Search

You may also like

What the Fakt – Vum Attentat op den däitschen Diktator
Meenung Money Neiegkeeten

What the Fakt – Vum Attentat op den däitschen Diktator

Et war den 20. Juli 1944, wou eng Rei däitsch

Op Aarbechtssich: Ee Réckgang vun 1,8% op ee Joer
Meenung Money Neiegkeeten

Op Aarbechtssich: Ee Réckgang vun 1,8% op ee Joer

D’Zuel vun de Leit, déi eng Aarbecht sichen a bei

En Ahoi fir de Schëffsmodellbau
Meenung Money Neiegkeeten

En Ahoi fir de Schëffsmodellbau

E ganze Weekend laang konnt een sech zu Monnerech am

money

„En extrem sozial gerechte Steiersystem“ an aner Steiermäerecher (Carte Blanche)

„En extrem sozial gerechte Steiersystem“ an aner Steiermäerecher (Carte Blanche)

„Lëtzebuerg huet en extrem sozial gerechte Steiersystem“ huet déi lescht Woch de President vun der Handelskummer an der BIL, Luc Frieden wärend enger Mäerchesendung op RTL Radio Lëtzebuerg erzielt.

Dat war eng Steilvirlag vum fréiere CSV-Minister fir den DP-Premierminister Xavier Bettel an den DP-Finanzminister Pierre Gramegna, déi ee puer Deeg drop matgedeelt hunn, et géif, anescht wéi virdrun ugekënnegt, keng allgemeng Steierreform ginn an och keng nei Steieren. Firwat dann och, wou de Steiersystem jo souwisou schonn „extrem sozial gerecht“ ass, oder net?

Den Här Frieden ass natierlech a senger Roll, wann hien de léiwen Nolauschterer virgaukelt, et géif ee sozial gerecht Steiersystem zu Lëtzebuerg, well dat ass ganz am Sënn vum Kapital, dären hir Interessen hie vertrëtt. Wa wéinst der Kris kuerzfristeg keng weider Steierreduktioune fir d‘Kapital méiglech sinn, da soll dach wann ech gelift alles esou bleiwe wéi et ass. Dat heescht dat weiderhin, déi schmuel Schëlleren d‘Haaptlaascht vu der Gesamtsteierrecette ze droen hunn, d‘Kapital awer nëmmen dee geréngsten Deel.

Elo gëtt et bekanntlech vill Ongerechtegkeeten am Steiersystem, mee déi gréisste bestinn doranner, datt, datt d‘Kapitalakommes däitlech méi niddreg besteiert gëtt, wéi d‘Akommes aus der Aarbecht an datt déi Räich am Verhältnes däitlech manner Steiere bezuele, wéi Menage mat engem klengen oder mëttleren Akommes.

Mir verzichten drop, dat op dëser Plaz ze verdéiwen, well dozou gëtt et vun der Salariatskummer (CSL) genuch ausgestallte Berechnungen unhand vu konkrete Beispiller, déi alleguerten nëmmen ee Schluss zouloossen: Dat Steiersystem ass genee de Géigendeel vu sozial gerecht!

Wéi eng Argumenter och ëmmer ugefouert ginn, fir der Ëffentlechkeet anzerieden, et géif hei géigewäerteg eigentlech keen Handlungsbedarf am Steierberäich, si lafen alleguerten drop eraus, d‘Diskussioun ëm d‘Steiergerechtegkeet vum Dësch ze kréien, an d‘Fuerderungen no enger héijer Kapitalsteier, Verméigenssteier an Ierfschaftssteier ofzewiergen.

Dobäi ass et grad elo de richtegen Zäitpunkt, fir Reklamm fir eng héijer Besteierung vun de Räichen an dem Grouss- a Finanzkapital ze maachen. Well wann an dëser Hisiicht keng ënnerholl gëtt, wäerten et alt nees déi Lounofhängeg an d‘Rentner sinn, déi fir d‘Kris bezuele mussen. Dohier och d‘Fuerderung vun der KPL, no enger Coronavirus-Steier fir d‘Groussbetriber, d‘Banken an déi Superräich.

Datt déi grouss Regierungs- an Oppositiounsparteien d‘Kapital an déi Superräich zur Kees bidde wäerten, dat ass ausgeschloss an d‘LSAP wëll d‘Diskussioun ëm méi Steiergerechtegkeet souwisou nëmme weiderféieren, well si weess, datt et mat hir keng Räichesteier wäert ginn. D‘KPL dogéint stellt déi richteg Fuerderungen, muss awer als éischt emol méi staark ginn, fir dëse méi politescht Gewiicht ze ginn.

Wichteg ass, datt d‘Gewerkschaften et net dobäi beloossen, sech zu dëser Fro ze äusseren, mee als déi gréisste Bewegunge vun de Lounofhängegen, entspriechend Drock opzebauen, fir dës Steiergerechtegkeet och duerchzesetzen.

„Verhandlunge mat der Regierung wäerte ganz gewëss net zu enger Räichesteier féieren an Diskussioune mat Bänker an Konzernbosser iwwer Steiererhéijunge fir d‘Kapital si vu vireran zum scheitere verurteelt.

Wat bleift ass d‘Kraaft vun de Salariéeën, déi sech awer nëmmen entfale kann, wann d‘Erkenntnis wiisst, datt Steiergerechtegkeet zu de Fuerderungen zielt, déi onbedéngt erkämpft musse ginn. Dat zumindest, wann déi Lounofhängeg net wëllen zu de Verléierer vun den nächste Jore gehéieren.

Matgedeelt vum KPL-President, Ali Ruckert, fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser. D‘Meenung vun de Parteien ass hir eegen.

Illustratioun: © Jon Tyson / unsplash

Related topics Ali Ruckert, kommunistesch Partei Lëtzebuerg, KPL, Steiergerechtegkeet, Steierreform
Next post Previous post