E bezuelte Pappecongé an eng net iwwerdrobar Dauer vun zwee bezuelte Méint beim Elterecongé, sinn kontinuéierlech Schrëtt zu enger fairer Opdeelung vun der elterlecher Verantwortung“, fënnt de Georges Bach.

D‘Europaparlament an den EU-Rot, mussen den Texter nach hir formal Zoustëmmung ginn. Dat wäert nach en dëser Legislaturperiod de Fall sinn.

matgedeelt vum Georges Bach, aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten Beschäftegungsausschoss, CSV, EU-Rot, Europaparlament, Georges Bach
Nächsten Artikel Virrechten Artikel