Search

You may also like

D’Lëtzebuerger Zaldoten zeréck am Heemechtsland
Neiegkeeten

D’Lëtzebuerger Zaldoten zeréck am Heemechtsland

Leschten Donneschdeg sinn d’Membere vum drëtte Kontingent vun der Lëtzebuerger

E Buch vun a fir Iech: „Leo, de klenge Chameleon“
Neiegkeeten

E Buch vun a fir Iech: „Leo, de klenge Chameleon“

Houfreg presentéiert SO Graphiste säin neist Wierk „Leo, de klenge

D‘ADR an d‘Koalitiounsregierung: eng Story ouni Happyend?
Neiegkeeten

D‘ADR an d‘Koalitiounsregierung: eng Story ouni Happyend?

Et war eng – duerch d‘Chamberwahlen am Oktober – eppes

Sozialplang bei der Guardian – D‘Gewerkschaft verlaangt eppes Zäit

Et ass scho villes bannent engem Mount geschitt, elo heescht et um Ball bleiwen

Sozialplang bei der Guardian – D‘Gewerkschaft verlaangt eppes Zäit

Datt d‘Gewerkschaften eng wichteg Roll am Dissens tëscht Patronat a Salariat spillen, gëtt oft genuch ënnerschätzt, dobäi wier jidderee gutt beroden, Member vun enger Gewerkschaft ze sinn. D‘Beispill „Guardian“, no der Fusioun vun de Standuerter Luxguard I (Diddeleng) an II (Käerjeng) ënnersträicht dat nees ganz beispillhaft.

Mëtt August hat den OGBL zesumme mat de Personaldelegatioune vu Luxguard I an II däitlech gemaach, datt hir Prioritéit doranner besteet de Sozialplang ze verhënneren. Dat ass wuel net ganz gelongen, mee zumindest konnt den Impakt zolidd reduzéiert ginn. Vun den 201 vum Sozialplang betraffe Salariéeën, bleiwen no haarde Gespréicher nach 62 Mataarbechter iwwreg.

Och dat sinn der eendeiteg ze vill, firwat den OGBL sech nach en Delai ugefrot huet, fir mat de Sozialpartner no weidere Léisungen ze sichen, an d‘Zuel vun den effektiven Entloossungen nach eppes weider ze reduzéieren. Den Alain Rolling, hat um Méindeg nach eng Reunioun mat de Vetrieder vun der Direktioun, an huet oppe begréisst, datt an engem Mount vill erreecht konnt ginn.

U sengem grondsätzlechen Ierger allerdéngs ännert dëse positive Punkt wéineg. Hie weist drop hin, datt déi elo virleiend Léisunge vum OGBL an de Personaldelegatioune geschafe goufen. Et gouf näischt ausgelooss: de fräiwëllegen Ofgang, d‘Preretraite, de Reklassement, d‘Ausléinen asw… et gouf esouguer Arrangementer mat Pôle Emploi am Frankräich. Et wier net de Moment nozeloossen.

Leider sinn se bei der Guardian net gewëllt dem OGBL méi Zäit ze vergënnen. Hei well een elo endlech de Sozialplang duerch- an ëmsetzen. Dat huet dann nees zur folleg, datt sech den Alain Rolling nach eppes méi „däitlech“ iergert. Déi schéngen sech net bewosst ze sinn, datt et heibäi ëm Mënschen, hir Familljen an Existenze geet. Et wier en däitleche Mangel u Respekt ze spieren.

Dobäi sinn den OGBL an d‘Personaldelegatioune fest dovunner iwwerzeegt, datt sech och fir déi verbleiwend 62 Mataarbechter eng Léisung ka fanne loossen. Well den Alain Rolling elo awer net wierklech méi mat Guardian erausschloe kann, wëll hien nees den Aarbechts- an de Finanzminister sollicitéieren, fir datt déi eppes Drock maachen, an hien seng Aarbecht maache loossen.

Geséchert ass den Ament awer schonn, datt weder den OGBL nach d‘Personaldelegatiounen d‘Absicht hunn nozeginn. Et ass wuel keen einfache Wee, mee et muss een dëse bis un de Wupp goen, fir ee Maximum u Leit aus hir Lag ze befreien. An och wann et elo zum Sozialplang kënnt, sollten si sech bei Guardian op wierklech haart Verhandlungen astellen. Et ass nach net eriwwer.

Foto: © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics Diddeleng, Guardian Europe, Käerjeng, Landwirtschaftsminister, Luxguard, OGBL, Sozialplang
Next post Previous post