Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fummelt mer net um Internet!
Neiegkeeten

Fummelt mer net um Internet!

Nee, hei geet et net ëm Pornoen um Internet. Op

Den Trump erweidert d‘Douanestaxe géint China a randaléiert virum NATO-Sommet
Neiegkeeten

Den Trump erweidert d‘Douanestaxe géint China a randaléiert virum NATO-Sommet

D‘Trump-Administratioun hëlt den Handelskrich mat China eescht, an no der

De PLZNR ee tschechesche Béier aus Lëtzebuerg
Neiegkeeten

De PLZNR ee tschechesche Béier aus Lëtzebuerg

Ënnert der Bezeechnung „PLZNR“ huet d‘Brauerei „Bare Brewing“ e Pils

D‘Sozialisten zéien de Bilan

D‘Sozialisten zéien de Bilan

Ënnert dem Motto: „Mi hu Wuert gehalen“ huet d‘LSAP e Mëttwoch de Bilan vun hirer Aarbecht während der leschter Legislaturperiod gezunn. Am grousse Ganze sinn d‘Sozialiste mat sech an der Koalitioun am Allgemengen, zefridden.

De Vizepremier Etienne Schneider huet dann emol vir unzefänken, nach emol op d‘Ëmstänn higewisen, déi zur Koalitioun vun dräi Parteie gefouert huet. Et wier sengerzäit net méi méiglech gewiescht mat der CSV zesummenzeschaffen, well am därege „SREL-Dossier“ weder den deemolege Premier Jean-Claude Juncker nach säin Adjoint Luc Frieden éierlech waren.

Et koum zu virgezunnen Neiwahlen, déi zu der – wéi se am Volleksmond genannt gëtt – Gambia-Koalitioun gefouert huet. Eng Koalitioun, déi wann se och op „kollegialer Basis“ gutt Aarbecht geleescht huet, an e fortschrëttleche Regierungsprogramm op d‘Been gestallt huet. E Partenariat allerdéngs, bei deem ee sech bewosst war, datt ee sech och der Kritik géif aussetzen.

D‘Ausgankssituatioun war keng agreabel: d‘Staatsfinanze waren a Matleedenschaft geroden an de Reformstau war impressionnant. Den Etienne Schneider hält nach fest, datt beim Regierungswiessel vill nei Leit a Verantwortung komm sinn, déi bis dohinner nach keng Regierungserfarung haten. An awer hätt dës Koalitioun villes erreecht an zu Enn bruecht, wat d‘Virgänger net hikritt hunn.

Den „ongléckleche“ Referendum

Et gëtt sech och agestanen, datt de Referendum „wéi gedoen“ huet. „D‘Regierung huet net déi Äntwert erhalen déi si sech gewënscht huet“, esou den Etienne Schneider, deen dann awer begréisst, datt ee sech getraut huet. An de Wëlle vun de Leit ass jo dann och respektéiert ginn.

Och beim „Zukunftspak“ géif de Vizepremier villes anescht maachen. D‘Mesure war sengerzäit geduecht, fir d‘Staatsschold ënner 30% ze halen, an en Rei Moossname waren duerchaus néideg. Wat dann awer als „gutt gemengt“ duerchgezu ginn ass, hätt sech um Enn als Falsch erwisen. Misst een et nach eng Kéier maachen, wier de richtege Wee, d‘Steieren ze erhéijen.

„Wann e sech dann awer elo, ee puer Wochen iert d‘Mandat vun der Regierung op en Enn geet, ukuckt wat een als Koalitioun alles erreecht huet, esou sollt een zefridde sinn“, esou den Etienne Schneider. D‘Staatsfinanzen si gutt opgestallt (obwuel richteg vill Geld investéiert ginn ass) an d‘Konjunktur léisst een zouversiichtlech an d‘Zukunft blécken.

Et géif sécherlech nach eng ganz Partie Chantieren, besonnesch am Beräich vum Sozialen, déi missten zu Enn bruecht ginn. Esou kann ee bei der LSAP net zefridde sinn, datt obwuel esouvill erreecht ginn ass, d‘Schéier tëscht Aarm a Räich weider ausenaner gaangen ass. Dat ass dann och ee vun den Haaptpunkten deenen ee sech wëll unhuelen, sollt een nach emol an d‘Regierung kommen.

D‘Gerechtegkeet muss erhale bleiwen

An den Etienne Schneider bréngt et dann och op de Punkt, ëmmerhin hu mir am Oktober Chamberwahlen: „Déi nächst fënnef Joer gi spannend“. Hie bezitt sech mat dëser Ausso op d‘Verännerungen déi d‘Digitalisatioun an d‘Globaliséierung mat sech bréngen. Eng schnell Upassung wier néideg, woubäi déi kënschtlech Intelligenz och dem Salarié muss Virdeeler bréngen.

„D‘Land brauch Maacher a keng Schléifer“, esou de Vizepremier, deem et net gefält, wann op politeschem Niveau versicht gëtt de Leit Angscht virun der Zukunft ze maachen. Et geet also drëms déi nei Technologien esou ze notzen, datt keen „ënnerwee verluer“ geet.

Et war dunn um Fraktiounschef Alex Bodry fir op den Detail vum Bilan anzegoen. Dee betount dann och nach emol, datt d‘Aarbecht nach net eriwwer ass, an déi lescht dräi Woche genotzt musse ginn, fir 35 Gesetzer ze stëmmen. E sécherlech héije Pensum, deen awer den Trend vun de leschte Jore bestätegt. „Dës Regierung huet eng Rekordzuel vun Initiative ervirbruecht“, esou de Bodry.

An am Géigesaz zu der Regierung, hätt d‘Oppositioun, an hei virun allem d‘CSV, nach ni mat esou mann Gesetzprojeten op sech opmierksam gemaach. Dobäi ass dat eigentlech der Oppositioun hir Aufgab, mat Gesetzprojeten op d‘Aarbecht vun der Regierung anzegoen.

Méi kann ee bal net maachen

Wat awer elo den eigentleche Bilan ugeet, esou misst een hei an dräi Kategorien denken. Fir unzefänken, an sollt een der Regierung urechnen, sinn d‘Gesetzesinitiative vun der leschter Regierung weidergefouert ginn. Esou beispillsweis d‘Nationalitéitegesetz, dat, esou den Alex Bodry, eent vun de liberaalsten an Europa ass.

Da goufen enge helle Wull u Reformen duerchgesat, déi och esou an de Programme vun de Koalitiounsparteien enthale waren: Avortement, Trennung vu Kierch a Staat, ëffentlech Finanzen, Staatsrot a SREL, fir nëmmen déi ze nennen. Net ze vergiessen d‘Steierreform, d‘Spidolsgesetz, an d‘Fleegeversécherung. Dat wier eng Sozialpolitik déi sech weise ka loossen.

An zu gudder Lescht huet nach e sëllechen Initiative ginn, déi entweder vun oder duerch d‘Aktualitéit ervirgeruff goufen, mee sech och opgrond der gudder finanzieller Lag vum Land erginn hunn: Rifkin, Space-Mining, Reform vum ëffentlechen Déngscht, Reform vun de spezial Congéen an de Retour zum „Index-System“.

Um Niveau vun der Aussepolitik hätt sech Lëtzebuerg, net zu gudder Lescht e Verdéngscht vum Jean Asselborn, och vu senger beschter Säit gewisen. Aus der Flüchtlingsfro wier zu Lëtzebuerg kee Politikum gemaach ginn, et hätt ee Verantwortung iwwerholl an d‘Gestioun wier exemplaresch.

Mat „eegenen“ Iddien an de Wahlkampf

Den Alex Bodry begréisst et, datt et leschten Ëmfroen no de Leit am Land gutt geet. Dat wier sécherlech der gudder Konjunktur zouzeschreiwen, mee och enger beispillhafter Regierungspolitik. Eng Politik déi innovativ ass an zu engem gemeinsame Bilan gefouert huet. Hei ka keen eppes „erauspicken“. Dat verhënnert net, datt d‘LSAP mat ganz eegenen Iddien an de Wahlkampf geet.

Fir de Parteipresident Claude Haagen, deen dat mam gemeinschaftleche Bilan och esou gesäit, ass et wichteg de Leit ze soen, datt d‘Regierungsparteien op Aenhéicht zesummegeschafft hunn. Dat verhënnert net datt ee mat engem eegene Programm optrëtt, deen den 12. Juli am Tramsschapp virgestallt gëtt. Eng vun den Ursaachen, firwat een dozou beim Bilan net méi gewuer ginn ass.

Op ee sech eventuell schonn drop agestallt hätt nach emol esou eng Koalitioun anzegoen? Den Etienne Schneider stellt dozou fest: „mir hunn net den Usage zu Lëtzebuerg Koalitiounen am Virfeld ze klären“. D‘LSAP léisst sech also all Optiounen op, a verléisst sech do op de Wieler. Sollt deen eng Weiderféierung wëllen, géif ee sech deem net verschléissen.

Déi aner Parteie sollten awer wëssen, datt et rout Linne gëtt, déi mat de Sozialisten net iwwerschratt kënne ginn. Wie mat der LSAP eng Regierung wëll, dee muss wëssen datt et zu enger Erhéijung vum Mindestloun (mindestens 100 Euro) muss kommen, net um Pensiounsregimme ka gefréckelt ginn an ee gefällegst d‘Fanger vum Index ze loossen huet.

Foto: (v.l.n.r.) Alex Bodry (LSAP-Fraktiounspresident), Etienne Schneider (Vizepremier an LSAP-Spëtzekandidat am Zentrum), Claude Haagen, LSAP-Parteipresident. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Alex Bodry, Bilan, Claude Haagen, Etienne Schneider, LSAP
Nächsten Artikel Virrechten Artikel