Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Resolutiounen zu Venezuela am UN-Sécherheetsrot gescheitert
https://moien.lu/shy-guy-dating-advice/ WTF

traduction en français de speed dating

Am UN-Sécherheetsrot hu se sech gëschter nees mam Venezuela beschäftegt,

war day matchmaking
https://moien.lu/shy-guy-dating-advice/ WTF

Nationale Sécherheetsberoder brauch en neie Job

A Bezuch op den Ëmgang mat sengem „Personal“ ass ee

Deal oder No Deal?
https://moien.lu/shy-guy-dating-advice/ WTF

Deal oder No Deal?

De Boris Johnson leescht verbatterte Widderstand, mee seng Géigner –

surprise

Sozialversécherung: d‘Prioritéite vun 2018 sti fest

Sozialversécherung: d‘Prioritéite vun 2018 sti fest

De Sozialversécherungsminister Romain Schneider huet en Dënschdeg, déi fir 2018 wichteg Dossiere virgestallt, an d‘Geleeënheet genotzt, fir sech e Réckbléck op 2017 ze erlaben, dat, wéi ee sollt gewuer ginn duerchaus positiv war.

Esou wier mat der grousser Reform vun der Fleegeversécherung, esouwuel d‘Qualitéit erhéicht, déi gewënschte Flexibilitéit erreecht an de Besoine vun de Concernéierte Rechnung gedroe ginn. Déi administrativ Prozedure vereinfacht an de Finanzement esou ofgeséchert ginn, dat de Regimm vun der Fleegeversécherung och der gesellschaftlecher Entwécklung entsprécht.

Méiglech wier dat gewiescht, well esouwuel d‘Acteuren um Terrain (COPAS), d‘Gesondheetskeess (CNS) an d‘Autoritéit déi fir d‘Evaluatioun an d‘Kontroll (AEC) vun der Fleegeversécherung, un engem Strang gezunn hätten. Esou war et méiglech op déi individuell Ufuerderunge vun de Patienten anzegoen. Mat der Aféierung vun der Qualitéitskontroll gëtt dann elo och ee Suivi.

Begréisst huet de Minister Romain Schneider dann och déi nach 2017 getätegt Revalorisatioun vun de Carrièren. Dat esouwuel am Spidolssecteur (FHL) wéi och de Gesondheetsdéngschter (SAS). Heit hätt seng Engagementer gehalen, wat och dorunner ersiichtlech ass, datt déi Budgetär Enveloppe entspriechend ausstafféiert ginn ass.

Déi grouss Chantiere vun 2018

Wat d‘Reform vun der Gouvernance ubelaangt, wou de Gesetzprojet am Juni 2016 agereecht ginn ass, an deen zu enger méi moderner Sozialversécherung soll féieren, an där och d‘Missioune vun den eenzelen Organer besser definéiert wäerte ginn, esou ass den Avis vum Staatsrot agaangen, an et ass een zouversiichtlech, datt et nach virum Fréijoer zur Ofstëmmung an der Chamber kënnt.

Mat der Reform vun den Zousazversécherungen, wou de Gesetzprojet am September 2016 agereecht ginn ass, geet et primär ëm d‘Modernisatioun vum gesetzleche Kader. Dee staamt nach vun 1961 an huet et batter néideg „entstëbst“ ze ginn. Hei wëll een dann och däitlech ënnerscheeden, tëscht reng kommerziellen an net profitorientéierten Offeren.

Dann ass do och nach d‘Reform vun der Zousazpensioun (PenCom), wou de Gesetzprojet am Mäerz 2017 agereecht ginn ass. Hei ass et awer éischter esou, datt d‘Regierung endlech d‘Direktiv 2014/50/UE aus dem Abrëll 2014 an nationaalt Reecht muss ëmsetzen. Bei dëser Geleeënheet huet een awer och wëlles de Selbstännegen an den Assurancen „entgéint“ ze kommen.

Transparenz ass ëmmer gutt

Beim Kompensatiounsfong, esou de Minister Romain Schneider, hätt ee ganz grousser Wäert op eng sozial verantwortlech a nohalteg Politik geluecht. Fir sécher ze stellen, datt hei keng onethesch Investitioune stattfannen, gi reegelméisseg ONGe consultéiert. Zudeem gëllt hei de Prinzip vun der 100%er Transparenz an alles gëtt verëffentlecht, esou datt ee sech selwer iwwerzeege kann.

Zu der Krankeversécherung esouvill: bei der Sëtzung vun der Quadripartite am Oktober 2017 sinn eng Rei Verbesserunge festgehale ginn. Esou ginn d‘Ausgabe fir Kanner bis 18 Joer zu 100% iwwerholl, schwéier a chronesch Krankheete ginn am Kontext vum Remboursement berécksiichtegt an un enger Modernisatioun vun de Standarden ass geschafft ginn.

Vum universelle Versécherungsschutz, wéi e vun der ONG Doktere vun der Welt (MdM) gefuerdert gëtt, ass dann awer nach wäit ewech. Gutt de generaliséierten Tiers-Payant ass besser ginn, an och beim sozialen Tiers-Payant mécht ee Fortschrëtter. Eise Recherche no awer nëmmen do wou den Office Social sengem Optrag gerecht gëtt, an datt bei wäitem net iwwerall de Fall.

Verantwortung iwwerhuelen

Well et och dem Minister net gutt zu Gesiicht steet, wann d‘Patienten zu Lëtzebuerg emol ze laang op en Termin fir en IRM musse waarden, schléit de Romain Schneider vir, där einfach emol véier Stéck ze kafen an anzesetzen. Déi Propose soll nach an déi budgetär Enveloppe vun 2019/2020 afléissen. Bis déi dann do sinn, falls se kommen, heescht et also sech gedëllegen.

Zum prinzipiellen Accord dee mat der UEL an dem OGBL (den LCGB wollt do net matmaache seet de Minister) am Bezuch op d‘Iwwerschreide vun 52 Woche „Krankeschäin“ fonnt ginn ass, esou kënnen dat 26 Woche sinn. D‘Iwwerschreidung muss awer vun der betraffener Persoun ugefrot a begrënnt ginn. De Kontrolldokter vun der Sozialversécherung préift dat dann entspriechend.

De Minister konnt also, bis op eenzel Punkten déi esou net dierfte Satisfaktioun bruecht hunn, am grousse Ganzen op eng gutt Aarbecht 2017 zréckblécken. Fir 2018 läit nach villes un, an den Debat ëm den Tiers-Payant an der Chamber versprécht spannend ze ginn, woubäi et eigentlech wichteg wier och den universelle Versécherungsschutz an dësen Debat ze integréieren.

Foto: De Minister Romain Schneider huet en zouversiichtleche Bléck op 2018 geworf. Op d‘Leit dat och esou gesinn, an op se sech bei de Chamberwahlen dorunner erënneren… © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Romain Schneider, Sozialversécherung, Tiers Payant
Nächsten Artikel Virrechten Artikel