Search

You may also like

U Bord vun der ALAN KURDI: Onbeschreiflech Berichter vu gerettete Flüchtlingen
Neiegkeeten

U Bord vun der ALAN KURDI: Onbeschreiflech Berichter vu gerettete Flüchtlingen

D’Mënscherechtsbeobachterin vun der Rettungsorganisatioun Sea-Eye huet zwee Iwwerliewender interviewt, déi

Covid-19: Quarantaine an Isolatioun ginn oft net agehalen
Neiegkeeten

Covid-19: Quarantaine an Isolatioun ginn oft net agehalen

Gëschter Owend huet de Gesondheetsministère seng Retrospektive zu den neien

Lëtzebuerger Sprooch Wuertschatz, Webinaire, Dictionnaire
Neiegkeeten

Lëtzebuerger Sprooch Wuertschatz, Webinaire, Dictionnaire

Eng nei Publikatioun mat Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch, e

Restrukturatioun am Stolsecteur erzwéngt Tripartite

D‘Chefetage vun ArcelorMittal, d‘Regierung an d‘Gewerkschaften hate gëschter eng éischt Entrevue iwwert den annoncéierte Sozialplang

Restrukturatioun am Stolsecteur erzwéngt Tripartite

Nodeems den indesch-lëtzebuergesche Stolkonzern déi lescht Woch ugekënnegt huet, datt ee sech misst vu 570 Eenheeten am Kontext vun den humane Ressource misst trennen, dat well de ganze Marché zur Stonn mat villfältege Problemer ze kämpfen huet, haten d‘Gewerkschaften direkt den Appell fir eng „Tripartite-Siderurgie“ lancéiert, dee vun der Regierung ënnerstëtzt ginn ass.

An enger Welt, vun där nach ëmmer behaapt gëtt, datt de Maart alles reegelt, ass de Mënsch gläich de Wueren an/oder Materialien nach just eng „Ressource“ där ee sech méiglechst belibeg a flexibel sollt bedéngen dierfen. Esou zumindest d‘Siicht vun den Employeuren, déi sech anersäits och vun deselwechte Leit erwaarden, iwwer Moos ze konsuméieren, wëll dat hire Profit steigert… ëmmer.

Well et sech awer gehéiert eppes ze temporiséieren, huet den CEO vun ArcelorMittal Lëtzebuerg, Roland Bastian dann emol aleedend erkläert, datt een am Konzern zur Conclusioun komm ass, datt fir d‘Zukunft vum Konzern an de Profit vun den Aktionären ze assuréieren, sech eng Rei Mesuren opdrängen. Dozou gehéiert da folgerichteg och d‘Fräistelle vun humane Ressourcen.

Hien hat dann och schonn emol duerchblécke gelooss, datt all Beräicher a Secteure vum Konzern wäerte betraff sinn. Et ginn deemno och administrativ Poste geaffert. ArcelorMittal huet awer och signaliséiert, den Detail mat de Sozialpartner klären ze wëllen. Gëschter um hallwer fënnef gouf et dann déi éischt Entrevue um Aarbechtsministère a Presenz vum Wirtschaftsminister Franz Fayot.

Et war déi éischt vu erwaartbar villen Tripartite-Sëtzungen, déi den Dan Kersch presidéiert huet. Heibäi ass et da gëschter awer emol fir unzefänken drëms gaangen, datt all concernéierten Acteur, säi Gesiichtspunkt an Erwaardunge virgedroen huet. Et war een also nach wäit vum Gestreits ewech an den Toun och éischter frëndschaftlech. Kuerz no 18 Auer war dëst éischt Treffen da gedoen.

Nom „tour de table“ huet de Vertrieder vum OGBL, Stefano Araujo, festgehalen, datt et dat vun alle Parteie verfollegt Zil ass, eng gemeinsam Léisung ze fannen, mee ee fir den Ament nach keng fir all bedeelegten Acteur konvergent Positioun fonnt huet. Hie bedauert zudeem, datt de Vertrieder vun ArcelorMittal, eigentlech just déi zanter leschter Woch bekannten Aussoe widderholl huet.

Dat gesäit de Mann vum LCGB, Robert Fornieri, änlech an och hien ass no dëser éischter Entrevue net iwwerzeegt. Hie bedauert, datt ausser „Entloossungen“ keng Proposen um Dësch leien. Jo net emol iwwer déi längst verhandelt Investitioune géif nach rieds goen. Et wäert also nach spannend ginn, mee fir den Ament heescht et sech emol sammelen. Den nächsten Date hu se de 6. Oktober.

Illustratioun: © Ant Rozetsky / unsplash

Related topics ArcelorMittal, Dan Kersch, Fränz Fayot, LCGB, OGBL, Restrukturéierung, Robert Fornieri, Roland Bastian, Stefano Araujo
Next post Previous post