Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mëttelmier: D‘Flüchtlingen dierfen u Land, d‘Retter musse viru Geriicht
Neiegkeeten

Mëttelmier: D‘Flüchtlingen dierfen u Land, d‘Retter musse viru Geriicht

Am Kontext vun de Rettungsmissiounen am Mëttelmier, déi nëmme vun

EU-Sommet geréit wéinst Migratiounskris an eng Sakgaass
Neiegkeeten

EU-Sommet geréit wéinst Migratiounskris an eng Sakgaass

Zu Bréissel war d‘Stëmmung um Donneschdeg eppes méi gereizt wéi

Wann aus engem Kannerwonsch e Kannerbuch entsteet
Neiegkeeten

Wann aus engem Kannerwonsch e Kannerbuch entsteet

En Donneschdeg gouf op der Schëfflenger Gemeng e besonnescht Kannerbuch

Sozial Assisen: De REVIS wier eng „Gutt Saach“ soen se…

Sozial Assisen: De REVIS wier eng „Gutt Saach“ soen se…

D‘Akommes vun der sozialer Aglidderung, kuerz: REVIS genannt, ass zanter kuerzem a Kraaft getrueden an ersetzt bekanntlech dat „Garantéiert Mindestakommes“ (RMG). D‘Profien aus dem Sozialsecteur hunn sech am Kontext vun de sozialen Assisen iwwert hir Erfarunge mat dësem neien Instrument ausgetosch.

Elo ass den RMG, deen 1986 agefouert gi war „Vergaangenheet“ an d‘Acteuren aus dem Sozialsecteur hunn sech dem REVIS missen unhuelen, deen den 1. Januar a Kraaft getrueden ass. Laut de Leit déi domatter am beruffleche Kontext ëmzegoen hunn, géif et bei dësem neie System vill Verbesserungen. Woubäi et och där Stëmme gëtt, déi hiren Avis eréischt äussere wëllen, wann dat mat der Ëmsetzung um Terrain geklappt huet.

Ganz esou verständlech ass et jo och net. Zum engem ass de REVIS eng Allocatioun déi derzou bäidroe soll datt de Mënsch sech sozial an d‘Gesellschaft agliddere kann, zum anere gëtt se als Allocatioun zur Aktivatioun genotzt. Bref, de REVIS soll déi sozial Inclusioun begënschtegen an hei virun allem d‘Kanner an elengerzéiende Persounen hëllefen. Esou d‘Positioun vun der Familljeministesch Corinne Cahen (DP).

Ass Manner elo Méi?

Wat dann elo de Suivi betrëfft, esou wäert et eng éischt seriéis Evaluatioun eréischt an dräi Joer ginn. Fir den Organisateur vun de sozialen Assisen, Patrick Salvi (Rout Kräiz) kann een awer schonn éischt Erfarungen austauschen. Schliisslech mussen d‘Leit um Terrain dat neit Gesetz am alldeegleche Geschäft ëmsetzen an esou kann et net verkéiert sinn, wa sech déi Concernéiert iwwert éischt Erfarungen auszetauschen.

Dat ass esouwäit richteg, well si „déi Leit“ jo och betreien, respektiv am Alldag begleeden. Wann de Patrick Salvi sech allerdéngs drop behaapt, datt d‘Sozialaarbechter och de Beneficiaire vum REVIS hir Porte-Parole sinn, dann trëfft bedauerlecherweis nëmme Punktuell zou, firwat et gutt a richteg war drunzehänken, datt d‘Leit aus dem Secteur hir Aarbechtsweis verbessere mussen. Vill géif freeë wa se zesummeschaffe géifen.

An hei läit dann och d‘Kromm an der Heck, well eng vun de gréisste Kritiken déi et scho géintiwwer dem REVIS gëtt, bezitt sech op e Mangel u Koordinatioun vun de verschiddenen Acteuren aus dem Secteur, wat natierlech zum administrative Chaos féiere muss. De Marc Crochet, Generaldirekter-Adjoint vum roude Kräiz, bedauert den Ecart tëscht deen et tëscht der ADEM an dem ONIS gëtt, a fir Kappzerbrieches suergt.

Ee géint deen aneren ausgespillt

Hei ass et gutt ze wëssen, datt e REVIS-Beneficiaire mat „spezifesche Besoinen“ net gläichzäiteg bei béiden Institutioune kann ageschriwwe sinn. Fir Mënsche mat engem Handicap, déi via ONIS „betreit“ läit ee grousse Problem doranner, datt – zumindest déi meescht – Patrone virzuchsweis esou Kandidate beschäftegt, fir déi et Goss vun der ADEM gëtt. Schliisslech lieft ee bis op weideres an engem kapitalistesche System.

D‘Corinne Cahen mécht sech och eppes einfach, wann si sech drop behaapt, datt den „Office Social“ elo soll d‘Roll vum „Guichet Unique“ am soziale Secteur iwwerhuelen. Wa si dann och nach betount datt „dëst Gesetz ass eng Häerzensugeleeënheet“ kritt een dovunner Häerzklappen, wat dem Fait geschëlt ass, een dat enger liberaler Geschäftsfra esou net zoutraue géif. Mee et ass richteg, datt de REVIS huet misse kommen.

Et ass vill a laang um Gesetz geschafft ginn, an de roude Fuedem war ëmmer dem Besoin um Terrain gerecht ze ginn, wat – och wann et nach eppes hei an do dréckt – sech mat der Zäit dann och sollt erginn. Zudeem weess och d‘Familljeministesch, datt et dat „Perfekt Gesetz“ esou guer net gëtt. Hei mussen d‘Erfarungen an d‘Evaluatiounen hiert derzou bäidroen, datt d‘Gesetz ëmmer am Sënn vum Beneficiaire aktualiséiert gëtt.

Vill Rout Kräiz wéineg Staat

Interessant och de Constat oder d‘Erënnerung dorunner, datt d‘Rout Kräiz d‘Hallschent vun de Sozialbüroe geréiert, firwat et net verwonnert, datt sech iwwert d‘Verduebelung vun de Sozialaarbechter gefreet ginn ass. Déi géifen sech allerdéngs méi iwwert eng Valorisatioun vun hirem Beruff freeën, firwat den Dan Kersch (LSAP) sech gëschter zu Leideleng bereet erkläert huet Verbesserunge fir de Secteur an d‘Wee ze leeden.

Als Aarbechtsminister begréisst hien datt d‘Moossnamen zur Réckféierung an d‘Aarbecht diversifizéiert a regionaliséiert ginn. Esou wéi een d‘Gesetz ausgeluecht hätt, wier een um gudde Wee. Elo heescht dann d‘Gesetz och mam néidegen Asaz ëmzesetzen. Eigentlech e gudde Gedanke wann et do net en zolitten Dissens tëscht den Acteuren um Terrain an de Beamten an den Institutioune géif ginn. Eppes gedold…

De Sozialstaat Lëtzebuerg, esou eise Fazit no der Sëtzung, besteet nach. An esoulaang wéi d‘Kris sech nach zréckhält, wäert sech do och näischt änneren. Et wier allerdéngs net verkéiert wann d‘Sozialbüroen an de Hand vum Staat géife bleiwen. Dëse Service un d‘Rout Kräiz – dat längst zur Entreprise verkomm ass – auszelageren, kënnt enger Privatiséierung vum Sozialsecteur gläich. Dat awer entsprécht liberale Grondsätz.

Foto: Pexels

Ähnlech Sujeten Assises Sociales, Corinne Cahen, Dan Kersch, REVIS, RMG, Rout Kräiz, Sozial Assisen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel