Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Analys: Déi militäresch Interventioun a Syrien ass ofgeschloss
International Neiegkeeten

Analys: Déi militäresch Interventioun a Syrien ass ofgeschloss

Den Donald Trump mat senge briteschen a franséischen Alliéierten, sinn

Zweet Editioun vun Beachdref war ee grousse Succès!
International Neiegkeeten

Zweet Editioun vun Beachdref war ee grousse Succès!

Dëst Joer war erëm vum 11. Juli bis den 5. August

Mäerderescht Orkandéif Friederike suergt fir vill Chaos
International Neiegkeeten

Mäerderescht Orkandéif Friederike suergt fir vill Chaos

Den Orkan Friederike huet en traurege Bilan hannerlooss: néng Doudeger

Eng sozialpolitesch „Revolutioun“ an Italien

Roum huet entscheet elo d‘Biergerakommes auszebezuelen

Eng sozialpolitesch „Revolutioun“ an Italien

Déi „populistesch“ Regierung an Italien hat versprach dat neit „Biergerakommes“ nach virun den EU-Wahle vum Mee auszebezuelen, an huet Wuert gehalen. Et soll déi Bedierfteg ofsécheren an d‘Wirtschaft nees lancéieren. Mee et gëtt esouwuel Gewënner wéi Verléierer…

D‘EU-Kommissioun war an ass net begeeschtert vun der italienescher Entscheedung, an och am Land selwer gëtt et Skeptiker. Während Bréissel sech um Biergerakommes stéiert, well et de Staatshaushalt aus der Balance bréngt, stellt d‘Oppositioun d‘Gläichbehandlung vum System a Fro. Dat well d‘Regierung entscheet huet, jidderengem entspriechend senger Situatioun ze hëllefen.

Et war Transparent

Säitens de Kritiker gëtt dann elo behaapt, datt d‘Regierung dës Informatioun zréckgehale, wann net esouguer verschleiert hätt. Dat ka vun dëser Säit aus dementéiert ginn, ëmmerhin haten d‘Medien am Mäerz all d‘Informatiounen detailléiert virleien – mir haten ausféierlech bericht an drop higewisen, datt wie gutt opgepasst huet, däitlech am Virdeel wier – an hunn dat alles weiderginn.

Interessant allerdéngs, wann ee bedenkt datt gutt all 12. Italiener usprochsberechtegt ass, d‘Unzuel vun den Demande wäit ënnert den Erwaardunge läit. D‘Belaaschtung fir de Staatshaushalt dierft also wiesentlech meng kleng ausfalen, wéi dat vu Bréissel gefaart ginn ass. Et léisst zudeem de Schluss zou, datt déi reell Aarmut an Italien eppes manner ausgepräagt ass, wéi een ugeholl huet.

Gudden Timing

Et ass allerdéngs schonn e clevere politesche Schachzuch, d‘Biergerakommes virun den EU-Wahlen un déi berechtegt Demandeuren auszebezuelen. Net eleng datt hei en zentraalt Wahlversprieche voll a ganz ëmgesat gëtt, et ginn och nach all déi op d‘Plaz gesat, déi sech dësem soziale Projet an de Wee gestallt haten, ugefaange mat den Eurokraten. An dat nennt een da wuel „Punktlandung“…

Woubäi ee sech elo hei näischt virmaachen dierf. D‘Biergerakommes (vergläichbar mam däitschen Hartz IV System) ass ganz kloer eng gutt Saach, dierf engem awer net d‘Sënner verniwwelen a vergiessen doen, wien d‘Leedung vum Land huet. D‘Koalitioun vun M5S a Lega Nord ass a bleift rietskonservativ ausgeriicht. Si ass friemefeindlech an anti-europäesch, dees muss e sech bewosst sinn.

mat indymedia/rom

Foto: Nieft dem Biergerakommes, datt gemooss un der Verméigensverhältnisser ënnerschiddlech ausfale kann, ass et och zu enger Revalorisatioun vun de Rente komm. (cc) Tibor Janosi / Pixabay

Ähnlech Sujeten Biergerakommes, EU-Wahlen, Italien, Lega Nord, Movimento 5 Stelle
Nächsten Artikel Virrechten Artikel