Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Russesch Hyperschallrakéit ass Asazbereet
International Neiegkeeten

Russesch Hyperschallrakéit ass Asazbereet

Moskau huet confirméiert, datt zanter dem leschte Freideg, déi éischt

surprise
Gespréichsbedarf: Kolloquium vun de Kader aus dem Rettungsdéngscht
International Neiegkeeten

Gespréichsbedarf: Kolloquium vun de Kader aus dem Rettungsdéngscht

Eng 270 verantwortlech Kader vun der Protection Civile, de Pompjeeën

Eng nei Formatioun am Lycée Privé Emile Metz
International Neiegkeeten

Eng nei Formatioun am Lycée Privé Emile Metz

De Lycée Privé Emile Metz (LPEM) bitt ab der Rentrée

34 Joer jonk Sozialistin iwwerhëlt Finnland

34 Joer jonk Sozialistin iwwerhëlt Finnland

Nom Récktrëtt vum Premierminister Antti Rinne soll déi aktuell Verkéiersministerin Sanna Marin, d‘Regierungsgeschäfter iwwerhuelen. Den Antti Rinne war no engem Sträit ëm d‘Post-Reform genéidegt gi säi Mandat zréckzeginn. D‘Sanna Marin ass vun de Sozialdemokraten als Nofolgerin bestëmmt ginn.

Et war eng knapp Majoritéit, déi et am Rot vun de regéierende Sozialdemokrate ginn hat, mee et ass sech awer fir d‘Sanna Marin, Vizepresidentin vun der Partei entscheet ginn. D‘SDP hat d‘Wahlen am Abrëll gewonnen, a stellt esou och de Regierungschef. D‘Sanna Marin géif mat senge 34 Joer zu de jéngste Staatscheffen op der Welt zielen. Ass den Alter a Verbindung mam Mandat vertrietbar?

Dozou d‘Sanna Marin: „Ech hu mir Gedanken iwwert mäin Alter oder mäi Geschlecht gemaach, ech denken iwwert d‘Grënn no, déi mech an d‘Politik bruecht hunn“. Zum neie Mandat an dem politesche Programm heescht et, datt et Koalitiounsprogramm gëtt deem sech verflicht ginn ass. Domatter dierft „Kontinuitéit“ dat richtegt Wuert fir hir politesch Ausriichtung sinn.

Finnland„Mir hu vill Aarbecht virun eis fir d‘Vertrauen nees zréckzegewannen“, esou déi zukünfteg nei a jéngste Regierungscheffin vu Finnland. Si muss wuel nach d‘Zoustëmmung vun den Deputéierte kréien, wat awer éischter dierft als Formalitéit ze betruechte sinn. En Dënschdeg jiddefalls wäert d‘Sanna Marin vum Parlament als Premierministesch vu Finnland vereedegt ginn.

Grond fir dëse Changement? Déi lescht Woch war den Antti Rinne no engem zolitte Sträit an der Koalitioun zréckgetrueden. Déi u senger Regierung bedeelegt Zentrumspartei hat him no engem wochelaange Sträit ëm d‘Post-Reform d‘Vertrauen entzunn an domatter gedreet d‘Koalitioun platzen ze loossen. Dem Ministerpresident ass näischt iwwreg bliwwe wéi säin Hutt ze huelen…

mat indymedia/hel

Foto: Sanna Marin, 34 Joer jonk Mamm gëtt wuel zu jéngster Staatscheffin op der Welt. All fënnef Koalitiounsparteie a Finnland ginn iwwregens vu Frae geleet. © William Doyle

Ähnlech Sujeten Finnland, Ministerpresidentin, Sanna Marin, SDP, Sozialdemokraten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel