Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

coollove
Mëttelalterfest Useldeng: Eng Zäitrees fir Jonk an Al
Cool Neiegkeeten

Mëttelalterfest Useldeng: Eng Zäitrees fir Jonk an Al

D‘Mëttelalterfest vun Useldeng ass net dat eenzegt Fest a sengem

cooltongue
Neiséiland: War d‘Verhaftung vum Kim Dotcom juristesch korrekt?
Cool Neiegkeeten

Neiséiland: War d‘Verhaftung vum Kim Dotcom juristesch korrekt?

Déi spektakulär Verhaftung vum Kim Dotcom am Joer 2012 soll

Den Hugo, e verkannten Nationalheld?
Cool Neiegkeeten

Den Hugo, e verkannten Nationalheld?

Dir hutt et villäicht matkrut: Mir haten déi ganz Woch

cool

Eng Stad, eng Equippe: d‘Sozialiste maache Wahlkampf

Eng Stad, eng Equippe: d‘Sozialiste maache Wahlkampf

D‘Lat hunn se sech héich gehaangen, d‘Equippe ronderëm d‘Cathy Fayot an de Marc Angel vun de Stater Sozialisten. Si beusprochen d‘Verantwortung an erwaarden sech mindestens sechs Sëtzer am Stater Gemengerot.

Mat 20 Säite Programm, deen sech ganzer 14 Punkten unhëlt, stellen se sech dann och den Ufuerderungen déi eng Modern an dynamesch Stad haut stellt. E Programm zudeem, deen am Team ausgeschafft ginn ass. Säit Januar sinn déi ënnerschiddlech Themen a Sujeten a verschidden Aarbechtsgruppen diskutéiert an definéiert ginn.

Bei genauer Betruechtung gëtt et engem da kloer, datt se net nëmme gewëllt, mee virun allem och bereet sinn d‘Verantwortung ze iwwerhuelen. Et wier schliisslech och un der Zäit, de politesche Wiessel an der Haaptstad ze vollzéien, betount de Spëtzekandidat Marc Angel. Zäit de Promoteuren d‘Heft aus der Hand ze huelen an de Bierger hir Stad erëmzeginn.

Méi Logement, manner Business

Den Deputéierte Marc Angel ass dann och mat der Aktueller Wirtschaft- a Wunnengspolitik vun der aktueller Koalitioun méi wéi nëmmen onzefridden. Et wier net akzeptabel, datt 34% méi Leit an der Stad schaffe wéi der do wunnen. Laut enger Etüd géif sech dat bis 2025 op iwwer 40% erhéijen. Dat kann an dierf net sinn, et misst e Gläichgewiicht hiergestallt ginn.

Fir d‘LSAP-Kandidaten ass et dann och eng schwaach Ausso déi d‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer ëmmer nees virdréit. „Et wier een en Affer vum eegene Succès“, ass dann och fir de Marc Angel de beschte Beweis vun enger verfeelter Wunnengsbaupolitik. E Beweis iwwregens, deen och am Bann vu Gaasperech erbruecht gëtt.

Sech op de schwedeschen Urbanist Jahn Gehl bezunn, huet de Marc Angel dann och kloer gemaach, datt e gudde PAG deen ass, wou fir d‘éischt d‘Liewen, dann de Raum an duerno d‘Gebaier an betruecht geholl ginn. Dat wier dann och nëmme méiglech wann een engem sozialistesche Grondsaz géif trei bleiwen: De Mënsch am Mëttelpunkt.

Bezuelbare Wunnraum

D‘Versprieche vun der aktueller Koalitioun, méi Familljen an d‘Stad wëllen ze kréien, wier net ze erfëlle gewiescht. Schlëmmer nach, déi Zuel wier réckleefeg. E Grond heifir gesäit de Marc Angel bei de Loyeren oder dem Kafpräis vun engem Logement. Et géif es vun näischt genuch: net genuch Soziales, net genuch Moderates.

Dobäi dierft een dann och net de Mëssbrauch vun dréngend noutwennegem Wunnraum ausser Uecht loossen. Op deen elo aus spekulative Grënn eidel stoe gelooss gëtt oder Wunnengen als Büro genotzt ginn, béides dierft net sinn an et misste Mesure geholl ginn deem ze begéinen.

Allerdéngs keng drastesch, wéi ze betounen ass. Strofen oder Taxe wieren net de Wee deen d‘LSAP wëll goen. Villméi sollen d‘Proprietairen iwwerzeegt ginn. Dat ass dann och sécherlech méi einfach gesot wéi gemaach an wéi e Koalitiounspartner déi Iddi soll matdroen och net gewosst.

Eng besser Handel- a Wirtschaftspolitik

Op et schonn eng Undeitung war, mat der CSV eppes zesummen ze maachen, ass bei der Virstellung vum Programm net däitlech zum Ausdrock komm. Mee och d‘LSAP fënnt gefalen un enger Iddi, déi den CSV-Deputéierte Serge Wilmes als Gesetzprojet an der Chamber deposéiert huet: Den Eenzelhandel an de Quartiere fërderen an erhalen.

Hei kann a soll also d‘Gemeng scho beim ausschaffe vum PAP (Plan d‘Aménagement Particulier) dofir suergen dierfen, den Handel ze erhalen. An deem Sënn soll et dann och méiglech sinn, Rez-de-chaussée‘en ze kafen, déi zu engem bezuelbare Präis un appropriéiert Geschäftsberäicher verlount kënne ginn.

Dat ganzt soll awer géintiwwer dem Bierger transparent an novollzéibar bleiwen. Dofir plädéieren d‘Stater Sozialiste fir e Kadaster vun de klenge Butteker. All Joer soll dann och e Bilan gemaach ginn, aus deem ervirgeet wou es genuch ass a wat eventuell gebraucht oder gefrot gëtt.

D‘Zukunft huet e Gesiicht

Fir d‘Kanner an d‘Jugend versprécht d‘Cathy Fayot sech anzesetzen. E vun de grousse Sujeten am Programm dee vun der ganzer Equipe esou matgedroe gëtt. Fir d‘Spëtzekandidatin ass eng vun der Prioritéiten déi eng Gemeng sech muss setzen, d‘Verbanne vum Beruffsliewe mat der Famill. E besonneschen Akzent gëtt hei dann och op d‘Elengerzéier geluecht.

Wat d‘Kanner elo éischter direkt betrëfft, ass d‘Chancëgläichheet. De sozialen Hannergrond dierft hei keng Roll spillen, jidderee muss déi selwecht Méiglechkeete gebuede kréien a notzen dierfen. Dat méiglech ze maachen an ze gestalten, dofir sinn Infrastrukturen a qualifizéiert Personal néideg. Moyenen déi ee sech misst ginn.

Aner wichteg Punkte sinn d‘Sécherheet an a ronderëm d‘Schoulen. Och d‘Iddi vun enger Charta déi mat de Kanner soll ausgeschafft ginn, gëtt hei héich gehalen. Do mécht et dann och Sënn sech kloer fir e permanente Kanner-Gemengerot anzesetzen. Och wier et gutt eng Publikatioun fir d‘Kanner ze schafen, aus där se esouwuel kulturell wéi praktesch Informatiounen, déi hinnen entspriechen, zougedroe kréien.

An enger Equippe steet keen an der zweeter Rei

Optrieden als Equippe, wou sech all Kandidat deem aneren op Aenhéicht begéint, esou presentéiert sech d‘LSAP. An esou huet dann och all Kandidat oder Kandidaten en Sujet méi an der Déift fir sech ugeholl. D‘Ginette Jans huet beispillsweis de sozialpolitesche Volet opgeholl. „Sozialpolitik muss lieweg sinn“, esou d‘Kandidatin, déi zilgruppegerecht Projete wëll entwéckelen.

Fir den Tom Krieps ass d‘Mobilitéit an der Stad, esou wéi se vun der Koalitioun opgebaut ginn ass, engersäits net sécher genuch an anersäits net wierklech iwwerluecht. Hie wëll dann och, datt ee sech fundamental Gedanken iwwert d‘Accidenter mécht. Gläichzäiteg setzt sech den Tom Krieps fir méi Transparenz an, a géif et begréissen, wann och d‘Aarbecht vun de Kommissiounen dem Bierger géifen zougänglech gemaach ginn

De Conseiller Armand Drews fuerdert méi Sportinfrastrukture fir dem demographesche Wandel gerecht ze ginn. D‘Melanie Troian wëll de Patrimoine erhalen an ee systematesche Monitoring am PAG festschreiwen. Fir de Roland Jaeger, als Jurist a Mediateur, sollt eng Gemeng wéi Lëtzebuerg professionell Mediateuren am Haus beschäftegen. Vill Problemer kéint esou schnell an ouni viru Geriicht ze goen léisen.

Foto: D‘Stater Sozialisten, eng Equipe mat zwou Spëtzten, déi sech fir e Paradigmewiessel asetzt (© Martine der Lagardère/moien.lu)

Ähnlech Sujeten Cathy Fayot, LSAP, Marc Angel, Stad Lëtzebuerg, Stater Sozialisten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel