Search

You may also like

Kenns du dës Lëtzebuergesch Riedensaarten?
Neiegkeeten

Kenns du dës Lëtzebuergesch Riedensaarten?

[onionbuzz quiz-id=61][/onionbuzz] Riedensaarte ginn et an eiser Sprooch der vill.

Helsinki: Informelle Meeting vun de Justiz- an Inneminister beréit iwwert Flüchtlingskris
Neiegkeeten

Helsinki: Informelle Meeting vun de Justiz- an Inneminister beréit iwwert Flüchtlingskris

Nodeems déi europäesch Inneminister bei hirem klenge Sommet zu Helsinki

Grouwebrand zu Zowaasch
Neiegkeeten

Grouwebrand zu Zowaasch

Wéi de CGDIS matgedeelt huet, hat e Méindeg Virmëtteg an

An nach e Sozialplang am Bankesecteur

Wann et esou virugeet, passt déi gesamt Lëtzebuerger RBC-Filial an ee Smart „for 4“

An nach e Sozialplang am Bankesecteur

Aus dem gemeinsame Communiqué vun LCGB an OGBL ass ze enthuelen, dat déi zu Esch-Belval installéiert Filial vun der kinneklech-kanadescher Bank (RBC Investor & Treasury Services), 2021 nach emol de Routstëft usetzt, firwat weider Aarbechtsplaze mussen ofgebaut ginn.

Et ass net fir d‘Éischt, datt d‘Kanadier esou virginn. 2013 goufen eng éischte Kéier 210 Salariéeën erausgehäit; dëst Joer sinn 201 Zäitverträg net erneiert ginn. Wéi vill et der 2021 soll sinn, huet RBC nach net matgedeelt, mee wéineg dierften et der net sinn, bezunn op de Sozialplang. Dee vum leschte Joer leeft zudeem nach bis zum 31. Januar 2021, an hei soll RBC eng op 3 Méint begrenzte Verlängerung bestanen hunn.

An dësem Kontext, a well d‘Gewerkschafte jo och net vun der Heck gepléckt sinn, gouf de Brot séier geroch, an och d‘Rumeuren iwwert ee weideren Aarbechtsplazofbau waren net ze iwwerhéieren. Grond genuch eng Entrevue fir muer de 27. November unzefroen. Elo ass dann awer säit gëschter gewosst, datt d‘Jalone gesat sinn. Dat geet aus de leschten Nouvelle vum europäesche Betribscomité an enger mail un d‘Personal ervir.

D‘e-Mail entstaamt aus der Fieder vum CEO Francis Jackson, an dëse weist däitlech drop hinn, datt sech 2021 vu weidere Mataarbechter muss getrennt ginn. Wann ee sech dierf sécher sinn, datt LCGB an OGBL alles wäerten dru setzen, datt de gesetzleche Kader vum Sozialplang agehale gëtt, esou ass et och erlaabt eppes verwonnert ze sinn, dat déi fir de Secteur representativ ALEBA, bis ewell nach net reagéiert huet.

Illustratioun: © Juliana Malta / unsplash

Related topics ALEBA, Bank, Esch-Belval, LCGB, OGBL, RBC, Sozialplang
Next post Previous post