Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wanteraktioun 2018/2019: Ee Réckgang an alle Beräicher!
Neiegkeeten

Wanteraktioun 2018/2019: Ee Réckgang an alle Beräicher!

Säit 2001 organiséiert d’Lëtzebuerger Regierung all Joer d’Hëllefaktioun am Wanter,

D‘Nationalbibliothéik plënnert
Neiegkeeten

D‘Nationalbibliothéik plënnert

Plënneren, datt kennt ee vun doheem (oder Frënn) an dat

dislikesurprise
Editorial: Ass et nach zäitgeméiss hautdesdaags en Eefamilljenhaus ze bauen?
Neiegkeeten

Editorial: Ass et nach zäitgeméiss hautdesdaags en Eefamilljenhaus ze bauen?

Eppes Polemik um Méindegmuere ka net schueden an esou ass

Sozialversécherung: De Bilan vum Joer 2017

Sozialversécherung: De Bilan vum Joer 2017

D’Generelinspektioun vun der Sozialversécherung (IGSS) verëffentlecht säin 43. Rapport zur Sozialversécherung vum Joer 2017. Dëse Bericht presentéiert op detailléiert Aart a Weis d’Evolutioun vun de Recetten an Ausgabe vun de verschiddene Regimmer vum Sozialschutz. Donieft ginn och d’Charakteristike vun de Begënschtegen, Analysen zu den Déngschtleeschter, sou wéi déi erbruechten Déngschtleeschtungen an d’Betreiung vun de verschiddene Regimmer ënner d’Lupp geholl.

Schlësselzuelen zum Joer 2017

D’Recettë vum Sozialschutz sinn 2017 op 13.729 Milliounen Euro geklommen, wat eng Progressioun vun 4,4% zum Joer 2016 duerstellt. D’Ausgabe leien dogéint bei 12.442 Milliounen Euro, wat eng Erhéijung vun 6,7% zum Joer 2016 ass. De Bilan vum Joer 2017 presentéiert also ee positive globale Solde vun 1.286 Milliounen Euro, wat 2,3% vum PIB bedeit.

Komme mir also elo zu den Déngschtleeschtungen. Am Beräich vum Alter an dem Iwwerliewe leie mir bei engem Taux vun 39,6% woumat hei déi wichtegst Ausgaben am ganzen Ensembel vum Sozialschutz ernimmt gi sinn. Geet een der Rei no, sou kënnt uschléissend de Beräich Krankheet a Gesondheetsfleeg mat 24,9%, dann de Beräich Famill mat 15,4%, dann d’Aarbechtsonfäegkeet mat 10,7%. De leschte genannte Beräich regruppéiert d’Invaliderent, Krankegeld an d’Pensioun bei engem Accident, d’Akommes fir schwéier handicapéiert Leit an d’Déngschtleeschtunge vun der Fleegeversécherung.

De Chômage, d’Prepensioun an déi verschidde Mesurë bei der Aarbecht, déi zesummen zum Beräich Chômage gehéieren, representéieren 5,4% vum Ensembel vun den Déngschtleeschtungen. Uschléissend kënnt de Beräich vum Logement an der sozialer Ausschléissung mat 4,0%. An de leschte 15 Joren huet d’Struktur just liicht geännert duerch ekonomesch, demografesch an/oder institutionell Ännerungen.

Op der Säit vun de Recettë kann een 4 Quellen erauszéien: de Pouvoir public mam Employeur (50,5%), de geschützte Persounen (23,9%), d’Employeuren ausserhalb vum ëffentleche Secteur (20,1%) an aner Quellen (5,1%). Dës Opdeelung zielt fir den Ensembel vum System vum Sozialschutz, mee all Regimm kann hei säin eegene Finanzéierungsmodell opstellen.

Am Regimm vun de Krankheete louch Lëtzebuerg 2017 bei 835.002 Persounen. Ënnert hinne sinn 69% Leit kotiséiere selwer an 31% profitéiere vun der Kotisatioun vun engem Zweeten. Kuckt een elo den Aarbechtsmarché, sou sinn 65,5% vun de protegéierte Persoune Residenten a 34,5% keng Residenten. Och wa si net hei wunnen, gehéiere si trotzdeem zum Sozialschutz, sou wéi si och dovu profitéieren.

De Fokus um Congé Parental

Um 1. Dezember 2016 ass de Congé Parental reforméiert ginn, sou datt d’Flexibilitéit gefërdert gëtt an d’Persounen am Congé trotzdeem eng méi generéis Paie wéinst der Vertriedung kréien. D’Zuele vun 2017 weisen een enorme Succès an och de Präis vum Erfolleg vun dëser Reform. Am Dezember 2017 hunn 8.251 vum Congé Parental profitéiert. Am Dezember vum Joer virdrun waren et der just 4.720 Leit. Mëttlerweil weise virun allem d’Pappen Interessi um neien Elterecongé, an dat mat 45% (2016 waren et 25%). D’Ausgaben duerch de Congé hu sech allerdéngs verduebelt: 2016 waren et 84 Milliounen Euro, ee Joer drop louche mir bei 166 Milliounen Euro.

Genau Detailer vum Rapport, sou wéi de Verlaf an de Jore kann een op www.isog.public.lu fannen. Duerch den Excel-Format vun de Statistike kënnen all interesséiert Persounen d’Donnéeën selwer nokucken an auswäerten.

Ähnlech Sujeten Congé Parental, IGSS, Rapport 2017, Sozialversécherung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel