Search

You may also like

Den Ierfgroussherzog Guillaume ass eisen neie Scoutechef
Neiegkeeten

Den Ierfgroussherzog Guillaume ass eisen neie Scoutechef

E Freideg 4. Oktober huet den Ierfgroussherzog Guillaume a Presenz

Ankara versicht et mat Zensur
Neiegkeeten

Ankara versicht et mat Zensur

Ufank Juli hat sech den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan,

money
China: E Sommet fir eng nei Weltuerdnung
Neiegkeeten

China: E Sommet fir eng nei Weltuerdnung

Zu Peking huet gëschter de sougenannte Seidestrooss-Sommet ugefaangen, wou während

Sozialplang bei BCD Travel

25% vun den Aarbechtsplaze stinn um Spill

Sozialplang bei BCD Travel

Den 10. November huet de Reesbüro „BCD Travel“ – eng Entreprise mat 40 op Geschäftsreese spezialiséiert Mataarbechter – ugekënnegt e Sozialplang maachen ze mussen. De Reesbüro, dee maximal vun der Covid19-Pandemie betraff ass, huet wuel zanter Mäerz vum partielle Chômage kënne profitéieren, mee ugesiichts der Situatioun, kéim et net laanscht Licenciementer.

Elo weist de Syndikat „Déngschtleeschtungen & Energie“ vum OGBL dann awer drop hin, dat den Tourismussecteur vun der Regierung als besonnesch gefäerdet ugesi gëtt an esou och vu partikulare Konditioune profitéiere kann. Esou gouf decidéiert, datt et fir d‘Entreprisen aus dësem Secteur keng Begrenzung vun den a Kuerzaarbecht geschéckte Mataarbechter gëtt. Dozou gëtt et eng Konditioun.

Um Freideg hunn sech de Wirtschafts- an den Aarbechtsminister zesumme mat de Sozialpartner op eng Reegelung verstännegt, bei där et den Entreprisen aus den als „vulnerabel“ ausgewisene Secteure méiglech soll sinn, bis zu 25% vun de Mataarbechter dierfen ze entloossen. Den OGBL – eenzeg an der Entreprise vertruede Gewerkschaft- huet de 16. November d‘Gespréicher opgeholl.

Eng ganz Branche ass betraff

Säitens der Gewerkschaft heescht et, datt ënner Berécksiichtegung vun de besonneschen Ëmstänn, d‘Prioritéit muss beim der Sécherung vun den Aarbechtsplaze leien. Datt och oder grad well et an der Covid19-Pandemie net vill Optiounen um Aarbechtsmaart gëtt. Et ass also wichteg, datt déi richteg Mesuren, wéi déi sozial Begleedung, d‘Offer vu Formatiounen asw.., ugebuede ginn.

Zudeem ass jo BCD Travel net déi eenzeg impaktéiert Reesagence. Datt de Secteur et schwéier géif kréie war dem OGBL zäiteg bewosst, firwat d‘Gewerkschaft da schonn am Juli mam der ULAV (de Beruffsverband vun de Reesagencen) Kontakt opgeholl huet, fir ee sektorielle Plang fir den Erhalt vun den Aarbechtsplazen auszeschaffen. Natierlech huet d‘Patronat den Dialog refuséiert.

Dat kéint engem ze denke ginn, datt et dem Secteur guer net esou schlecht goe kann. Ëmmerhi kéint esou en Instrument sech jo als probat erweisen, a sougenannt „dréche Licenciementer“ verhënneren. Mee wou géif et mam Patronat higoen, wann een och nach géif d‘Besoinen an d‘Perspektive vun de Lounofhängege berécksiichtegen. Net datt déi och nach op emol wéilte respektéiert ginn…

Illustratioun: An de Reesbüroen/Reesagencen ass d‘Stëmmung schlecht, an eigentlech ka kee fir dat wat hei geschitt. Elo kéint ee mengen, datt d‘Patronen an d‘Salariéen an engem selwechte Boot sëtzen, wat awer offensichtlech net de Fall ass. Fir d‘Mataarbechter muss de Rettungsrank duergoen d‘Patrone gënnen sech d‘Rettungsinsel. Sozial Verantwortung iwwerhuele war an ass net Hires… © Nich Fewings / unsplash

Related topics BCD Travel, OGBL, Reesagencen, Reesbüro, Sozialplang, Syndikat Déngschtleeschtungen an Energie, Tourismus, ULAV
Next post Previous post