Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bodyart Festival Serbia: D’Lynn Schockmel iwwerzeegt duebel!
tell me about yourself examples for dating start dating someone

funny dating jokes dirty

Mat enger fantastescher Kombinatioun aus Kreativitéit, Talent an techneschem Geschéck

https://moien.lu/cupid-dating-app/
tell me about yourself examples for dating start dating someone

So eis, wat op däi Chrëschtbam kënnt, a mir soen der, wat fir eng Cadeauen s de kriss

D’Geschenker waarden ënnert dem Bam op dech. Wat ass dran?

money
Laang Gesiichter am Lëtzebuerger Stolsecteur
tell me about yourself examples for dating start dating someone

Laang Gesiichter am Lëtzebuerger Stolsecteur

Den indesch-lëtzebuergesche Stolkonzern ArcelorMittal stécht a schlechten Dicher. Wann een

Editorial: „Sozial Distanz“ ass onpassend!

Editorial: „Sozial Distanz“ ass onpassend!

Wat et net alles vun dommen a sënnfräie Spréch gëtt… mee ee geet mir besonnesch géint de Stréch. „Haalt är sozial Distanz an“ heescht et do, an dat ass keng Marketingstrategie, mee schonn esou schrecklech domm, datt ee sech freet, wien an der Politik op esou ee schäiss Sproch kënnt. Et sollt grad an esou schrecklechen Zäiten, wou ee seng physesch Kontakter op ee Minimum reduzéiere soll, net zur „sozialer Distanz“ kommen. Sozial Distanz ass méi, wéi sech nëmme vun engem „ewechhalen“.

Eng sozial Distanz ass déi Distanz, déi gescheete Leit tëscht sech setzen, fir datt dir iech et vläicht eppes bildlech virstellen kënnt. An dëser neier Ära déi grad ugebrach ass, an déi villen nach ganz laang wäert virkommen, ass d‘Begrenze vum physesche Kontakt sécher iwwerliewenswichteg, de soziale Kontakt allerdéngs och. Et soll d‘Gesellschaft elo gutt drop uecht dinn, eppes wéi eng Mindest-Empathie ze entwéckelen. Et sief dann, et wéilt een Depressiounen a Schlëmmeres fërderen.

Déi Kommunikatiounsméiglechkeete vun haut maachen et méiglech ebe grad déi sozial Distanz ze verhënneren. Haut kann e sech och am virtuelle Raum a Gruppen treffen an zesummen – wann och jiddereen aus der eegener Bar – Apero maachen. Sollt et zum üblechen Dissens kommen, ass et hei allerdéngs net wierklech gescheit sengem Géigeniwwer de Béier an d‘Gesicht ze geheien. Gutt dat ass en Detail an dorëms geet an der Finalitéit och net. Et ass just wichteg datt mir all weider sozial sinn.

Ah jo, iert et vergiess gëtt: déi eeler Leit, wann een hinnen erkläert wéi esou een Tablett oder e Laptop funktionéiert an e puer Grondastellunge virhëlt, dir géift iech wonneren, wat déi al Leit, erwisenermoossen eng Risikogrupp, nach alles drop huet. Fir si ass et besonnesch wichteg elo, ausser dem Telefon am Gank, och mëttels Tablett a Laptop de Kontakt zur Aussewelt net ze verléieren. Hir sozial Kontakter dierfen sech net op de Repas-sur-Roues oder soss Hëllef begrenzen.

Mee och all déi aner, déi eleng oder zu hirer zwee an engem mini Studio sëtzen, dierfen hei net vergiess ginn. 24/24 Stonnen openaner ze hänken an dat vun haut op Muer, méiglechst nach mat Homeoffice, och dat eng Erausfuerderung déi net dierf ënnerschätzt ginn. Homeoffice dogéint, ass fir de Single schonn éischter gutt, huet hien dat net, kann et och hei rapid zu Depressioune kommen. An de Problem do, wann ee bis bemierkt dat se een am Grëff hunn, ass gären eppes ze spéit…

Illustratioun: © Clark Tibbs / unsplash

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Empathie, Solidaritéit, sozial Distanz, Zesummenhalt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel