Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fir eng liberal-ekologesch an erkläert pro-europäesch Slowakei
Tacheles

Fir eng liberal-ekologesch an erkläert pro-europäesch Slowakei

Si hunn sech bis zur leschter Sekonn engagéiert, en ambitiéisen

EU-Sommet zu Tallin mat fromme Wonsch ofgeschloss
Tacheles

EU-Sommet zu Tallin mat fromme Wonsch ofgeschloss

2018 wëll d’EU-Kommissioun nei Reegele virstelle fir d’Gigante vum digitale

De Flüchtlingsrot ass besuergt, de Minister huet geäntwert
Tacheles

De Flüchtlingsrot ass besuergt, de Minister huet geäntwert

Um Donneschdeg hat de Lëtzebuerger Flüchtlingsrot (LFR) d‘Press agelueden, fir

Tacheles: CGFP: Déi sozial Dimensioun vun Europa elo stäerken

Tacheles: CGFP: Déi sozial Dimensioun vun Europa elo stäerken

An erëm geet e Joer zu Enn. Laut dem Statec ass d‘Wirtschaft am Joer 2017 ëm ronn 3,5% gewuess a laut de jéngste Prognose wäert sech dësen Trend am nächste Joer fortsetzen. Gläiches gëllt fir d‘ Steieren, déi trotz der Steierreform déi den 1. Januar a Kraaft trëtt, déi ganz sécher bei den Privatstéit eppes méi wäit hätt kënne goen, sinn et dach grad déi, wou dës Reform zum Deel virfinanzéiert an déi gënschteg Entwécklung iwwerhaapt méiglech gemaach hunn.

2017 war en turbulent Joer, dat op nationalem Niveau ënnert anerem duerch d‘Gemengewahle vum Oktober gekennzeechent war, engem a leschter Sekonn ofgewannte Streik um Lëtzebuerger Fluchhafen, esou wéi der äusserst erfollegräicher Protestveranstaltung vun der CGFP de 27. November. Dës Manifestatioun huet op e neits bewisen, datt d‘CGFP absolut an der Lag ass, grad da seng Memberen ze mobiliséieren, wann et drop ukënnt.

Mee och op internationalem Gewerkschaftsniveau war d‘Joer 2017 vu gréisster Bedeitung, ass dach um 17. November, an Präsenz vun ausgewielte Sozialpartner, um sougenannte Sozialsommet zu Göteborg dat europäescht Grondlagendokument vun de Sozialrechter feierlech formaliséiert ginn.

Datt déi eenzeg europäesch Daachorganisatioun vun den onofhängege Gewerkschaften, „d‘Confédération Européenne des Syndicats Independants“ (CESI), mat iwwer fënnef Millioune Membere, zu där och CGFP als Grënnungsmember gehéiert, alt nees bausse vir gelooss ginn ass, dat ënnert der Fiederféierung vun engem EU-Kommissiounspresident dee vu sech selwer behaapt, de „President vum sozialen Dialog“ ze sinn, léisst déif blécken, zemools gewosst sollt sinn, datt op esou engem wichtegen Dag fir Europa, all relevant Acteuren op Gewerkschaftsniveau mat um Dësch sëtze missten, fir datt eng esou wichteg Initiativ net e Gefor geréit ze scheiteren.

An de leschte Joer ass ëmmer nees däitlech ginn, datt sech déi europäesch Vertrieder vun de Bierger nëmmen all ze oft grad vun deenen hirem berechtegten Uleies a Suergen distanzéiert hunn. An dës Distanz huet mat dozou bäigedroen, datt op alle politeschen Niveauen e puer rietslaaschteg Parteien Zoulaf kritt hunn. Dësen Trend muss gestoppt ginn, d‘Vertraue vun de Bierger muss nees erreecht ginn.

Dat geléngt awer weder mat Entscheedungen op héchstem politeschem EU-Niveau iwwert de „Bräungsgrad“ vun de Fritten, nach mat de jéngsten Entwécklunge betreffend d‘Verlängerung vum – fir d‘Gesondheet vun allen EU-Bierger schiedleche Gebrauch – vu Glyphosat fir fënnef Joer. Dat ass dann och e Skandal, deen däitlech mécht, wien offensichtlech d‘Soen op héchstem europäeschen Niveau huet: eng oniwwersiichtlech Zuel vu Lobbyiste vun der Wirtschaftsbranche, mat wäitreechende finanzielle Mëttel, vun deene Salariatsvertrieder nëmmen dreeme kënnen.

Och nom 17. November stinn „Sozialdumping“ a „Fiskaldumping“ weider op der Dagesuerdnung, dat alles gekoppelt un ënnerfinanzéiert, (zum deel) privatiséiert oder ganz Ofgeschaaften ëffentlech Déngschtleeschtungen, op Käschte vun der Qualitéit, op Käschte vum allgemengen Interessi am Sënn vun den europäesche Bierger.

E Sozialpakt op europäeschem Niveau ass ze begréissen. Trotzdeem bleift ze hoffen, datt dësen Text net e reng „symbolesche“ bleift. Vill ze laang ass déi sozial Dimensioun vun Europa vernoléissegt ginn. D‘Bierger erwaarden sech elo konkret Moossnamen. E Scheitere vun der elo formaliséierten Initiativ wier eng Katastroph fir den europäesche Gedanken.

All Sozialpartner si gefuerdert, zum Gelénge bäizedroen. An och wann eng gewësse Skepsis bleift, d‘CGFP, gemeinsam mat der CESI ass dofir bereet.

Am Tacheles gi mer Persounen d’Méiglechkeet, sech zu engem Thema fräi ze äusseren. Dobäi gräift d’Redaktioun net inhaltlech an. D’Auteure sinn eleng fir hier Positioune responsabel.

Ähnlech Sujeten CESI, CGFP, Europa, Soziales
Nächsten Artikel Virrechten Artikel