Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Hanukkah als Fest vum Liichterwonner
matchmaking in pubg mobile

What the Fakt – Hanukkah als Fest vum Liichterwonner

Et ass d’Zäit vun de Feierlechkeeten. Heibäi sollt een sech

https://moien.lu/free-agent-dating/
matchmaking in pubg mobile

De CIGL-Esch luet an op seng Randonnée „Roude Buedem“

E Samschdeg 26. Januar organiséiert den Zenter vun der lokaler

Irakesch Buedemtruppe befreien Tal-Afar
matchmaking in pubg mobile

Irakesch Buedemtruppe befreien Tal-Afar

Bagdad zelebréiert d‘Befreiung vun Tal-Afar, eng vun de leschte vum

Sozialplang bei Mahle / Mahle-Behr

Sozialplang bei Mahle / Mahle-Behr

De 6. November waren d‘Gewerkschafte LCGB (Majoritär) an OGBL vun der Personalvertriedung vum däitsche Grupp Mahle / Mahle-Behr iwwert d‘Absichten, den Entwécklungsstanduert Féiz ze schléissen informéiert ginn. Datt d‘Direktioun et net fir néideg fonnt huet d‘Gewerkschaften ze informéiere gëtt hei ausdrécklech bedauert.

Mahle / Mahle-Behr huet sech zu Lëtzebuerg am Joer 2015 néiergelooss. Dat nom Opkaf vum Departement „Thermik“ vun der Entreprise Delphi zu Käerjeng. Déi hu jo och eng „gewëssen“ Erfarung wat kollektiv Entloossunge betrëfft. Woubäi déi däitsch Geselle sinn och keng Kanner vun Trauregkeet. 2017 hat Mahle / Mahle-Behr eng 60 Mataarbechter entlooss, dat mam Argument datt d‘Divisioun vu Lëtzebuerg kee Produktionsstanduert wier, hat awer versprach de Site bäizebehalen.

Bei der Argumentatioun zur definitiver Schléissung vum Standuert Féiz, bezéien sech déi däitsch Manager op de Fakt, datt nom Sozialplang vun 2018, de Betrib net méi iwwert déi noutwenneg Kompetenze verfüügt fir de stännegen Evolutioune vum Automobilsecteur Rechnung ze droen. Dat kënnt dovunner wann ee seng „Käpp“ entléisst. Woubäi dat awer zweiwelsfräi esou virgesi war.

Dat gesinn de LCGB an OGBL och esou: „dës Schléissung war premeditéiert“ heescht et säitens dem LCGB. Betount gëtt dat duerch déi däitlech Verweigerung sozial Verantwortung géintiwwer de Salariéeën ze iwwerhuelen. Hei kann ee scho bal behaapten, datt Mahle / Mahle-Behr absichtlech d‘Existenze vun 80 Mataarbechter op d‘Spill setzt. D‘Gewerkschafte sinn entspriechend rosen…

Bei Mahle / Mahle-Behr sollt ee sech da schonn emol drop astellen, datt d‘Gewerkschaften all legal Mëttel ausschëpfe wäerten, déi hinnen zur Verfügung stinn, fir d‘Rechter an d‘Uspréch vun dësen 80 Salariéeën ze verdeedegen. Déi weisen iwwregens galant drop hin, datt en Instrument wéi de Reklassement (CDR) op nationalem Niveau och hëlleft séier am Fall vu kollektiven Entloossunge reagéieren ze kënnen an esou d‘Leit an Aarbecht gehale kënne ginn. Just Patrone wëllen dat net.

Illustratioun: Gerd Altmann / Pixabay

Ähnlech Sujeten Féiz, LCGB, Mahle, Mahle-Behr, OGBL, Sozialplang
Nächsten Artikel Virrechten Artikel